Merci Ricardo Monteiro

September 2017


Home Go Back Print Kontakt Parbüro

Am September wäert eise Kaploun Ricardo Monteiro eng nei Plaz untrieden an dofir eis Par verloossen. Déi zwee Joer wou de Ricardo ënnert eis gewierkt huet, säin Engagement fir déi gutt Noriicht vu Jesus Christus ze verkënnegen, ware leider ze séier eriwwer. Duerch seng mënschlech an onkomplizéiert Manéier huet hie vill Leit kenne geléiert, hien huet séier Sympathien fonnt. Jiddereen, deen him begéint ass, huet gemierkt: De Ricardo ass e Mann vun den einfachen a klore Wierder, net vu komplexer Theologie an Therorie, mä vu mënschlecher Wäermt, vu jugendlecher Spontanitéit, geprägt vu sengen portugieseschen Wuerzelen. Hien ass einfach gären do, wou Mënsche sinn. E gudden Drot huet hien zu deenen Jonken, eise Massendénger awer och besonnesch zu de Guiden a Scouten, déi quasi seng éischt Noper waren vum Paschtoueschhaus zu Lënster.
Och ville Familljen ass hie begéint duerch d’Sakrament vun der Daf, Virbereedung op d’Kommunioun oder d’Krëppespill op Helleg Owend, fir nëmmen e puer Punkten vu senger villfälteger Aarbecht bei eis ze nennen. Seng technesch Fäegkeeten bei munchem Projet waren eng echt Hëllef. Och wa mir hien net gäre goe loossen, et ass nëmme normal, datt hien elo nei Verantwortung iwwerhuelen a nei Erfahrungen maache muss. An eiser momentaner pastoraler Situatioun waart vill Aarbecht op hien, awer seng mënschlech Qualitéiten a säin feste Glawen wäerten him sécher hëllefen, och dës nei Erausfuerderungen mat vill Vertrauen unzehuelen.
Mir wëllen dem Ricardo vun Häerze Merci ze soen an him all Guddes wënschen fir säi weidere Wee. Dir hutt Geleeënheet him Äddi ze soen: Sonndes, den 16. Juli um 10.45 an der Mass zu Lënster (duerno Empfank am Centre Culturel) oder dee selweschte Sonndeg um 18.30 bei der „offizieller“ Abschiedsmass an der Basilika zu Iechternach, wou duerno en Empfank am Kräizgank ass.

Francis Erasmy


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement