|
Ausfluchsdag07.10.2023 Dëst Joer haten d’Lëtzebuerger Massendénger sech fir hire 5.diözesanen Ausfluchsdag Rendez-Vous am Dekanat Osten ginn – an dat zu Gréiwemaacher. Nodeems d’Massendénger mat hire Begleeder vill Päiperleken an anere kleng Déieren am Päiperleksgaart bewonnere konnten, goung et an de Maacher Kulturhuef. Hei huet d’Verlobten vum Johannes Gutenberg, d’Fräulein Ennelin zu Iserin Thüre, de Grupp op eng lieweg Manéier duerch d’Gutenbergaustellung am Drockereimusée gefouert. No enger Stäerkung an der Brasserie vum Päiperleksgaart hunn d’Massendénger am Kulturhuef an engem kreativen Ateliere selwer mat de “Letteren”, Drockfaarf an der Drockereipress geschafft. Grouss Fotogalerie: einfach op d’Gruppefoto klikken! Fotoen: Gudenburg Jacqueline, Konsbrück Tanja, Zahlen Kirsten #ausfluchsdag2023
|