1. Advent

Krëppchen: Fréit Chrëschtentum — Réimerzäit

Meditatioun

Dës véier Adventssonndeger wëlle mer erausfanne wéi an der Réimerzäit, am Mëttelalter, an der Neizäit an an der Géigewaart eng Krëppchen duergestallt ginn ass.

Wa mer haut un eng Krëppchen denken, da gesi mir virun eis e gemittlechen Holzstall mat vill Stréi. An der Réimerzäit, deemools, wéi de Jesus zu Bethlehem gebuer gouf, huet dat ganz anescht ausgesinn.

Zu däer Zäit gouf et nach keng Chrëschtkrëppchen als Dekoratioun. Déi éischt Krëpperchersfigure sinn eréischt iwwer dausend Joer méi spéit am Mëttelalter entstanen.

Eng richteg Krëpp zur Zäit vum Jesus war weider näischt wéi e Fuddertrach fir Déieren. Well Holz am hellege Land sielen an deier war, goufe keng Ställ aus Holz gezammert, mä et huet een natierlech Fielshiele benotzt. D’Krëpp selwer war e schwéieren, ausgehielegte Block aus Steen oder en Trach aus festem Leem.

A genee an esou en haarden a kale stengen Trach ass de Jesus no senger Gebuert geluecht ginn, a d’Maria huet hien an e bësschen Hee an an Dicher gewéckelt.

Haut fänke mär déi éischt Käerz un eisem Adventskranz un. Hiert Liicht ass nach kleng, awer et verdreift schonn e bësschen d’Däischtert.
Et weist äis : d’Zäit vum Waarden huet ugefaang.

Dofir wëlle mär bieden

Här Jesus Christus, haut riffs du eis zou :
« Gitt gutt uecht a bleift wakereg ! »

Wéi dacks si mir
an eisem Alldag gefaangen, midd wéinst eise Suergen
oder einfach ofgelenkt vun der Hektik ronderëm.
D’Liicht vun dëser éischter Adventskäerz wëll eis rëselen a waakreg maachen.

Looss dëst Liicht an eisen Häerzer brennen,
fir datt mir d’Zeeche vun denger Presenz an eisem Alldag erkennen.

Maach eis staark an der Hoffnung an am Glawen,
iwwerdeems mär voller Freed dengem Kommen op Chrëschtdag entgéint gesinn.

Amen.


Den Text fir erofzelueden.


Meditatiounen am Advent

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement