Déi hell an déi däischter Säiten

Editorial aus dem Parbréif 2/2021


Home GoBack Print Kontakt

Nom Krich krut d’Basilika nei Fënsteren, an ee vun de Kënschtler, déi duerch e Concours ausgewielt goufen, war de François Gillen (1914-1997). De François Gillen ass e „richtegen“ Eechternoacher Jong, deen och hei gebuer a gestuerwen ass, deen awer vill Joren (Studium a kënschtlerescht Schaffen) am Ausland verbruecht huet, dovunner eng parti Joren zu Paräis. Hie ka sécher zu de ganz grousse Lëtzebuerger Kënschtler gezielt ginn, deen sech och am Ausland a Numm gemaach huet. Nieft der Basilika fanne mer zu Iechternach nach vill aner Wierker vun him, z.B.: Dënzelt (Fënsteren), Péiter-a-Paul (Fënsteren), Spidol-Kapell (Fënsteren), Morgue um Kierfecht (Mosaik), Post (Mosaik), um Séi (Skulptur), Haus Hartmann (Mosaik), Sportshal (Mosaik).

Fir d’Basilika huet de François Gillen am Mëttelschëff (Nordsäit uewen) Perséinlechkeeten duergestallt, déi mat der Abteigeschicht ze dinn hunn. An am Queerschëff déi „Sieben Freuden der Allerseligsten Jungfrau“ an „Sieben Schmerzen Mariens“ kréeiert. D’Fënsteren am Queerschëff, déi ee leider nëmme gesäit, wann ee sech an de Chouer traut, gehéieren zum Beschten. Net nëmmen wéi se gemaach sinn, mä och d’Manéier, wéi de Kënschtler mam Liicht schafft: op der däischterer Nordsäit, wou nëmme wéineg Dagesliicht era kënnt, a wou d’Sonn ni ze gesinn ass, déi traureg Zeenen aus Maria hirem Liewen. Dogéint op der Südsäit déi frou Säiten, wou et hell ass, a wou iwwert vill Stonnen d’Liicht era schéngt.

Dës Fënsteren stellen am Fong geholl e Bild fir eist Liewen duer. Déi lescht Joren ware mir - zumindest vill vun eis - op der „Iwwerhuelspuer“ ënnerwee. An elo, ausgebremst duerch d’Pandemie vum Covid-19, geet et méi lues virun, gesi mer d’Welt mat aneren Aen. Engersäits erliewe mer eng Katastroph, déi alles an Otem hält, a wou munch Existenz um Spill steet: Dat ass déi däischter Säit. Anerersäits gesi mer lo villes an engem anere Liicht, gesi mer lo vläit méi kloer, wat wierklech wichteg ass, wat eis liewen deet a wouriwwer ech mech free kann: Dat ass déi hell Säit.

An eiser Welt an a mengem Liewen gehéieren déi zou Säiten zesummen, déi frou a sonneg Säit, an déi däischter, traureg. Ech ka mer et net eraussichen. Awer, fir beim Bild vum François Gillen senge Fënsteren ze bleiwen: wann d’Liicht vu baussen era fällt, da kritt op eemol alles säi Sënn a seng Faarf. Réischt mam Liicht ginn d’Fënsteren an hir Detailer erkennbar, mat allem wat se duerstellen. Ouni dëst Liicht sinn dës Konschtwierker sënnlos. An dat ass déi reliéis Dimensioun: Et ass d’Liicht vum Härgott, dat alles hell mécht. De Jesus seet: „Ich bin das Licht der Welt. Wer mir nachfolgt, wird nicht in der Finsternis umhergehen, sondern wird das Licht des lebens haben.“ (Joh 8,12)

Mat dësem Liicht kann ech dat Trauregt an dat Schéint identifizéieren, an et kritt vläit souguer e Sënn. Well vun deem Ablack un, wou ech dem Härgott säi Liicht a mäi Liewen era loossen, si souguer déi däischter Stonne net méi richteg däischter. Et gëtt kee Moment deen esou däischter wier, datt net SÄI Licht et méi hell maache kéint.

D‘Edith Stein (1998 Helleg gesprach) gouf an hirem Liewen dacks mat däischtere Säite konfrontéiert a schliisslech vum NS-Regime 1942 mat 51 Joer am KZ Auschwitz-Birkenau ëmbruecht. Si schreift: „Ihr sollt sein wie ein Fenster, durch das Gottes Güte in die Welt hineinleuchten kann.“ A wie kéint dat méi glafwürdeg soen, wéi si?

Ech wënschen eis alleguer, grad elo wou mer eis mat der Däischtert vum Covid-19 erëm ploe mussen, datt mer d’Liicht vum Härgott ëmmer nees era loossen kënnen an eist Liewen! An datt et trotz allem eng gutt Faaschtenzäit gëtt, déi eis op d’éiwegt Liicht vun Ouschteren hiféiert.

Francis Erasmy
Wer bist du, wahres Licht das mich erfüllt
und meines Herzens Dunkelheit erleuchtet?
Du leitest mich wie die Hand einer Mutter,
und ließest du mich,
ich wüsste keinen Schritt zu gehen.
Du bist der Raum, der rund mein Sein umschließt
und in sich birgt.
Aus dir entlassen
versänke es im Abgrund, in dem Nichts,
aus dem du es zum Sein erhobst.
Du, näher mir als ich mir selbst
und innerlicher als mein Innerstes
und doch ungreifbar und unfassbar,
Du, Heiliger Geist! Ewige Liebe!
Edith Stein

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement