Affer Epiphanie - Priister fir d’Welt

1./2. Januar 2022

Den éischte Weekend am Januar ass wéi all Joers de Sonnde fir d’Ausbildung vun Uerdensleit a Geeschtlech an deene Jonke Kierchen ze ënnerstëtzen.

Elo ass d’Welt dat zweet Joer an der Pandemie. Hei an Europa huet dat net vill Impakt op d’Situatioun vu jonke Mënschen déi um Wee sinn hir Liewen ze organiséieren an eng Formatioun ze maachen.

An deenen aarme Länner an deene Jonke Kierchen huet dat immens vill Konsequenzen op d’Liewe vun der Kierch, den Uerden an och der Formatioun vun deene jonke Geeschtlechen an Uerdensleit. Si brauchen eis Hëllef an Ënnerstëtzung fir sech eng Zukunft opzebauen, déi Frou Botschaft ze verbreeden an hir Beruffung ze liewen.

PDF 659.8 kB, 21. Dezember 2021
Word 21.8 kB, 20. Dezember 2021
PDF 288.3 kB, 20. Dezember 2021
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement