|
Allerhellegen A - 1.11.2021
Léif Matchrëschten! Däischter a kal, jo och als depriméierend gëtt vu ville Mënschen den November empfonnt. Awer fir eis als Chrëschten fänkt dëse Mount haut mat engem Fest a mat Trouscht un. Um Fest vun allen Hellegen héiere mir wéi de Jesus grad all déi Mënschen als séileg bezeechent, déi vläicht net onbedéngt ëmmer esou zu deene Gléckleche gehéieren. Hie versprécht ee grousse Loun bäi Gott. Mir sinn elo agelueden eis un dëser Freed mat ze freeën. Kyrie
Dagesgebiet
Allmächtegen an éiwege Gott, du schenks eis d’Freed, um Fest vun haut d’Verdéngschter vun allen dengen Hellegen ze feieren. Erfëll op d’Gebiet hin vun esou villen Firspriecher eis Hoffnung a schenk eis däin Erbaarmen. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Dieu éternel et tout-puissant, tu nous donnes de célébrer dans une même fête la sainteté de tous les élus; puisqu’une telle multitude intercède pour nous, réponds à nos désirs, accorde-nous largement tes grâces. Par Jésus Christ. Liesungen: Offb 7, 2-4.9-14 / 1 Joh 3, 1-3 / Mt 5, 1-12a Lesung aus der Offenbarung des Johannes. Kv Aus allen Völkern hast du sie erwählt, die dein Angesicht suchen, o Herr. Lesung aus dem ersten Johannesbrief. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid! Ich will euch erquicken. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture de l’Apocalypse de saint Jean. PSAUME (Ps 23 (24), 1-2, 3-4ab, 5-6) Lecture de la première lettre de Saint Jean. Alléluia. Alléluia. Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau, dit le Seigneur, et moi, je vous procurerai le repos. Alléluia. Évangelie de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
An deene leschte Wochen konnt een ëmmer emol an de soziale Medien sou kleng spaasseg Biller gesinn, déi mat enger gewësser Ironie d’Corona Moossnamen op d’Schëpp huelen. Mëttlerweil weess wuel jiddereen, wat an deem Kontext mat 3 G oder 2 G gemengt ass. Eent vun dëse Biller weist de Péitruss bäi der Himmelsdier mat engem Tablett-Computer, deen dann d’Leit, déi wëllen erakommen, kontrolléiert, op si da lo wierklech dozou berechtegt wieren. 3 G fir an den Himmel ze kommen heescht dann laut dem Bild: gedeeft, gefirmt, gestuerwen. No kuerzem Nodenken muss een dann allerdéngs ë bëssi stutzeg ginn. Wien gëtt zou gelooss an den Himmel? Dee leschten G fir gestuerwen mécht lo nach net ee Problem. Hei an der Welt si mir wuel kaum am Himmel. Eis Welt ass voller Leed, Nout a Misär, voller Ongerechtegkeet an ouni Fridden. Am Liewen erliewe mir an deene seelenste Fäll eng Situatioun, wou mir dauerhaft wéilten oder kéinte bleiwen, wou mir also och kéinte soen: Hei hunn ech mäin Himmel fonnt. Also musse mir wuel stierwen fir an den Himmel ze kommen. Mä da stinn déi aner zwee G’en: gedeeft a gefirmt. Sinn dat echt d’Konditiounen fir an den Himmel ze kommen? Fréier hätt ee Paschtouer wuel an enger Priedegt genee dat esou gesot. D’Heel (das Heil) gouf et nëmmen an der Kierch. (Extra ecclesiam nulla salus.) Dat Bild erënnert mech genee dorun. Net gedeefte Kanner sinn an der Virstellung jo an ee ganz extrae Raum komm awer eben net an den Himmel. Ass dat net eng fierchterlech Virstellung, eng fierchterlech Ongerechtegkeet? Wat kann ee Mënsch, deen ni eppes vu Jesus Christus héieren huet, derfir dass hie kee gleewege Chrëscht ass? Sinn all déi Mënschen, déi net Chrëscht sinn, déi an aneren Kulturkreesser opgewuess sinn, verdaamt ginn? Dat ass eng krass Virstellung, déi eis haut net kann zefridde stellen. Mä wat sinn dann d’Krittären fir an den Himmel ze kommen? Ech versiche mol een anere Wee a spillen mat der 3-G-Reegel. Als éischt fält mir an: “gutt sinn”. Ee Mënsch, dee gutt ass, ass sécher um Wee an den Himmel, oder? Guttheet ass dach eng Dugend, déi eis als Mënschen a ville Situatiounen kann auszeechnen. Wéi wier et, wann de Péitruss un der Himmelsdier dee G géif nopréiwen? Eis Guttheet am Liewen, dat ass, mengen ech, méi wäert, wéi dass mir gedeeft oder gefirmt sinn. Ee gudde Mënsch ass a mengen Aen een, dee sécher eng grouss Chance huet, fir do uewen an den Himmel kënnen anzetrieden. Also ee G fir eis Guttheet. Ee weidere G kéint fir Gerechtegkeet huelen. Sinn ech am Liewen gerecht gewiescht? Hunn ech als ee gerechte Mënsch all meng Matmënschen gerecht behandelt? Hunn ech fir Gerechtegkeet a mengem Ëmfeld gesuergt? Och dat wier mat Sécherheet ee G, dee méi iwwer eis ausseet wéi gedeeft oder gefirmt. Gott kuckt ganz sécher och dorop, op ech esou gehandelt hunn a mengem Liewen an dëser Welt. Mä dann hunn ech nach eng aner Iddie: hänkt just alles vun deem of, wat ech als Mënsch maachen oder och net? Ass Gott esou een klengen Ierbessenzieler, dass hien alles notéiert an dorop hi beurteelt? Dat kann ech perséinlech net gleewen. D’Bibel schwätzt ëmmer nees dervun, dass Gott eis gär huet. Mir sinn vun him “geliebt”, wéi et op däitsch heescht. An och dësen drëtte G gefält mir wesentlech besser. Gott huet mech gär. “Ich bin immer schon von Gott geliebt.”, sou kéint ee soen. Fir an den Himmel ze kommen ass dëst dat Wesentlecht. Gott huet de Mënsch gär an all senge Manifestatiounen. Gott schenkt eis des Léift, ouni dass mir eppes als Géigeleeschtung misste maachen. “Seht, welche Liebe uns der Vater geschenkt hat.” (1 Joh 3,1) Eigentlech misst de G vun “geliebt” als éischten do stoen. Gott huet mech als Mënsch ëmmer scho gär a wann ech dat a mir spieren, da sinn ech selwer fäeg fir gutt a gerecht ze sinn, fir selwer Léift ze verschenken an dëser Welt. D’Léift, déi ee geschenkt kritt, mécht een zu engem Mënsch, dee gutt a gerecht ass. Een Hellegen huet dat wuel esou gespuert, och wann hien net alles perfekt a sengem Liewe gemaach huet. Et zielt, dass de Versuch gemaach gëtt fir gutt a gerecht ze sinn. Natierlech kann een nach aner Wäerter derbäi rechnen. Mä wichteg ass, dass mir als Mënschen de Versuch maachen an dëser Welt dat ze realiséieren. Am wichtegsten ass a bleift awer dann dëse G fir „geliebt“. E steet dofir, dass mir vu Gott ugeholl sinn an dass hien eis ëmmer schonn seng Léift geschenkt huet a weider schenkt. Meng 3-G-Reegel fir an den Himmel heescht deemno: “geliebt, gut, gerecht”. Fürbitten
Gott huet eis an der Daf schonn erléist. An der Gemeinschaft vun allen Erléisten am Himmel wéi och op der Äerd biede mir voller Vertrauen:
Hellegen a staarke Gott, verbonnen mat allen Hellegen luewen an éiere mir dech duerch Jesus Christus am Hellegen Geescht, elo an an all Éiwegkeet. Amen. II
«Voyez quel grand amour nous a donné le Père», nous rappelait la deuxième lecture. Puisque nous sommes les enfants de Dieu, présentons-lui nos intentions avec confiance et espérance. Seigneur, entends notre prière. – Pour les petits, les humbles et les pauvres chez qui nous ne savons pas toujours reconnaître le visage de Dieu, prions le Seigneur. – Pour les artisanes et artisans de paix, afin qu’ils continuent à faire preuve de miséricorde pour leurs semblables, prions le Seigneur. – Pour les saints et saintes que nous rencontrons sur notre route, afin que chacun et chacune persévèrent dans les voies de l’amour, prions le Seigneur. – Pour notre communauté, avec toutes ses richesses et ses pauvretés, afin qu’elle grandisse en joie, en harmonie et en sainteté, prions le Seigneur. Dieu qui nous rassembles en ce jour avec les saints et saintes de tous les lieux et de tous les temps, garde nos cœurs en paix. Ne laisse pas les épreuves et les artifices de ce monde nous détourner de toi. Nous te le demandons, par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
Här, eise Gott, huel des Gowen entgéint, déi mir um Fest vun haut duerbréngen. Mir gleewen, datt deng Helleg béi dir liewen an datt Leed an Doud si net méi beréieren. Erhéier hiert Gebiet a looss eis erfueren, datt si eis ganz no bleiwen a fir eis antrieden. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Daigne accepter, Seigneur, l’offrande que nous te présentons en l’honneur de tous les saints; nous croyons qu’ils vivent désormais près de toi: accorde-nous de sentir aussi qu’ils interviennent pour notre salut. Par Jésus. Schlussgebiet
Gott, du eleng bass helleg, dech éiere mir, wa mir un déi Helleg denken. Stäerk duerch déi Sakrament an eis d’Liewen vun der Gnod a féier eis op dengem Wee zu der éiweger Freed a Gemeinschaft, wou’s du selwer d’Vollendung vun allen Hellege bass. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dieu qui seul est saint, toi que nous admirons et adorons en célébrant la fête de tous les saints, nous implorons ta grâce: quand tu nous auras sanctifiés dans la plénitude de ton amour, fois-nous passer de cette table, où tu nous as reçus en pèlerins, au banquet préparé dans ta maison. Par Jésus.
|