Pilgerfahrt op Lourdes – Andréck vum Yves

Participatioun un der Diözesaner Pilgerfahrt op Lourdes vum 25. bis den 31. Juli 2017

Dës Seminaristewoch war scho meng fënneft (nee, ech ginn net al, ech sinn et). Nodeems mer an deene leschte Joren ëmmer zu Lëtzebuerg waren, sou si mer dëst Joer mat der Lëtzebuerger Diözesanwallfahrt op Lourdes gefuer.

Erfarunge mat de Kranke bei de Foulards blancs

Mir hunn dës Woch all Moies an deelweis Owes bei de Soine vun deene Kranken ënnert der Leedung vun de Foulards blancs gehollef. D’Foularden hunn eis mat vill Gedold ugeléiert.

Ech hu ganz vill bäigeléiert, sinn iewer nach laang net um Niveau vun engem routinéierte Foulard. Hir Kompetenz an hir Effikassitéit ass impressionnant. Mat hirem Engagement an hirer Begeeschterung si en liewegt Beispill vu chrëschtlecher Nächsteléift.

Erfarunge mam Pilgergrupp vun eiser Diözes

Dës Rees war meng éischt Diözesanwallfahrt op Lourdes. Mir sinn ënnert dem Lourdes-Thema vun dësem Joer “Le Seigneur fit pour moi des merveilles” gepilgert. Ech wollt all de Lëtzebuerger Pilger Merci soe fir hir Ënnerstëtzung an hiert Gebiet. Mir hunn eis als Seminaristë richteg gedroe gespiert vun eise Matpilger.

D’Pressiounen zu Lourdes an déi international Mass

Fir mech war et déi zweet Kéier zu Lourdes. Déi éischt Kéier war 2014 am November mat all de Seminaristen aus Frankräich. Do war Lourdes bal eidel. Et waren deemools ausser de Bëscheef, den Direkteren an de Seminaristë bal keen do an déi meescht Geschäfter zou.

Dës Kéier war méi lass (kloer, et war an der grousser Vakanz) an och méi international. Et war also eng ganz aner Erfarung, eng Experienz vun der Universalitéit vun der kathoulescher Kierch.

D’Liturgië mat de Lëtzebuerger zu Lourdes

Wat ass eng Seminaristewoch ouni Priedegte vu eisem Präses? Richteg! Näischt! Glécklecherweis hate mer déi grouss Éier, datt de Wallfahrtspriedeger a Personalunioun nieft Recteur vun der Glaciskapell och nach Präses vum Grand Seminaire de Luxembourg ass. Wéi all Joer hu mer dobäi vill bäigeléiert.

En Highlight fir d’Seminaristen an och déi aner Pilger war dem Vincent seng Admisso, déi hie vum Generalvikar Leo Wagener am Optrag vun eisem Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an der Mass donneschdes kritt huet. D’Admissio, wou de Vincent an de Krees vun de Kandidaten zum Diakonat an zum Presbyterat opgeholl ginn ass, ass eng wichteg Etapp an eisem Seminaristeliewen. Flott war och, datt dem Vincent seng Mamm konnt derbäi sinn, vu datt si och an der Fleeg vun de Kranke gehollef huet.

Yves
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement