6. Sonndeg am Joereskrees A - 10./11.2.2024


Home Back Print Kontakt

6. Sonndeg am Joereskrees A - 10./11.2.2024 - (C) Carlo Morbach - 7.2.2024

6. Sonndeg am Joereskrees A - 10./11.2.2024


Léif Matchrëschten! Haut ass Fuessonndeg. Mä et ass awer och de Weltdag vun deene Kranken. Passend zu deem Dag héiere mir am Evangelium eng vun deene ville Geschichte vun Heelungen, iwwer déi ëmmer nees am Neien Testament beriicht ginn. Mol sinn et kierperlech Gebriechen, vun deenen de Jesus Mënsche fräi mécht, mol sinn et awer och Problemer vun der Séil. Mol kommen déi Krank selwer op de Jesus zou, mol ass et awer och hien, deen sech aus eegenem Undriff op dës Mënschen hi beweegt. De Jesus beréiert verschidde Kranker an heelt si, zu anere seet hien och nëmmen ee kuerze Saz an si si gesond. Bäi all deenen Heelunge steet allerdéngs eppes am Mëttelpunkt. Dat ass dem Jesus seng Baarmhäerzegkeet vis-à-vis vun dëse Mënschen. Begréisse mir eisen Här an eiser Mëtt:


Här, Jesus Christus, du méchs Mënsche gesond u Läif a Séil. Kyrie eleison.

Här, Jesus Christus, du versööns d’Mënsche mat enaner. Christe eleison.

Här, Jesus Christus, du bass dat grousst Liicht, dat eist Liewen hell mécht. Kyrie eleison.


Dagesgebiet


Härgott, du hues all déi gär, déi's du erschafen hues, an et ass deng Freed, fir bäi eis Mënschen ze sinn. Gëff eis all een neit a rengt Häerz, dat bereet ass, dech opzehuelen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.


Dieu qui veux habiter les cœurs droits et sincères, donne-nous de vivre selon ta grâce, alors tu pourras venir en nous pour y faire ta demeure.


Herr Jesus Christus, zugewandt zu den Menschen hast du gelebt und gewirkt.
Nichts hat dich von dieser Haltung abgebracht. Dieses heilbringende Dasein feiern wir jetzt. Wir danken dir, dass du der Heiland der Menschen warst und uns auch heute noch bist. Stärke uns im Sakrament des Wortes und des Tisches, damit wir davon glaubwürdig in Wort und Tat Zeugnis geben. Darum bitten wir dich heute und alle Tage unseres Lebens.


Liesungen: Lev 13, 1-2.43-46 / 1 Kor 10, 31 - 11, 1 / Mk 1, 40-45


Lesung aus dem Buch Levitikus.

Der HERR sprach zu Mose und Aaron: Wenn sich auf der Haut eines Menschen eine Schwellung, ein Ausschlag oder ein heller Fleck bildet und auf der Haut zu einem Anzeichen von Aussatz wird, soll man ihn zum Priester Aaron oder zu einem seiner Söhne, den Priestern, führen. Der Priester soll ihn untersuchen. Stellt er eine hellrote Aussatzschwellung fest, die wie Hautaussatz aussieht, so ist der Mensch aussätzig; er ist unrein. Der Priester muss ihn für unrein erklären. Der Aussätzige mit dem Anzeichen soll eingerissene Kleider tragen und das Kopfhaar ungekämmt lassen; er soll den Bart verhüllen und ausrufen: Unrein! Unrein! Solange das Anzeichen an ihm besteht, bleibt er unrein; er ist unrein. Er soll abgesondert wohnen, außerhalb des Lagers soll er sich aufhalten.


Kv Du bist mein Schutz, o Herr,du rettest mich und hüllst mich in Jubel.

Selig der, dessen Frevel vergeben *
und dessen Sünde bedeckt ist.
Selig der Mensch, dem der Herr die Schuld nicht zur Last legt *
und in dessen Geist keine Falschheit ist. 
– (Kv)
Da bekannte ich dir meine Sünde *
und verbarg nicht länger meine Schuld vor dir.
Ich sagte: Meine Frevel will ich dem Herrn bekennen. *
Und du hast die Schuld meiner Sünde vergeben. 
– (Kv)
Der Frevler leidet viele Schmerzen, *
doch wer dem Herrn vertraut, den wird er mit seiner Huld umgeben.
Freut euch am Herrn und jauchzt, ihr Gerechten, *
jubelt alle, ihr Menschen mit redlichem Herzen! 
– Kv


Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth.

Schwestern und Brüder! Ob ihr also esst oder trinkt oder etwas anderes tut: Tut alles zur Verherrlichung Gottes! Gebt weder Juden noch Griechen, noch der Kirche Gottes Anlass zu einem Vorwurf! Auch ich suche allen in allem entgegenzukommen; ich suche nicht meinen Nutzen, sondern den Nutzen aller, damit sie gerettet werden. Nehmt mich zum Vorbild, wie ich Christus zum Vorbild nehme!


Halleluja. Halleluja. Ein großer Prophet wurde unter uns erweckt: Gott hat sein Volk heimgesucht. Halleluja.


Aus dem heiligen Evangelium nach Markus.

In jener Zeit kam ein Aussätziger zu Jesus und bat ihn um Hilfe; er fiel vor ihm auf die Knie und sagte: Wenn du willst, kannst du mich rein machen. Jesus hatte Mitleid mit ihm; er streckte die Hand aus, berührte ihn und sagte: Ich will - werde rein! Sogleich verschwand der Aussatz und der Mann war rein. Jesus schickte ihn weg, wies ihn streng an und sagte zu ihm: Sieh, dass du niemandem etwas sagst, sondern geh, zeig dich dem Priester und bring für deine Reinigung dar, was Mose festgesetzt hat - ihnen zum Zeugnis. Der Mann aber ging weg und verkündete bei jeder Gelegenheit, was geschehen war; er verbreitete die Geschichte, sodass sich Jesus in keiner Stadt mehr zeigen konnte; er hielt sich nur noch an einsamen Orten auf. Dennoch kamen die Leute von überallher zu ihm.


Lecture du livre des Lévites.

Le Seigneur parla à Moïse et à son frère Aaron, et leur dit: «Quand un homme aura sur la peau une tumeur, une inflammation ou une pustule, qui soit une tache de lèpre, on l’amènera au prêtre Aaron ou à l’un des prêtres ses fils. Le prêtre l’examinera et, s’il constate sur la tache, à l’endroit atteint de calvitie totale ou partielle, une tumeur d’un blanc rougeâtre de même aspect que la lèpre de la peau, l’homme est lépreux: il est impur. Le prêtre le déclarera impur. Le lépreux atteint d’une tache portera des vêtements déchirés et les cheveux en désordre, il se couvrira le haut du visage jusqu’aux lèvres, et il criera: “Impur! Impur!” Tant qu’il gardera cette tache, il sera vraiment impur. C’est pourquoi il habitera à l’écart, son habitation sera hors du camp.


R/ Tu es un refuge pour moi; de chants de délivrance, tu m’as entouré.

Heureux l’homme dont la faute est enlevée,
et le péché remis !
Heureux l’homme dont le Seigneur ne retient pas l’offense,
dont l’esprit est sans fraude !
R
Je t’ai fait connaître ma faute,
je n’ai pas caché mes torts.
J’ai dit : « Je rendrai grâce au Seigneur
en confessant mes péchés. »
R
Toi, tu as enlevé l’offense de ma faute.
Que le Seigneur soit votre joie !
Exultez, hommes justes !
Hommes droits, chantez votre allégresse !
R


Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens.

Frères et soeurs, tout ce que vous faites: manger, boire, ou toute autre action, faites-le pour la gloire de Dieu. Ne soyez un obstacle pour personne, ni pour les Juifs, ni pour les païens, ni pour l’Église de Dieu. Ainsi, moi-même, en toute circonstance, je tâche de m’adapter à tout le monde, sans chercher mon intérêt personnel, mais celui de la multitude des hommes, pour qu’ils soient sauvés. Imitez-moi, comme moi aussi j’imite le Christ.


Alléluia. Alléluia. Un grand prophète s’est levé parmi nous, et Dieu a visité son peuple. Alléluia. 


Évangile de Jésus Christ selon saint Marc.

En ce temps-là, un lépreux vient auprès de lui; il le supplie et, tombant à ses genoux, lui dit: «Si tu le veux, tu peux me purifier.» Saisi de compassion, Jésus étendit la main, le toucha et lui dit: «Je le veux, sois purifié.» À l’instant même, la lèpre le quitta et il fut purifié. Avec fermeté, Jésus le renvoya aussitôt en lui disant: «Attention, ne dis rien à personne, mais va te montrer au prêtre, et donne pour ta purification ce que Moïse a prescrit dans la Loi : cela sera pour les gens un témoignage.» Une fois parti, cet homme se mit à proclamer et à répandre la nouvelle, de sorte que Jésus ne pouvait plus entrer ouvertement dans une ville, mais restait à l’écart, dans des endroits déserts. De partout cependant on venait à lui.


Priedegt


Léif Matchrëschten! “Was Mose festgesetzt hat.” (Mk 1, 44c) An der Liesung vun haut aus dem Buch Levitikus (Lev 13, 1-2.43-46) hu mir héieren, wat de Mose festgesat huet fir de Fall vun enger Krankheet. Am Fong ass esou ee Bléck op eppes, wat viru laanger Zäit nidder geschriwwe gouf, dach eegenaarteg. Et kann een domat Villes rechtfäerdegen an et brauch een sech dann net méi selwer mat der Matière ze befaassen. Schliisslech geet et jo hei am Fall ëm d’Wuert vu Gott. Dat ass jo da wuel wuertwiertlech ze huelen, oder?


Aussätzeger” sinn aus der Gemeinschaft ausgeschloss ginn. Dat war net einfach eng medezinesch Noutwendegkeet. Well och schonn zur Zäit vum Jesus dierft bekannt gewiescht sinn, dass net all Krankheet ustiechend ass. Mä bäi dem “Aussetzen” aus der Gemeinschaft goung et deemools haaptsächlech em eng kultesch a rituell Geschicht. D’Reegele waren zimmlech komplex an deem Punkt an et konnt séier eng “Onrengheet” geschéien, sou dass de reliéise Kult a Gefor war. Et war allerdéngs dann och äusserst bequeem esou “Aussätzeger” einfach emol aus der Gesellschaft ze ecartéieren. Da waren si net méi am Bléck an si hu kee méi gestéiert. D’Gesellschaft konnt bequeem weider liewen ouni sech weider ëm des aarm Leit missen ze këmmeren.


Et war een haart Urteel, wat des “Aussätzeg” deemools iwwer sech hu missten ergoe loossen. Wa mir eis an si wéilten era versetzen, da misste mir emol kucken, wéi et dann haut ass mat deenen, déi eis modern Gesellschaft ausschléisst. An der Kierch wéi am Staat schléisse mir nach ëmmer ganz Gruppe vu Mënschen aus, well si net den Normen an de Reegelen entspriechen. Konventiounen a Grondsätz bestëmmen weider eist Liewen an déi, déi net an dëst fest Schema era passen, ginn eraus geheit a wéi Mënschen ouni Recht behandelt. An der Kierch fann dir ganz séier esou Beispiller: d’Fraen, déi Gescheet, déi Schwul an d’Lesben an nach anerer. Am Staat fann dir der Mënschen och: do sinn et da vläicht Mënschen op der Flucht, Mënsche mat anere gesellschaftlechen oder reliéise Virstellungen, an da, ganz nei, déi op der Strooss heeschen. “Aussätzeger” kennt deemno eis modern Gesellschaft och. An deene meeschte Fäll gi mir änlech stuer a streng mat hinnen ëm, wéi an der biblescher Zäit.


Scheiteren a säi Liewen net op d’Rei kréien, wéi et der unerkannter Norm entsprécht, ass haut ee Grond, fir Mënschen ze exiléieren aus dem alldeegleche Liewen. Si gi vun uewen erof behandelt, als asozialer betitelt, als Faulenzer bezeechent asw. An der Kierch sinn et da Sënner, déi d’Normen an d’Reegelen net anhalen. Si hu keng Rechter méi a gi vun de Sakramenter ausgeschloss. Wat een Onrecht eigentlech? Wat fir eng Iwwerhieflechkeet vu Leit, déi d’Soen hunn an déi sech wuel ni virstelle kënnen, dass si selwer emol an eng Nout kéinte geroden? Mir kennen haut vill Manéieren, fir Mënschen an eng Roll als Aussesäiter ze zwéngen. Mir maachen si zu “Pariaën” a behandelen si wéi “Aussätzeger”. Ass dat wierklech richteg? Ass dat am Sënn vum Jesus a senger Botschaft? Wéi géif sech de Jesus wuel haut zu all deene verhalen, déi mir ausschléissen?


D’Evangelium vun haut ass ee ganz schéint Beispill, wéi de Jesus handelt a wéi hien de Mënsche begéint. E puer Momenter an dësen Zeile kënnen eis fir haut eng Pist opzeechnen, wéi mir mat Mënsche sollten ëmgoen, déi scheinbar net an d’Norm passen.


Wa mir d’Evangelium vun haut reng historesch betruechten, da reduzéiere mir et op eng banal Wonnergeschicht, déi eis näischt méi ze soen huet. Mä et ass net dat Entscheedend, dass do ee Mënsch gesond gouf. Entscheedend ass, dass hei eigentlech zwee Wonner geschéien.


1. Dat éischt Wonner besteet doran, dass do ee Mënsch ass, deen sech traut no Méint oder vläicht Joren, déi him gesate Grenz ze iwwerschreiden an all Virschrëften ze ignoréieren. Hie geet vun sech aus op de Jesus zou. Hien hëlt all säi Mutt an d’Hand, léist all Reegele Reegel sinn a freet ëm Hëllef. Hie leent sech géint dat Gebot op, dat fir hien un sech den Doud bedeit, dee soziale wéi och dee realen Doud.


2. Dat zweet Wonner besteet dann doran, dass och vum Jesus d’Gesetz iwwerschratt gëtt. De Jesus geet op deen “Aussätzegen” zou a beréiert hien. Dat war eppes, dat ganz strikt net erlaabt war.


Op der enger Säit ass d’Nout an op der anerer d’Erbaarmen. De Jesus weist hei ganz däitlech, dass an der absolutter mënschlecher Nout weder gesellschaftlech Reegelen nach reliéis Tabue gëllen. Fir de Jesus sinn des Normen esou vill wäert, wéi wann si an de Sand oder an d’Waasser geschriwwe wieren. Wann ee Mënsch eppes brauch, dann zielt nëmmen eppes: déi matmënschlech Zouwendung.[1]


Natierlech ass et net einfach, fir Mënschen aus hirer Nout eraus ze hëllefen. Ënnerstëtzungen am Materielle wéi am Mënschlechen, si sécher wichteg. Si notzen awer och nëmmen dann, wann deen, deen an Nout ass, och selwer bereet ass, fir sech sengem Schicksal ze stellen an dann sech selwer wëll aus der Nout eraus manövréieren. Och déi Dimensioun erzielt eis haut d’Evangelium.


Am Ganze muss ee gesinn, dass all Reegelen nëmme mat Virsiicht ze kucke sinn. Nach ëmmer gëllt och dem Jesus säin Aussproch: “Der Sabbat wurde für den Menschen gemacht, nicht der Mensch für den Sabbat.” (Mk 2, 27) Un dëser, ech géif gär soen, fundamentaler Reegel vum Jesus huet sech eis Gesellschaft, mä ganz besonnesch och eis Kierch ze orientéieren.


[1] Vgl. Josef Imbach, Steh auf und Geh! Das Markusevangelium für heute ausgelegt, Theologischer Verlag Zürich 2023, S. 39.


Fürbitten


Virun eisen Här Jesus Christus brénge mir haut um Weltdag vun de Kranken eis Gebieder:


* Fir all krank Mënschen an déi, déi sech ëm si këmmeren: schenk hinnen Trouscht a Kraaft, sou dass si hier Situatioun mat Mutt droe kënnen. Christus, héier eis.


* Fir all Dokteren a Wëssenschaftler, déi Krankheeten an Therapien erfuerschen: schenk hinnen ee wakerege Geescht. Christus, héier eis.


* Fir all, déi duerch Sträit un hirer Séil krank gi sinn: schenk hinnen een neie Fridden an hirem Häerz. Christus, héier eis.


* Fir all, déi’s du scho bäi dech geruff hues: schenk hinnen d’Erfëllung bäi dir. Christus, héier eis.


Här Jesus, mir soen dir Merci fir deng Zouwendung a Léift. Si sinn ee grousst Geschenk, dat eis eist Liewe méi liicht mécht. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.


II.


Comme pour le lépreux, le Seigneur peut nous toucher et nous transformer par sa parole. C’est pourquoi, en cette Journée mondiale des malades, nous le prions avec ferveur et confiance.

Ô Seigneur, écoute notre prière.


Pour que les malades gardent espoir et sérénité, et pour qu’ils puissent unir leurs souffrances à la mort et à la résurrection du Christ, prions le Seigneur.


Pour que les personnes qui se sentent exclues ou marginalisées gardent espérance en l’amour du Père, prions le Seigneur.


Pour que les personnes chargées d’interpréter et d’appliquer les lois de l’Église ou de la société se laissent guider par le commandement de l’amour, prions le Seigneur.


Pour que les chrétiennes et les chrétiens, unis par un même baptême, œuvrent sans cesse en vue d’une communion plus profonde, prions le Seigneur.


Pour que tous les membres de notre communauté apprennent à tendre la main à la manière de Jésus, prions le Seigneur.


Dieu notre Père, réunis en ton nom, nous te savons parmi nous. Plus nous te connaissons, plus nous avons confiance en ton amour et en ton aide. C’est pourquoi nous te demandons d’exaucer nos prières, par Jésus Christ, ton Fils, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)


Gowegebiet


Baarmhäerzege Gott, dëst hellegt Affer soll eis fréi vun all Sënd an zu neie Mënsche maachen. Et soll eis hëllefen, no dengem Wellen ze liewen, fir datt mir dee versprachene Loun empfänken. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.


Que cette eucharistie, Seigneur, notre Dieu, nous purifie et nous renouvelle; qu'elle donne ä ceux qui font ta volonté le bonheur que tu leur as promis. Par Jésus.


Gott unser Vater, sooft wir das Gedächtnis des Opfers Christi feiern, vollzieht sich an uns das Werk der Erlösung. Gib, dass wir den Auftrag deines Sohnes in rechter Weise erfüllen durch ihn, Christus, unsern Herrn.


Hochgebet - „Fastnacht“

Präfation
Gott, wir danken dir. Wie leicht sind diese Tage:
Wir begegnen Prinzessinnen, und im Bus sitzt neben uns ein kleiner Bär.
Die Poesie lockt uns und die Phantasie belebt uns.
Da ist Bewegung und Musik, und sie nehmen uns mit
und machen unser Leben weit.
Wir danken dir,
dass du uns nicht bloß geschaffen hast,
dass wir verzichten, dass wir geben und leiden.
Du hast uns geschaffen, das Glück von Händen zu begehren,
die Süße der Früchte zu kosten,
den Duft der Blumen zu suchen 
und beim Klang der Musik zu erbeben.
Laut und schön wollen wir dir, Gott, singen.

Sanctus

Gott, wir danken für den, der uns an unsere menschliche Würde erinnert.
Er hat sich Zeit genommen, Mensch zu sein:
mit dem Brautpaar hat er Hochzeit gefeiert, inmitten des Seesturms geschlafen,
 
den Hungrigen Wort, Brot und Fisch gegeben,
sich die Salbung der Magdalena gefallen lassen
und sich an Lilien, Spatzen und Kindern gefreut.

Als sein Abschied in der Luft lag, hat Jesus Brot genommen und Wein,
sie geteilt, gedeutet und gesegnet.
 

Deine Lebenskraft beseele die Dinge und Geschöpfe –
wie am Anfang, wie am Ende – und bewirke Verbundenheit und Verbindlichkeit.

Darum bitten wir dich: Sende deinen Geist über Brot und Wein,
damit Jesus Christus
 + mit Leib und Blut in unserer Mitte gegenwärtig wird.

Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er beim Mahl das Brot 
und sagte dir Dank, brach das Brot, reichte es seinen Jüngern und sprach:


NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.


Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum,
reichte den Kelch seinen Jüngern und sprach:


NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: 
DAS IST DER KELCH DES NEUEN
 
UND EWIGEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH 
UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
 
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.


Geheimnis des Glaubens

Jesus, du hast gesagt: Tut das immer wieder,
damit unter uns gegenwärtig ist, was du für uns getan hast:

Das Brot füreinander brechen, den Wein miteinander teilen,
uns genau erinnern, wie es war: Dein Leben – dein Sterben – dein Auferstehn.

Seht euch die Vögel des Himmels an, lernt von den Lilien, die auf dem Feld wachsen.

Wir möchten es lernen: Uns nicht zu sehr zu sorgen um unser Leben.
Zu loben, den Morgen vor dem Abend.
Zu glauben, dass es gut wird.
Zu wachsen im Vertrauen.

Als Kirche möchten wir den Menschen eine Botschaft nahebringen, die alle froh macht. 
Unsere Toten, sie mögen aufgehoben sein
in der Freude, die kein Ende findet.
Unsere Welt, sie soll in Fülle zu leben haben.

Es ist schön zu leben!

Mit König David, der gehüpft und getanzt, 
der die Menschen gesegnet und beschenkt hat;
mit Jesus von Nazareth,
durch den die neue Welt offenbar wird, 
mit den wilden Lilien und den Spatzen,
mit den Kindern, 
mit allen Engeln im Himmel und auf der Erde, preisen wir dich dafür!

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, 
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.

aus der Schweiz; Quelle unbekannt


Vater Unser


Zum Härgott, deen eis ëmmer wëll begleede wéi ee gudde Papp, wëlle mir bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater Unser ...


Friddensgebiet


Engem aneren d'Hand ze reeche fir Fridden ze schléissen, dat fält ganz dacks zimmlech schwéier. Onfridden awer mécht eis Séil krank. Onfridden isoléiert eis vun enaner sou wéi d'Lepra. Dofir ass et gutt, wa mir et fäerdeg bréngen eis fir de Fridden op enaner zou ze beweegen an eis ze versönen. Weise mir elo och hei, dass mir dozou bereet sinn duerch een Zeeche vun Unerkennung. De Fridde sief mat iech all.


Schlussgebiet


Gott, vun dir kennt all Guddes. Du hues eis d’Brout vum Himmel geschenkt. Erhal eist Verlaangeren no dësem Brout, dat fir eist eigentlecht Liewe bäi dir steet. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.


Tu nous as donné, Seigneur, de goûter aux joies du ciel: fais que nous ayons toujours soif des sources de la vraie vie. Par Jésus.


Guter Gott, du hast uns in dieser Feier gestärkt im Sakrament des Wortes und des Tisches. Dafür danken wir dir. Lass uns in deiner Liebe geborgen bleiben, wenn wir hinausgehen in unseren Alltag. Bleib uns nahe auf unseren Wegen und lass sie uns gehen als Zeuginnen und Zeugen des Evangeliums. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.


Mass vum 4. Februar
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 14. Februar

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement