“Reech eng Hand”, e Krëppespill vu Schoulkanner vu Fëschbech, Angelsbierg a Schous

de 25. Dezember 2015 an der Fëschbecher Porkierch

Am Kader vun der Chrëschtdagsmass hunn d’Schoulkanner vu Fëschbech, Angelsbierg a Schous an der Fëschbecher Porkierch d’Krëppespill Reech eng Hand gewisen.

An der Geschicht geet et ëm e syrecht Meedchen, dat an d’ Angsber Schoul integréiert soll ginn. D’Schoulkanner ginn opgeruff dem Samira eng Hand ze reechen, awer se wëssen net sou richteg wéi se sech uleeë sollen. Dofir freet d’Julie doheem seng Mamm, wat hatt als klengt Meedchen hëllefe kann . Seng Mamm weess Rot a sie erzielt him d’Geschicht vum klenge Léah, dat deemols wéi de Jesus gebuer gouf, eng grouss Hëllef wor.

D’Krëppespill baséiert op der Geschicht : La venue du petit Jésus. (Auteurs : Tina Jähnert an Allessandra Roberti). D’Buch ass am Nord-Süd Verlag erauskomm.

No der Mass hunn d’Massendinger aus de Pare Meesebuerg a Fëschbech Kuch, Kichelcher a Schokela verkaf fir d’Partnerorganisatiounen vun der Aktioun “Reech eng Hand” z’ënnerstëtzen.
Et sinn 406€ erakomm!

Chantal Conrad

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement