Léif Parleit vun Déifferdeng an aus dem Kordall.
No fënnef Joer als Curé-Modérateur vun de Paren Déifferdeng a Kordall an Deche vum Dekanat ‚Süden-West‘, huet eise Kardinol, den Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, d’Decisioun geholl, mir nei Aufgaben ze iwwerdroen. Enn August wäert ech déi lescht Massen an ärer Mëtt halen, fir dann zum 1. September meng nei Tätegkeet an der Kathedral an an der Par ‚Lëtzebuerg Notre-Dame‘ unzetrieden.
Well ech aus ganz perséinleche Grënn op all Abschiedsfeier verzichten, wëll ech iech all op dësem Wee Au Revoir an e grousse Merci soe fir déi Zäit hei am Süden. Merci fir all gutt Kontakter; Merci fir eise gemeinsame Wee; Merci fir déi vill entstane Frëndschaften; Merci fir all Mënschlechkeet an Offenheet, déi dir mir op ville Plaze gewisen hutt. Merci alle Benevollen aus de Paren a Veräiner. E besonnesche Merci geet un d’Massendénger, d’Pastoralequipe an un all déi, mat deenen ech an deene verschiddene Gremien a pastorale Beräicher zesumme konnt schaffen. Et ware fënnef schéin, erfarungsräich an intressant Joren, och wann et net ëmmer einfach war. Vill Reformen – och wann se elo méiglecherweis vun de neie Pastoralequippen nees réckgängeg gemaach ginn – waren noutwendeg – a wäerten, dovu sinn ech iwwerzeegt, och an Zukunft noutwendeg bleiwen. Ech wëll an deem Kontext och deene Merci soen, déi alle Reforme kritesch bis ofleenend géinteniwwer stoungen. Si hu mech eppes geléiert: Och wann d’Welt ronderëm ännert, an eiser Kierch ass et schwiereg eppes ze änneren an nei pastoral Weeër ze goen, well trotzallem nach de Gedanke vun der Vollekskierch a ville Käpp ass – an dat am Wëssen, datt déi Zäit vu fréier eriwwer ass an ni méi erëmkënnt.
Ab dem 1. September ginn d’Pare Kordall an Déifferdeng nees getrennte Weeër mat zwou verschiddene Pastoralequippen. Dat freet elo sécher verschidde Leit, well aus deem grousse bal oniwwerschaubaren pastorale Secteur erëm méi kleng pastoral Reim entstinn, wou een eleng agéiere kann. Dat mécht awer och anerer traureg, well dat, wat duerch Méi an Engagement vun esou muenche Leit zesummegewuess ass, elo nees getrennt gëtt – och wa verschidde pastoral Aktivitéiten nach kënnen zesumme gemaach ginn. Eppes Neies geet nees un! Ech wënschen iech all fir déi kommend Zäit Gottes Seegen, vill Kraaft a Courage an ëmmer déi néideg Gedold fir eis Kierch an eng fruchtbar Zukunft ze féieren, a schléisse mat engem Zitat aus dem Buch Deuteronomium: „Fürchtet euch nicht und weicht nicht erschreckt zurück [...]! Denn der HERR, dein Gott, er zieht mit dir.
Er lässt dich nicht fallen und verlässt dich nicht.“ (Dtn 31,6)
Vertraue mir op den Härgott, da si mir sécher a gebuergen a gudden Hänn.
Jean-Pierre Reiners
Chanoine honoraire