fr lb

Brauchtem an der Adventszäit

Den Adventskranz

Den Adventskranz, e Kranz mat 4 Käerzen deen aus aus frëschen “Dännenzweiger” gebonne gëtt.

  • Eis Dännebeem, wéi Dännen, Fichten ... verléieren am Wanter hier gréng Nolen net.
    Si weisen eis: och wann et elo ausgesäit, wéi wann d’Natur dout wäer – gëtt et Hoffnung, datt am Fréijoer nees alles gréng gëtt.
  • Déi 4 (rout) Käerzen
    stinn fir déi 4 Advents-Sonndeger.
    Mat all Käerz, déi mär ufänken, gëtt et méi hell.
    Déi rout Käerzen symboliséieren d’Liicht an d’Léift déi komme wäerten.
    Si weisen eis, datt mär ëmmer méi no bei Chrëschtdag kommen, d’Fest vun der Gebuert vu Jesus kommen.

Beliichten vun de Stroossen an Heiser

Den Advent fält bei eis an déi däischterst Joreszäit. Dat Däischtert ass ongemitterlech.
Mat Käerzen, Liichtercher ... wëlle mär et méi hell maachen.
Vill Leit stellen Liichtercher an d’Fënsteren. Och ginn vill Stroossen a Plazen extra mat Luuchte gerëscht.
All dës Dekoratiounen sollen dat Däischtert verdreiwen
an et méi hell maachen, méi gemitterlech, méi angeneem.

Den Adventskalenner

Vill Leit mengen - en Adventskalenner ass nëmmen eppes fir Kanner.
Mä dat muss net sinn.
En Adventskalenner huet 24 Dierercher. (Haut ginn et och aner Formen vun Adventskalenneren.)
Wärend 24 Deeg ziele mär Deeg bis Helleg Owend.
Op Helleg Owend, also de 24. Dezember, maache mär déi läscht Dierchen op – sou fänkt den Adventskalenner ëmmer den 1. Dezember un.

Chrëschtmäert oder Adventsmäert

an den eenzelen Geschäfter an Uertschaften, vun de Veräiner z.B. Guiden a Scouten - gehéieren och dozou.
Do kënne mär dann dat ze kafen wat mär fir den Advent a Chrëschtdag kéinten gebrauchen.


weiderféiernd Artikelen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement