Liens . Links
 

Fronleichnam 2021

Bedingt duerch d’Pandemie mam Coronavirus sinn och dëst Joer fir Härläichendag keng Prëssessiounen erlaabt. Fir d’Familljemass zu Baastenduerf gouf awer d’Geschicht vum Juliana an dem Himmelsbrout virum Altoer duergestallt. Hei ënnendrënenr gesidd Dir d’Fotoen dovun an Dir kënnt och d’Geschicht noliesen.


Dat klengt Juliana an d’Himmelsbrout

Viru laanger Zäit, am Joer 1193, ass an engem klengen Duerf bei Léck, dat kléngt Juliana op d’Welt. D’Juliana a seng Schwëster Agnes sinn opgewuess, wéi all aner Kanner och. Si ware frou- hu vill gespillt a gelaacht.
Mee, hir Elteren si ganz fréi gestuerwen an d’Agnes an d’Juliana ware ganz traureg.
D’Famill ass zesumme komm a si hunn sech beroden : „ Wien këmmert sech elo em d’Meedercher. Wat soll aus hinne ginn ?“
Schliisslech sinn d’Agnes an d’Juliana an ee Klouschter bei Schwëstere geschéckt ginn.
Am Klouschter huet och d’Sr Sapienta gewunnt. D’Sr Sapienta huet de Kanner aus der Bibel virgelies Ëmmer erëm wollten d‘Kanner hir Lieblingsgeschichten aus der Bibel héieren. Ganz besonnesch gären hat d’Juliana déi Geschicht, wou Jesus d’Brout vermehrt huet an et duer gaangen ass fir 5000 Leit“ .Wéi d’Juliana bis liese konnt, huet hatt d’Geschichten aus der Bibel selwer gelies.
Mee d’Juliana huet sech och vill gelangweilt. Hatt hat keng richteg Frënn. Hatt huet sech eleng an traureg gefillt.
Wann hat an der Kierch, an der Mass war, an de Paschtouer d’Hostië geseent huet, dann ass hatt am Häerz ganz frou ginn. D’Sr Sapienta hat dem Juliana gesot, dass de Jesus an der Mass am Brout an am Wäin wierklech do ass.
„ De Jesus wëll mäi Frënd sinn . An ech wëll seng gutt Frëndin sinn !“ huet d’Juliana gesot.
Esou wéi et sech gehéiert huet d’Juliana sech vill Zäit fir hire Frënd Jesus geholl : Hatt huet an der Bibel gelies a mam Jesus geschwat dh gebiet. D’Juliana an de Jesus waren déi bescht Frënn an d’Juliana huet sech op seng Éschtkommioun virbereet. Ongedëlleg huet hatt drop gewaart, fir de Jesus endlech ze beréieren an ze spieren. Um Dag vu senger éischter Kommioun war d’Juliana iwwerglécklech, wéi hatt endlech de Läif vum Jesus kritt huet. De Jesus war elo ganz no bei him.
D’Juliana ass méi grouss ginn, hatt huet vill vum Jesus bäigeléiert an konnt och gutt deenen anere Leit vum Jesus erzielen. Vill Zäit huet hatt an der Kierch bei sengem beschte Frënd verbruecht fir ze bieden. Hatt huet dem Jesus alles erzielt : dat wat hatt frou gemaach huet an awer och dat, wat hatt traureg gemaach huet.
Enges Daags wéi hatt gebiet huet, huet d‘Juliana e grousst Liicht gesinn. Dëst Liicht war esou wéi ee grousse Vollmound, ronn a blénkeg : „ Mee do feelt jo awer ee Stéck“, huet d’Juliana geduecht.
Hatt huet och guer net verstanen, wat dat soll bedeiten an huet esouguer e bëssen Angscht kritt.
„ Jesus, wëlls Du mir eppes domat soen ? » huet hatt gefrot.
„Jo, Juliana, ech sinn et, deen Dir dëst Zeeche schéckt“ ; huet eng Stëmm am Juliana sengem Häerz geäntwert. „ Dat Stéck, wat am Mound feelt, bedeit, dass an der Kierch ee Fest feelt“. Ech wënsche mir ee Fest, wou d’Mënschefeieren, dass ech am Brout, an der Hostie bei hinne sinn."
D’Juliana war verwonnert : „ Oh, ee Fest ! Mee, firwat ?“
„ D’Mënsche bieden dacks zu mir“, huet de Jesus ganz lues gesot. „An si sinn och frou mat mir. Mee vill Mënsche vergiessen, dass ech am Brout an am Wäin wierklech do sinn. Ech sinn all Dag no bei iech. An ech hätt gär, dass dat 1x am Joer ganz besonnesch gefeiert gëtt. Dëst Fest soll „FRONLEICHNAMSFEST“ heeschen. Ech sinn d’Brout vum Liewen."
„ D’Brout vum Liewen ? Mee firwat wents du dech domat ausgerechent u mech ?“ huet d’Juliana gefrot.

„Juliana, ech hunn dech erausgesicht, dass du meng Frënn an déi ganz Welt frees, fir ze feieren, dass ech bei hinne sinn.“
„ Ech hunn awer Angscht ! Ech sinn esou kleng a schei : wéi kann ech esou eppes Grousses maachen ?“
Mee, dem Juliana säin Häerz war voller Freed, hatt huet gespuert, dass de Jesus hatt staark gemaach huet. Hatt wosst, dass de Jesus bei him wär, esou wéi ee wierklech gudde Frënd. D’Juliana huet „JO“ zum Jesus sengem Wonsch gesot an hatt huet alles dru gesat fir d’Mënschen ze iwwerzeege fir een neit grousst Fest anzeféieren- d’FRONLEICHNAMSFEST. Dat Fest vum liewege Jesus, deen am Brout an am Wäin , mat Fleesch a Blutt, ënnert de Mënschen ass
D’Juliana ass am Joer 1258 gestuerwen an am Joer 1263 huet de Poopst dat Fest weltbekannt gemaach.
Op der ganzer Welt sinn op dem Dag Pressessiounen, wou de Jesus an enger Monstranz duerch d’Stroosse gedroe gëtt.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement