Neien Organist fir d’Basilika

vum 1. September 2018 un


Home GoBack Print Kontakt

De 5. Juni huet de Kiercherot (FE) Iechternach de Jos Majerus als neien Organist proposéiert, an den 19. Juni gouf hien vum Conseil de Gestion Paroissial (CGP) vun eiser Par als Organiste Titulaire“ fir d’Basilika ernannt. Hie gëtt mat enger Tâche vu 20 Stonnen (50%) agestallt an erfëllt och d’Aufgab vun engem « Coordinateur musical » fir d’Basilika.
Den 1. September trëtt hien seng Aarbecht offiziell un. Opmierksam Oueren hunn hien awer schonns héieren op der Basilikauergel. Hien erfëllt seng Aufgab an Zesummenaarbecht mat sengen Organistekollegen Jean-Marie Kieffer (Tit. 1986-2014), Gary de Jong (hien hëlleft schonns laang, v.a. fir 9-Auer-Mass) a Rosch Mirkes (zënter e puer Joer reegelméisseg am Asaz).
Mir sinn immens frou, datt mir mam Jos Majerus en excellente Museker fonnt hunn, deen eng profund Ausbildung opzeweisen huet. Hien huet nom Conservatoire du Nord (versch. 1. Präisser a Prix supérieur an der Uergelklass Maurice Clement) Kierchemusek mam Haaptfach Uergel op der Musikhochschule Luzern (CH) studéiert (e.a. beim Elisabeth Zawadke, Johannes Strobl a Kay Johannsen) a mat engem Konzertdiplom (Master Performance instrumental) ofgeschloss.
Duerno huet hien op der Musikakademie Basel weider studéiert beim Prof. Martin Sander an elo 2018 mat engem 2. Master ofgeschloss (Master of Arts in spezialisierter musikalischer Performance – Solist). Donieft war hien Organist a sengem Heemechtsduerf Iermsdref, zu Veianen (2007-2011), Escholzmatt (CH) an Adligenswil (CH) bis 2018.
Hien huet och Masterclasse matgemaach, e.a. bei Rudolf Lutz, Ton Koopmann, Harald Vogel, Ben van Oosten an Olivier Latry, an en ettlech Präisser an Auszeechnungen bei Uergelconcourse kritt.
Mir wënschen dem Jos Majerus bei senger neier Aufgab vill Freed a Satisfaktioun, a beräicherend mënschlech Begéinungen. U (musikaleschen) Erausfuerderungen wäert et him sécher net feelen.
Francis Erasmy


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement