Klibberen

 

Klibberen - IKI

#klibberen #klibber #mirgiklibberen #klibberegoen

Demande datt Klibberen op d’Lëscht vum Lëscht vum Immateriellte Kulturierwen zu Lëtzebuerg (och gären „liewegt Kulturierwen“ genannt) komme soll, gouf Enn Juli 2022 am Kulturministär deponéiert.

fir méi Neiegkeeten

Demande Klibberen 31.07.2022

Mir verkafe Klibberen

Mir hunn nees Klibberen: fir Rechtshänner a speziell fir Lénkshänner - extra fir eis am "Centre Pénitentaire" entworf an hiergestallt.
Bestellung: kontaktéiert eis op massendenger@cathol.lu

#klibberen #Klibber

Mir sichen al Klibberen, déi doheem leien an net méi gebraucht/benotzt ginn.

Hutt Dir eng Klibber doheem a si hënnert Iech bzw. dir kennt déi net méi gebrauchen? Kee Probleem - d’Lëtzebuerger Massendénger freeë sech iwwer all Klibber fir hire Klibberstokk ze vergréisseren. Esou kenne mir déi Klibberen fir eis Formatiounsdeeg benotzen (z.b. um MAFREMA, bäi der Journée du Patrimoine) an awer och un déi Gruppe verléinen, déi der net genuch hunn.

Mellt Iech einfach bei eis a mir kennen dann eppes ausmaachen.
Kontakt:
Mail
Telefon: 44 743 243

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement