Paraktioun - Action sociale

Paraktioun

D’Par Saint Martin Diddeleng ënnertsëtzt all Joer eng Associatioun, déi sech ëm Mënsche beméit, deenen et net esou gutt geet an déi Hëllef brauchen.
D’Associatiounen, d’Gremien an d’Firmungskanner aus eiser Par hu sech bereet erkläert, fir déi eng oder aner Aktioun ze organiséieren wou déi chrëschtlech Gemeinschaft kann eppes kafen oder en Don maachen:
* selwer gebake Kichelcher 
* géint en Don kleng Bastelsaachen, Wäffelcher an Trüffelen ubidden
* Faaschteniessen op Äschermëttwoch
* etc.
Fir d’Joer 2023/2024 huet de Pastoralrot décidéiert, den „Cent Buttek“ vu Beetebuerg ze ënnertsëtzen.
Am "Cent Buttek“ zu Beetebuerg schafft e Grupp vu ronn 50 Bénévolen. De Prinzip vum „Cent Buttek“ ass deen vun der „Tafel“ an Däitschland. 
Den „Cent Butték“ gëtt vu Bäckereien, Supermarcheeën a klenge Geschäfter ënnerstëtzt, déi verschidde Wueren zur Verfügung stellen.
Déi bénévol Chauffere gi vu méindes bis samschdes Liewensmëttel a Wuere sichen, déi net méi an engem Geschäft verkaf kënne ginn (do spille verschidde Kritèren, d’Liewensmëttel an déi aner Wuere sinn awer ni verduerwen oder ofgelaf). Am „Cent Buttek“ maache bénévol Mataarbechter den Tri vun de Liewensmëttel andeems se den Oflafdatum kucken. Uebst a Geméis gëtt gebotzt an esou fir de „Verkaf“ prett gemaach.

D’Par Diddeleng sammelt elo e ganzt Joer a freet sech schonn Enn 2024 dem „Cent Buttek“ seng Solidaritéit däerfen ze weisen.

Fir weider Détailler zu eiser Sozialaktioun 2023/2024 mellt Iech roueg beim Christiane Engel - 621 707 350 / christiane.engel cathol.lu

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement