Liens . Links
 

Lëtzebuerger Massendénger

Update: 02.09.2021
* Ausfluchsdag: 25.09.2021
* keng Wallfaart op Banneux
* MERCI-Wuert vun eisem Här Äerzbëschof, Fotoen/Artikel vun der Tarcisiusfeier 2021
* Nei Massendénger gesicht kuckt mol HEI
* ee Bléck an de geplangte Programm fir 2021
* ee Bléck an de geplangte Programm fir 2022
* HEI: Op eisem Youtubekanal ass vun elo un, ee klenge Foto-Film zum Déngscht an den Aktivitéite vu Massendénger.
* Ëmfro fir d’Paren
* Ufro fir an eis Kontaktlëscht opgeholl ze ginn
* De Logo vun de “Lëtzebuerger Massendénger” gett et op Nofro an der Zentral fir Är Par. Einfach via mail op massendenger cathol.lu nofroen

D’Lëtzebuerger Massendénger hëllefen dem CIM!
Den CIM sammelt alles iwwer den hellegen Tarcisius, eisem Schutzpatroun vun de Massendénger. Biller, Hellegebillercher, Fotoe vu Statuen, Fotoe vu Kierchefënsteren, Legenden, Erzielungen... MERCI fir all Mathëllef! Kontakt: massendenger cathol.lu
#tarcisius #tarcisio #tarzisius

Iwwersetzung vum Wuert “Massendénger” fir e puer Friemsproochen fir Äre Massendénger zerkläeren:
däitsch: Ministrant
franséisch: servant d’autel
portuguiesch: acólito

Hutt Dir eng flott Aktivitéit mat de Massendénger? Loosst eis d’Informatiounen zoukommen. Mir publizéieren et fir Iech op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger.
Wëllt Dir datt mir Iech besichen? Frot mat Zäit un, vläicht kann ee vun den Ekippemembere bei Iech kommen.
Hutt Dir eng Iddi fir eng Aktivitéit mat Massendénger? Loosst äis déi wëssen, mir versichen eist Bescht fir eppes dozou ze realiséieren.

Permanence am Büro:
14.09.2021: 13.30 - 15.30
17.09.2021: 9.30 - 12.00
Gäre kennt Dir op Rendez-Vous bäi eis laanscht kommen - zéckt net a mellt Iech op massendenger cathol.lu.

An de Schoulvakanzen ass de Büro net besat - braucht Dir awer eppes: zéckt net a mellt Iech via mail an da kennt Dir gär op Rendez-vous an der Zentral passéieren. Mir hunn eng Bibliothéik mat Bicher iwwer Massendéngerarbecht - hei kennt Dir Iech och gären informéieren a Bicher ausléinen oder souguer fir ee Solidaritéitspräis bei eisen Doubletten ofkafen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement