fr lb

Den Advent

Virbereedungszäit op Chrëschtdag

Mat dem 1. Adventsonnedeg fänkt dat neit Kierchejoer un.
Et kéint ee sech e “schéint Neit Joer” wënschen.

Et ass déi 1. Virbereedungszäit am Kierchejoer,
An déi liturgesch Faarf ass mof, mat Ausnam vum 3. Adventssonnden, deen ass rosa – et ass e freedege Sonndeg – well d’Hallschent vum Advent ass gepackt.

Wéini a wéi laang?

Den 1. Advent ass ëmmer dee 4. Sonndeg viru Chrëschtdag.
Den Advent huet domadder 4 Sonndeger!
Wéivill Wochen, dat sinn, hänkt dovunner of op wéi e Wochendag Chrëschtdag fält.
Ass Chrëschtdag op engem Sonndeg, dann huet den Advent och 4 Wochen.
Ass Chrëschtdag awer Méindes, dann huet e just 3 Wochen.

Wat feier mär?

  • Den Advent ass net just d’Virbereedungzäit op Chrëschtdag, d’Fest vun der Gebuert vu Jesus.

Den Advent ass vill méi!
Den Advent feiert dat dräifacht Kommen vum Här, dem Jesus:

seng Gebuert zu Bethlehem Vergaangenheet
säi Kommen an eis Häerzer,
elo an eisem Alldag, an eis Familljen ...
do wou mär sinn a liewen
Géigewaart
säin Erëmkommen um Enn vun der Zäit Zukunft
Advent – waarden op d’Liicht dat kënnt
Jesus - d’Liicht vun der Welt, kënnt an d’Welt.
Hien schenkt eis Hoffnung, Freed, Trouscht, Léift, Frëndschaft ...

weiderféiernd Artikelen


D’Kierchejoer ?

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement