Eng Madonna fir d’Basilika


Home GoBack Print Kontakt

Nëmme kuerz nodeems d’Schwësteren „vum Arme Kinde Jesu“ hir dräi gotesch Statuen op Simpelveld zréck geholl hunn, huet d’Basilika am Juni 2018 vun enger anonymer Persoun eng äussert wäertvoll Madonna geschenkt kritt. Et ass wierklech e Glëcksfall fir eis, jo souguer fir eist Land. Dës Madonna mam Jesuskand huet eng stattlëch Gréisst vun 153 cm, an ass laut Expertise ëm 1470/1480 am süddäitsche Raum entstanen. D’Maria an d’Jesuskand schenken dem Betruechter e schéint a frëndlecht Laachen. D’Statue gouf elo virum ënneschte Chouerberäich, um rietse Pilier op e Sockel gesat, wou se diskret hir edel Schéinheet ausstraalt. An enger Expertise heescht et iwwert d’Statue: „wohl Lindenholz, dreiviertelrund geschnitzt, auf der Rückseite abgeflacht und tief ausgehöhlt. Ältere und in den weißen Teilen vielleicht originale farbige Fassung, die übrigen Bereiche sowie Inkarnate übergangen. Großformatige auf Vorder- und leichte Unteransicht gestaltete Skulptur. Die im Kontrapost mit vorgesetztem rechtem Fuß auf einem Mondgesicht stehende Muttergottes hat den Oberkörper leicht zurückgenommen und den Kopf leicht geneigt. Auf ihrer linken Hand trägt sie das nackte Jesuskind, das als eucharistisches Symbol eine Weintraubendolde vorweist. Die große schnitzerische Qualität zeigt sich besonders in der Gestaltung des um den Körper drapierten Umhangs, der das Volumen und die Plastizität der Skulptur bestimmt: Stauch- und Stegfalten sind effektvoll zueinander in Kontrast gesetzt und werden zudem von gleichmäßig schwingenden Säumen gerahmt, die sehr dünnwandig und tief hinterschnitzt ausgearbeitet sind.“
Dem eedle Spender, der eedlen Spenderin, soe mer vu ganzem Häerze e grousse MERCI.

Francis Erasmy


aus dem Parbréif 4-19


Links:

Basilika

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement