Liens . Links
Agenda
 

Por Öewersauer Saint-Pirmin

Kontakt
Paschtouer Marco Wehles Tel.: +352 83 92 11
Pastoralreferentin Stéphanie Kasel Tel.: +352 691 47 44 02
Webmaster Melissa Schartz melischa218 gmail.com

Aktuelles

Hei ass den aktuellen Gedanken fir den Dag

Aktuellt Fest an der Kierch: Oktav

Aktuellt Fest an der Por: Begéignungsnomëtten

Nächsten Rendez-vous vun:
Bittprëssiounen:
Méindes 6. Mee 2024 um 18.30 Auer: Bittprëssioun fir d’Dierfer aus der Gemeng Esch/Sauer vun Heischent an den Heischtergronn, uschléissend: Mass an der Kapell vum Heischtergronn
Dënschdes 7. Mee 2024 um 18.30 Auer: Bittprëssioun fir d’Dierfer aus der Stauséi- Gemeng vu Léifreg op Mecher, uschléissend: Mass zu Mecher an der Kierch Mëttwochs 8. Mee 2024 um 18.30 Auer: Bittprëssioun fir d’Dierfer aus der Géisdrefer Gemeng vu Géisdref op Boukels, uschléissend: Mass zu Boukels an der Kapell.

Sakramentsprëssioun:
Häerzlech Invitatioun fir d‘Sakramentsprëssioun op Christi- Himmelfahrt, donneschdes, den 9. Mee 2024 um 10.00 Auer zu Eschdöerf. D’Prëssioun geet dëst Joer duerch d‘iewescht Duerf.

Pirminusfeier:
Elo schonns invitéieren d’Përmesfrënn ganz häerzlech op d’Pirminusfeier, méindes, de 20. Mee 2024. Um 9.00 Auer geet d’Sakramentsprëssioun virun der Kaunrefer Kierch fort. Um 10.00 Auer ass Festmass um Përmesknupp mat Festpriedegt vum Abbé Edmond Ries, Deche vum Dekanat Süden-Ost. Uschléissend: Seenung vun den 2 Quellen.

Willibrordusfeier:
Häerzlech Invitatioun op d’Willibrordus-Feier zu Toodler, déi mer Päischt-Sonndeg, den 19. Mee 2024 feieren, um 10.45 Auer ass den Depart vun der Prëssioun zur Éier vum hl Willibrord. Uschléissend gëtt de Willibrordus-Bur geseent a mir feieren d‘Houmass an der Kierch.

Meditativen Danz:
En Donneschdeg den 13. Juni treffe mir eis um 20h00 zu Ënsber an der Kierch fir de meditativen Danz! Häerzlech wëllkomm!

Babykrees:
Dënschdeg, 21. Mee 2024 um9.00 Auer: Wéivill kann ech mengem Kand zoumudden? Iwwer wat kann ech mat mengem Kand schwätzen? mam Nora van Daele (ES)

Kiercheschof:
Samsdes, den 4. Mee um 10.30 Auer zu Ënsber an der Kierch

Jesus Followers:
Freides, den 17. Mee um 19h15 zu Ënsber an der Kierch

Porblat

Hei ass dat aktuellt Porblat

Den neie Flyer vun der Por

Am September organiséiere Përmesfrënn eng Busrees “Op de Spuere vum Hellege Pirmin”
Mei Informatioune fannt Dir hei am Pdf Dokument

Mataarbechter gesicht

Bass Du drun intresséiert um Liewen an eiser Por deelzehuelen?
Dann lies hei ewéi’s Du dat maache kanns

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement