|
Anbetungskierch zu Téinten (Tuntange)all Dag op
D’Eucharistesch Ubiedung ass, nieft der Eucharistiefeier (helleg Mass), eng Gebietsform vun der Kierch. Am Mëttelpunkt steet Jesus Christus selwer, wierklech géigewäerteg an der konsekréierter Hostie. Bei der Aussetzung vum Allerhellegsten setzt de Geeschtlechen oder den Diakon eng Hostie an der Monstranz op den Altoer. Hei gëtt dat Allerhellegst vun de Gleewegen duerch Gebieder, Hymnen oder stëll Ubiedung veréiert. An der Eucharistescher Ubiedung trëtt de Mënsch Gott géintiwwer, dee wierklech läibhafteg präsent ass. Gott a Mënsch begéine sech. D’Kierch kann nëmmen authentesch sinn a liewen, wann se op hier Mëtt hinn zentréiert ass: Jesus Christus selwer. Hien ass de Kapp vun der Kierch, vun him kënnt alles. Duerfir ass et immens wichteg, datt mir eis erëm als seng Kierch op Hie besënnen. Duerfir ass zënter laangem d’Iddi opkomm, datt och an eiser Par eng Plaz geschaafe gët, wou Hien am Mëttelpunkt ass, a wou mer Hien ëmmer begéine kënnen. Natierlech geschitt dat an all eise Kierchen, wou Hie selwer an der helleger Kommioun am Tabernakel präsent ass. Mä mir wollten eng Kierch schaafen, eng sougenannten „Anbetungskierch“, wou mer ausdrécklech d’Geleeënheet kréien, viru Christus selwer an der ausgestallter, konsekréierter Hostie ze begéinen, hien unzebieden an eis a seng wierklech Präsenz ze beginn. A genee dës „Anbetungskierch“ hu mer elo zu Téinten realiséiert: mat der sougenanntener „Grofekapell“ hu mer ee Raum an der Kierch, deen sech ideal fir eng Rencontre mat Christus eegent. Eis Iddi gouf elo ëmgesaat: op enger Stel (wéi den Ambo) gouf een „Anbetungstabernakel“ opgestallt. Dësen Tabernakel huet de Virdeel, dass jiddfereen, dee wëll, déi baussescht Dir kann opmaachen: am Tabernakel ass eng zougespaarten Dir, an däer an enger Fënster den ausgestallten Här Jesus Christus am grousse Geheimnis vun der helleger Kommioun, ze gesinn ass. Sou brauch ee kee Geeschtlechen oder Diakon, fir d’Sakrament auszestellen. Jiddfereen kann esou, ëmmer wann hië wëll an Zäit huet, Jesus Christus ubieden an der Eucharistie. Et ass, wéi wann d’Monstranz permanent ausgestallt wier. |