|
Kirche
An de Bicher vun dem Franziskanerklouschter vu Bouneweg fanne mir den Numm „Koplescht“ fir d’éischt am Joer 1296 ënnert der Bezeechnung „Granges de Copstal“. D’Historiker si sech eens, datt Koplescht deemols schonn eng Kierch/Kapell hat; sie stung op der Kräizgas um Rand vum Bësch an um Fouss vun de Fielsen, do wou déi meescht vun de Leit och gewunnt hunn. Vu kierchlecher Säit war Koplescht an zwee gespléckt: riets vun der Mamer zesumme mat de Briddeler Häff huet zur Por Steesel gehéiert. Op der lénker Säit zur Por Kielen. Nëmmen op Niklosdag ass eng Mass an der Kapell op der Kräizgas gehale ginn. D’Kapell war dem hl. Niklos geweiht. Am Joër 1712 waren déi 2 Porhären d’accord, datt déi kopleschter Leit e sou genannte „Frühmessner“ kréien därfen. Dien hat d’Erlabnis, um Sonndeg eng Mass ze halen; an der Woch war e chargéiert fir de Kanner Unterrecht ze ginn an hinnen Schreiwen a Liese bäizebréngen. D’Awunnerzuel huet déi Zäit ëm 250 bis 400 geschwankt. Bis 1765 hat Koplescht 5 „Frühmessner“. Déi Kopleschter mat den Hafleit vum Briddel hu bäi dem Kurbëschof vun Tréier am Joer 1765 ëm Erlabnis gefrot, fir an hirer Kapell Gottesdéngschter därfen ze halen. D’Bestriewungen no Eegestännegkeet hunn de 25. Mee am selweschte Joer Friischte gedroen a sie hunn déi gewënschten Erlabnis kritt. Sie hunn och e Kierfecht duerfe bäi hirer Kapell uleeën a kruten e Kaploun, deen ënnert dem Porhär vu Steesel stung. De Paschtouer vu Steesel hat eleng d’Recht, Leit ze bestueden. Bis an d’Joer 1805 hat Koplescht 4 Kapléin. 1838 ass den Neibau vun enger Kierch geneemegt ginn a schon am Joer 1839 gouf op Niklosdag déi éischt Mass dra gefeiert. Et huet awer bis de 7. Juni 1864 gedauert, ier se feierlech konsekréiert ginn ass. Ursaach war, datt e groussen Deel vun den Aarbechten wéint der grousser Iwwerverschëldung net éischter färdeg gemaach gi sinn. 1937 ass den Duksall fir d’drëtte Kéier vergréissert ginn; de Chouer gouf vum A. Bové gemoolt an déi heiteg Uergel (G. Haupt) koum an d’Kierch.
Jean Muller, Koplescht |