Pilgerfahrt op Lourdes – Andréck vum Vincent

Participatioun un der Diözesaner Pilgerfahrt op Lourdes vum 25. bis den 31. Juli 2017

Éier ech ufänken, well ech soen, dass et fir mech net déi éischte Kéier zu Lourdes war. Schonns zënter dem Joer 2009 pilgeren ech emol d’Joer op Lourdes, an dëst op ënnerschiddlech Manéier: 6 mol mam Bus, zesumme mat den Häre Michel Majeurs a Joël Zanter, souwéi 2 mol mam Fliger. Lourdes war fir mech vun der éischte Kéier uns eng ganz besonnesch a beandrockend Plaz, wou ech zesumme mat dausende vun aner Pilgerinnen a Pilger aus aller Welt zesumme mäin Glawe liewen a verdéiwe kann.

Elo an dësem Joer hat ech d’Chance kenne mam Seminär zesumme mam Här Präses Patrick Muller an 200 aner Lëtzebuerger souwéi den Diözesen Metz a Verdun op Lourdes mam TGV ze pilgeren. Dëst begleet vun de Foulards Blancs déi sech em déi krank Leit bekëmmeren. Folgend halen ech meng Andréck vun dëser Rees fest:

1.) Erfahrunge mat de Kranke bei de Foulards Blancs

Wann d’Leit mech froen, waat ech dann virdrun gemaacht hunn, erzielen ech ëmmer mat enger gewësser Leidenschaft vu mir, dass ech e Bürosmensch sinn, an dës Arabescht mat Freed verriichten. Dowéinst hat ech schonns vill Respekt an och Angscht wéi et geheescht huet: „Mir fuere mat deene Krank op Lourdes, an et gëtt eng Hand mat ugepaakt“. Erfahrung mat geeschteg a kierperlech ageschränkte Leit hunn ech schonns méi dacks gesammelt gehat, allerdéngs kann ee vill falsch maachen an et gëtt dofir dann deemno wei keng „Backspace-Tast“. Wei laang hunn ech wuel Zäit, bis deen eichte seet: „Ma da lass Vincent!“? Mat deenen a nach honnerten anere Gedanken am Gepäck ass et dann fir mech op Lourdes gaangen.

Séier war kloer, dass et Moies frei um 6 Auer ugeet, also heescht dat um 5 Auer opstoen. Zesumme mat menge Matbridder si mir nei agekleet ginn an dunn ass et an de Schlofsall gaangen, wou 6 Leit geschlof hunn. Schnell huet sech erausgestallt, dass all Hand gebraucht gëtt. De grousse Virdeel war, dass ech an eng harmonesch Équipe era komm sinn, déi sech schonns zënter Joerzéngte kennt a ganz genau weess, wéi den Hues leeft.

Vum 3. Dag un, war dann och kee grousse Problem mei, d’Ofleef waren dunn bekannt, an de Jacques an ech hun eis em déi Lenks, den Samuel an de Yves em déi riets Säit bekëmmert, woubäi et awer och ëmmer nees zu Iwwerschneidunge koum, wann nach een zousätzlecht puer Hänn gefrot ginn ass. Sou koum et dann, dass mir all Moies gudd 1,5 Stonn gebraucht hun, fir 5 Leit (dee 6. war selbststänneg) fir de Kaffisdësch fäerdeg ze maachen.

Ech hat schonns ëmmer Respekt viru der Arbescht am Pflegesekteur, wou een mat allméiglechem waat een sech denke kann a Kontakt kennt. Dëse Respekt ass vis-à-vis vun de Foulards Blancs nach e Stéck geklommen, well déi Leit sech an hirer Fräizäit engagéiere fir dass krank Leit d’Méiglechkeet hun un der Wallfaart op Lourdes deel ze huelen. D’Aarbecht déi geleescht gett ass noutwenneg an d’Resultat erfëllt iwwerräich. Ze gesinn, wat een doduerch fir déi Leit mëscht, an och, waat sie kennen an zeréck ginn, ass eng ganz schéin Erfarung fir déi ech, trotz ville Bedenken, ganz dankbar sinn.

2.) Erfahrunge mam Pilgergrupp vun eiser Diözes

Niewent de schwéier Kranken, sinn nach jonk a virun allem Leit, déi jonk bliwwen sinn mat op dës Wallfaart gaangen. Duerch hieren Alter hunn sie vill Freed a Leet am Laaf vun hirem Liewen erlieft a sinn sou an hirem Glawe gefestegt ginn.

Doduerch dass ech duerch den Zuch getrëppelt sinn, hat ech ëmmer nees intressant Momenter vu Gespréich, wou mir zum Deel déif beweegent Erfarunge vu Leed matgedeelt goufen, déi d’Leit och 50 Joer dono nach mat sech droen. Doniewent awer och vill frou a flott Momenter, souwéi och ëmmer erëm Zousproch a Courage u meng Persoun. Intressant a flott hun ech och Rencontres fonnt, déi ausserhalb vum grousse Grupp entstane sinn. Sief et bei de Käerzen, op enge vun de Brécken, oder wann et engem einfach méiglech ass, de Léit kleng Gefalen z‘erfëllen.

Mir sinn zu Lëtzebuerg eng kleng Kierch, a si wäert mat Sécherheet leider an deenen nächste Joren ëmmer méi kleng ginn. Dëss Kierch trefft sech zu Lourdes. Ech fannen et intressant an och erstaunlech, dass ech sou vill Léit kennen, an sie mech selwer och. Sief daat elo direkt oder iwwer e puer Ecker. De Virdeel ass, dass een op eppes opbaue kann, wouraus sech nees nei an intressant Gespréicher entwéckelen.

3.) D’Prëssiounen zu Lourdes

Zu Lourdes ginn et niewent deenen offizielle Pressiounen och nach ganz vill perséinlech Pressioune vun deenen eenzele Pilgergruppen. Sief et elo, wann mir Lëtzebuerger eis opstelle fir op d’Foto ze goen oder awer och, wann mir eis Käerzen ufänken fir dass wann mir net méi do sinn eis Uleies weider brennen. Schéin hunn ech och fonnt, wéi sech e Grupp vun +- 100 jonken Englänner sech em d’Muttergottesstatue an der Mëtt vum Sanctuaire opgestallt an e grousse Krees ronderëm gebilt hunn, fir esou mat der Muttergottes an hirer Mëtt hir Uleies weider un den Härgott ze ginn.

D‘Eucharistesch Pressioun, déi all Dag um 17°° Auer lass geet, an an der grousser ënnerierdescher Basilika hiren Schluss fënnt ass all Mëttes op e neits beandrockend. Dausende Léit versammelen sech, fir de Jesus an hirer Mëtt ze begréissen an hien direkt em Kraaft a Stäerkt ze froen.

E ganz besonnesche Moment as deen, wann um 21°° Auer d’Liichterprëssessioun ufänkt. Genau fir dëst huet Lourdes och eng gewësse Berühmtheet an der ganzer Welt kruut. Zu Éieren vun der Muttergottes hun ech mech duerfen Owend fir Owend mat deenen anere Pilgerinnen a Pilger an d’Pressioun stelle fir Muttergottes ze veréieren. Als gleewege Lëtzebuerger hun ech schonns vu klengem uns eng Relatioun zu Maria, der Tréischterin am Leed. An tëschent Lourdes a Lëtzebuerg gëtt et och eng Verbindung an de wäisse Foularden. Foulards Blancs droe dësst jo mat der Buschtawe „NDL“, fir „Notre Dame de Lourdes“, et kéint een et awer och mat „Notre Dame de Luxembourg“ iwwersetzen, wann een et net weess.

4.) D’Liturgië mat de Lëtzebuerger zu Lourdes

D’Mass bei der Grott vu Massabielle ass ëmmer erëm op e neist een Highlight. Dëst Joer huet eise Grupp se zesumme mat de Leit vu Mëtz gefeiert. Sou waren ongeféier 700 Leit ze summe komm. Genau do wou d’Fra a wäiss dem Bernadette erschéngen ass, hunn mir dierften an enger Mass, all eis Uleies an d’Hänn vum Härgott leeën. Fir mech perséinlech ëmmer e ganz besonnesche Moment. Dëst Joer war et dann awer fir mech d’Kierch vum Hellege Jousef, déi fir mech mat dem beandrockende Kräiz wäert an Erënnerung bleiwen, well ech an dëser duerch den Här Generalvikar, a Vertriedung vum Här Äerzbëschof d’Admission krut. Foularde waren e bessien iwwerrascht dass ech an der Bänk platz geholl hat. Wei ech hinnen awer d’Erklärung ginn hun, hat ech den Androck, dass verschiddener méi opgereegt ware wéi ech. Meng Bereetschaft z‘erklären ass mir net schwéier gefall, well ech wusst, dass ech dëst fir déi Léit a mengem Réck, souwéi fir nach vill aner Leit maachen. Fir d’Gottesvollëk aus dem Gottesvollëk sinn ech dunn offiziell ënnert d’Weiekandidate vun eisem Äerzbistum opgeholl ginn.

Zum Schluss well ech gäre soen, dass et fir mech eng ganz intressant, schéin a léierräich Pilgerfaart war. Ech war erstaunt, souvill positive Luef z’erfuere mat e puer mool der Bemierkung „…et war jo dee schwéiersten Dortoir deen dir do haat…“ Ech perséinlech kann och hei nëmme widderhuelen, wat ech schonns als Äntwert gesot hun: Dass ech net weess, wéi et an aneren Zëmmeren ausgesinn huet, mee dass et fir mech, och Dank der gudder Zesummenaarbecht, eng ganz beräicherend Aarbecht war, déi ech trotz e puer gudde Stonne manner Schlof wei gewinnt, Dag fir Dag gäre gemaacht hun, well ech d’Leit och ëmmer besser kenne geleiert hun. Sou si mir da Stéck fir Stéck zesumme gewues an hun duerch d’Aarbecht a d’Gebiet zesummen iwwert d’Maria dem Härgott Merci gesot, dass säin Hellege Geescht eis hei zesumme gefuert huet. Lourdes ass a bléift fir mech eng „lieweg Tankstell“ fir de Glawen opzefëlle fir déi vill Weeër déi Doheem op eis waarden.

Vincent
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement