|
FürbittenFürbitten 24. Sonndeg am Jkr B
Um Wee huet de Jesus seng Jünger geruff him no ze follegen. Am Vertrauen op séngem Wee a mat der Kraaft vun eisem Glawen loosst eis him eis Uleies presentéieren: (mir äntferen: Géi mat hinnen de Wée) Mir bieden fir jiddereen, dee fir d’Mënsche verantwortlech ass, déi Schutz a Sécherheet an Europa sichen; a fir jiddereen, deen iwwer politesch Decisioune streit an d’Situatioun vun de Betraffenen net aus den Ae verléiert. Jesus Christus mir bieden déch, … Fir Politiker, déi och mat verschiddene Perspektiven mat Respekt a Gedold mateneen ëmgin a no Léisunge fir schwiereg Problemer sichen; a fir all Männer a Fraen, déi an Crèchen, Schoulen an Universitéiten de Modell Offenheet an Häerzlechkeet virliewen. Jesus Christus mir bieden déch, … Mir bieden fir d’Kanner an alle Länner vun eiser Welt, déi Fleeg, Schutz an Erzéiung brauchen, mä deenen hir Besoinen esou dacks ignoréiert ginn; a fir all Fraen a Männer, déi Kanner eng Stëmm ginn, déi Honger a Gewalt vun hinnen ewech halen an hinnen eng Zukunft ouni Angscht gin. Jesus Christus mir bieden déch, … Mir bieden fir all Leit a Verantwortungspositiounen, déi den Dialog mat de Bierger a matenee sichen; a fir jiddereen deen Hëllef ubitt, wou anerer vun hiren Ängscht a Suergen iwwerwältegt sinn a séch friem an hirem eegene Liewen fannen. Jesus Christus mir bieden déch, … Mir bieden fir d’Leit, dere Liewe vun Naturkatastrophen menacéiert oder zerstéiert ass- Dës Deeg virun allem am Taifun a Vietnam a Myanmar an an de Bëschbränn a Kalifornien; a fir all déi, déi vun den ëmmer méi grousse Feindlechkeet an der Ukraine a Russland, am Gazasträif an am Sudan betraff sinn. Jesus Christus, Mir hunn de Wee vun dénger Nofolger gewielt. Mir soen dir Merci fir däi Beispill a vertrauen op däi Verspriechen, datt all déi, déi dir follegen, d’Liewen kréien D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF all Fürbittentexter amArchiv /669 tous les textes à l’archive |