lb fr

Kierchejoer?

D’Kierchejoer besteet aus Festkreesser an dem Joreskrees.

All Joer féiert eis d’liturgescht Joer duerch dat ganzt Geheimnës vu Christus.
Duerch den Ouschterfestkrees, déi festgeluechte Fester an déi eenzel Sonndeger sinn d’Chrëschten invitéiert, déi grouss Geheimnësser vum Glawen ze feieren.

Déi verschidde liturgesch Faarwen brénge Villfalt an d’Liturgie.
D’Kierchejoer fänkt um 1. Adventssonndeg un, an hält mam Fest vum “Christus Kinnek” op.

Am Diagramm ass den Opbau vum Kierchejoer bildlech duergestallt.

Déi verschidde Faarwen sinn déi liturgesch Faarwen:
mof, wäiss, rout a gréng.
An der Mëtt ass e grousse giele Punkt,
deen d’Sonn vun der Opersteeung vu Jesus Christus symboliséiert.

Den Text deen dra steet, ass de Kär vun eisem Glawen.
Et ass dat wat mär an all Mass feieren a bieden - d’Geheimnës vum Glawen.

“Däin Doud Här verkënnege mär,
deng Opersteeung feiere mär,
bis du kënns an Herrlechkeet.”


weiterfeiernd Artikelen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement