100 Joer "Gaart an Heem Déifferdeng"

De „Gaart an Heem Déifferdeng“ gouf am Joer 1926 gegrënnt. Aus dëser Zäit staamt och dat éischt offiziellt Dokument an den Archive vun der Déifferdenger Gemeng : eist Gaardenreglement. Am Laf vun de Joren (ënner anerem 1946, 1969, 1984 an 2002) hunn déi jeeweileg Komiteeën Terrainen opkaaft, soudass dem Veräin haut aktuell 3,7 Hektar gehéieren. E grousse Merci gëllt den deemolege Komiteeën fir hiren Asaz an deene schwéiere Joren nom Zweete Weltkrich. Mat de Joren ass ëmmer weider an eise Chalet an an de Site selwer investéiert ginn.

Eisen aktuelle Komitee leet de Veräin zanter 18 Joren, an mir hoffen, nach e puer Joer derbäizezeleeën. Mir empfänken reegelméisseg Schoulkanner an organiséieren Aktivitéite wéi de Krautwësch, d’Mammendags- an d’Pappendagsfeier. Mat eise Locataire hu mir e ganz gutt Verhältnis. Mir verpachten eis Grondstécker zu engem soziale Präis, soudass all Famill hiert eegent Geméis ubaue kann an zesumme mat de Kanner schéin Deeg am Gaart verbréngt. Verschiddener hunn och e puer Hénger, fir doheem frësch Eeër ze hunn
.
Fir eisen 100. Anniversaire krut all Member, deen eng Kaart vun eiser Ligue beim „Gaart an Heem Déifferdeng“ huet, eng Tablett Schockela als klenge Merci geschenkt.


Léiffrawëschdag; Traditioun vum Wësch

Zeréck op Ukënnegungen vum Mount / Annonces du mois

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement