Liens . Links
Agenda
 

Por Öewersauer Saint-Pirmin

Aktuelles

Gebietswoch 2026

Mir si frou, Iech op eis Gebietswoch ze invitéieren. Et ass eng ganz intensiv Woch, wou mir eis all Owend treffen, fir op eng aner Manéier ze bieden.
Sief et am Taizégebiet, bei de Kräizer zu Béiwen oder zu Dol am Trëppelen, oder einfach doheem mat enger Käerz... Et gëtt esou vill Méiglechkeeten, mee all Gebiet ass immens wäertvoll...
Kommt einfach mat eis bieden!


Mat Elan a Seegen an dat neit Schouljoer

Hei kënnt Dir eis Kanner- a Familljemass zum Ufank vum Schouljoer lauschteren a kucken.
Gleewen ass lieweg a mécht frou!


Allerhellegen an Allerséilen 2026

Et ass nach e bëssen bis Allerhellegen an Allerséilen. Mee hei ass de Massen- a Kierfechtplang vun dësem Joer!


Porblat

Dat neit PORBLAT 2026/6 ass do.
Et geet vum 27.09.2026 bis den 29.11.2026! De Programm vun Allerhellegen an Allerséilen ass dran, Wëssenswäertes iwwer d’Schmäerzensmamm vu Baschelt, a nach vill aner Interessant a spannend Saachen! :-)

Vill Freed beim Duerchbliederen! 🤗

Klickt wgl. op d’Bild fir eranzeluussen!


De Gedanke fir den Dag

Hei fannt Dir den aktuelle Gedanke fir den Dag!

De Gedanke fir d’Famill

Hei ass de Gedanke fir d’Famill fir den Oktober!

Et ass e klengen Impuls fir mat de Kanner doheem ze maachen! Mir wënschen Iech e gudde Moment zesummen!


De Livestream vun der Sonndesmass aus der Heischter Kierch

An der Regel ass all zweete Sonndeg Mass zu Heischent an der Kierch.
Dës Mass iwwerdroe mir am Livestream op eisem Youtube-Channel. Hei kënnt Dir all d’Masse kucken a lauschteren, déi iwwerdro ginn.

An och all aner Produktiounen vun eiser Por, wéi Filmer, De Gedanke fir den Dag, asw. sinn op eisem Youtube-Channel.

Luusst einfach bis eran!

https://www.youtube.com/channel/UC9Sf1ey0yeynnFbTqud4NwQ


Wee wëll an eiser Por matmaachen?

Wëlls du bei eis als Benevol matmaachen?
Bei der Katechees, bei der Kommioun, der Firmung, de Jonken, als Lektor/in, als Kameramann, -fra beim Livestream oder soss entzwousch, da mell dech bei eis.

Mir géifen eis freeën!

Kontakt
Paschtouer Marco Wehles Tel.: +352 83 92 11
Pastoralreferentin Stéphanie Kasel Tel.: +352 691 474 402
E-Mail: Por Öewersauer
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement