Fürbitten

Fürbitten 5. Ouschtersonndeg B

Foto: Sonia Martins-Moro

Wa mir a Léift liewen, bleiwe mir a Gott. Mir bieden mat Vertrauen zu Gott, dee méi grouss ass wéi eis Häerzer:

- Mir bieden fir all déi, déi duerch Krich an Honger am Mëttleren Oste menacéiert sinn, fir jiddereen, dee sech mat der Léisung vu Konflikter beschäftegt a probéiert de Leit ze hëllefen, fir jiddereen, dee fir déi friddlech Befreiung vun de Geiselen schafft. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir d’Affer vum Krich a Gewalt an der Ukraine an op der ganzer Welt, fir jiddereen deen op der Flucht ass,fir jiddereen deen en Ënnerdaach an Hëllef bitt. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir all Fraen a Kanner, déi der Gewalt am Stot ausgesat sinn, fir jiddereen, dee genuch Schutz an Hëllef fir si verlaangt, fir jiddereen deen oppasst an Attacke verhënnert. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir all déi, déi Verrot opdecken, fir jiddereen, dee schafft fir d’Demokratie ze schützen, fir all déi, déi mam Verloscht vu chrëschtlechen an demokratesche Wäerter konfrontéiert sinn an hinnen entgéint wirken. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir jiddereen deen eist Land an eis Fräiheet gär huet a verdeedegt, fir jiddereen, deen dobäi kierperlech a geeschteg blesséiert gouf, a fir all déi, déi Respekt an adäquat Betreiung verdéngen. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir eis Kierch, fir all déi, déi sech trotz Schwieregkeete fir de synodale Wee asetzen, fir jiddereen, deen sech dofir a fir d’Eenheet vun der Kierch asetzt. Härgott, héier eis.

Gudde Gott, du verwandels eis an nei Mënschen. Mir soen dir Merci fir déng Gnod elo a fir ëmmer - Amen


D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF

Fürbitten 5.Ouschtersonndeg B

all Fürbittentexter amArchiv / tous les textes à l’archive

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement