Liens . Links
|
Wie si mir?D’Grands-Clercs goufen den 09. Oktober 2016 zum Ofschloss vun de Feierlechkeeten zum 350. Jubiläum vun der Erwielung vun der Tréischterin am Leed an der Kathedral vu Lëtzebuerg vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, dem Mgr. Jean-Claude Hollerich sj., an d’Liewe geruff. Mir sinn eng Vereenegung vu jugendlechen a jonken erwuessene Massendénger tëschent 14 an 30 Joer. Zu eisen Aufgaben gehéiert de liturgeschen Déngscht an de Bëschofsmassen an der Kathedral a bei anere Feierlechkeeten an der Äerzdiözes, bei deenen den Äerzbëschof (oder säi Vertrieder) present ass. Och wëlle mir de Jugendlechen an de jonken Erwuessen d’Freed un der Kierch vermëttelen, a si encouragéieren, hire Glawen an der Famill, an der Fräizäit, an der Schoul an op der Aarbechtsplaz ze liewen. Esou hëllefe mir de Jugendlechen an hirer Sich no Eegestännegkeet an zu engem Liewen no de chrëschtleche Wäerter. Duerch Fräizäitaktivitéiten wëlle mir Frëndschaften an Zesummenhalt förderen, an och den Interessi erwächen fir e gesellschaftlecht Engagement aus engem chrëschtleche Grondverständnis eraus. Den 22. September 2018 goufen mir dunn zu enger A.s.b.l. fir d’Grands-Clercs ze festegen an administrativ Aufgaben ze vereinfachen. Kontaktinformatiounen fannt dir hei... |