Priedegt vum Curé-Modérateur , Jeannot Gillen, den 12.August

Bildchenswoch 2021
Thema : Du bass eis Hoffnung
Priedegt vun der Pilgermass en Donneschdeg, den 12.08.21

« Du bass eis Hoffnung. » Dat soe mir Chrëschten zu Maria. Esou ruffe mir si un. Esou biede mir zu hir. Am Salve Regia, am Ave Spes Nostra, an och am Text vum Dechen Théophile Walin. Et ass e schéint Gebiet an eng schéin Urufung. Si dréckt eist Vertrauen an eis Zouneigung zu Maria aus. Mir kucken zu hir op. Mir ginn hir no mir schléissen äis hir un. D’Maria ass wirklech fir äis e wichteg an eminent Zeechen vun der Hoffnung an dat an engem besonnech starke Sënn. Dat II. Vat. Konzil schreift zum Schluss vun der Kierchekonstitutioun, datt d’Maria dem Gottesvollek “als Zeichen der sicheren Hoffnung und des Trostes” virausgeet. Esou heescht et och an der Präfatioun vum Fest vu Maria Himmelfahrt, mat deem eis Bildchenswoch dëst Joer ofschléisst. Grad dëst Fest ass fir eist Thema ganz wichteg.
Mee d’Hoffnung ass alles anescht ewéi selbstverständlech. An engem bekannten Text iwwert dës zweet Kardinoltugend schreift den franséischen Dichter Charles Peguy : “Ce qui n’étonne le plus, dit Dieu, c’est l’espérance ». Well d’Hoffnung ass ganz op d’Zukunft ausgeriicht. Si bleift net bei deem stoen, wat ass, mee kuckt aus no deem wat kënnt. A si ass iwwerzeegt, datt dat gutt a schéin ass, Gléck brengt.
Déi echt Hoffnung ass net mat engem naïven Fortschrëttsglawen ze verwiesselen. De Fortschrëtt brëngt net nëmmen Verbesserunge an Erliichterungen mat sech mee och nei Problemer. Dat spiere mir haut besonnech däitecht an der Zäit vu Klimakatastrophen a vum Klimawandel. An de Fortschrëtt stéisst och u seng Grenzen. Krankheet an Doud kann en erausschieben, awer net verhënnen. An et ass och naïv, ze mengem d’Mënschen giffen aus hire Feeler léieren a sech besseren. Wivill Réckfäll an Diktatur a Verfolgung erliewe mer nees an eisen Deeg ?
Echt Hoffnung huet eppes mat eisem Glawen ze dinn. Et ass eng theologal Tugend. Et ass eng Gnod vum Härgott. Dofir biede mir dréms am Rousekranz : der in uns die Hoffnung stärken wolle. Hoffnung soll e ganz wichtegt Kennzeechen vun äis Chrëschten alleguer sinn. A sengem 1. Bréif fuerdert den Apostel Péitrus äis op, bescheiden Zeechnes vun der Hoffnung ze ginn, déi äis erfëllt. An den hl. Paulus schreift am 2. Kor, datt seng Hoffnung fir déi aner onerschütterlech ass. D’Schreiwen vun der Würzburger Synod am leschte Johrhonnert hat den Titel : “unsere Hoffnung”. Et ass awer och eng wichteg Aufgab vun den Hierten vun der Kierch, fir déi mir haut besonnech bieden, de Bëschof, de Weibëschof de Generalvikar an all Geeschtlech- a Laienmataarbechter aus de Paren.
Et verwonnert ewéineg, datt dëse wichtege Begrëff net an den Evangelien virkënnt. D’Verb kënnt just an der Geschicht vun den Emmausjünger vir, fir hir enttäuschten Hoffnung auszedrécken. Eis chrëschtlech Hoffnung huet weesentlech mat dem Jesus senger Operstéiung ze dinn. Dofir kënnt se besonnech an de Bréiwer vun den Apostelen fir. De Paulus schreift : Meng Hoffnung fir iech ass onerschütterlech. Mir wëssen, datt dir net nëmmen um Leed, mee och um Trouscht, un der Herrlechkeet undeel hut. Dofir konnten d’Apostelen Schwéieres fir hire Glawen op sech huelen, och Verfolgung an Doud, well si sech am Leiden an an der Herrlechkeet mat Christus verbonne wossten. Hien huet hinne Kraaft ginn, op dat Béist an der Welt mat Christus senger baarmhäerzeger Léift ze äntwerten. A vill Glawens-an Hoffnungszeien sinn de Apostelen bis haut op deem wee nogaangen. Mir hunn der dës Woch och eng Rei gefeiert : d’Edith Stein, den hl. Laurentius, déi helleg Klara, de Karl Leisner, de Maximilian Kolbe. Si hu Grousses aus der Kraaft vun hirem Glawen an hirer Léift zu Christus fäerdeg bruecht. Hir Hoffung huet si ugedriwwen an ass fir aner Mënschen en Zeeche vun Hoffnung ginn. Si hunn dës Welt besser gemaacht, waren e Liicht an der Däischtert
Iwwer all deene grousse Glawens- an Hoffnungszeien steet awer d’Maria als déi vun Ufank un ganz Erléist. Si stellt äis eis Ziel am rengsten virun Aen, well an hirem Liewen näischt vun der Sënd a vum Béisen entstallt ass. Vun hir gleewe mir, datt si vun Ufank vun hirer Existenz vun der Sënd verschount bliwwen ass. Datt gëtt äis d’Hoffnung, datt mir och all emol ganz vun der Sënd befreit ginn. Hirt ganzt Liewen war si mat Christus a mat de Mënsche verbonnen. Datt gëtt äis d’Hoffnung, datt eng echt an déif Gemeinschaft méiglech ass. Si ass mat Läif a Séil an den Himmel opgeholl ginn. Dat léisst äis hoffen, datt och mir mat Christus operstinn. Si ass am Himmel gekréint ginn. Esou kënnen och mir hoffen, datt et eng Belounung fir déi Gerecht gëtt an datt mir am Himmel an datt och mir no eise Méien a Ploen beim Härgott Freed a Fridde fannen. Amen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement