Allerséilen 2.11.2021


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! Op et mat deem eegenen Doud ganz eriwwer ass, oder op et iergendwéi weidergeet an och wéi et weidergeet, dat si schonn an der Bibel an doriwwer eraus déi bedeitend Froen, déi sech d’Mënschen stellen. Eng vun deene wichtegsten Iddien, déi eise Glawen präägt, ass d’Hoffnung, dass et eng Opersteeung vun Doud gëtt, wéi och ëmmer déi soll ausgesinn. Allerséilen erënnere mir eis ganz däitlech un all eis Verstuerwen. Mir fillen eis mat esou ville Mënschen iwwert den Doud eraus verbonnen. Si sinn an eisem Denken. Si begleeden eis an der Erënnerung. Haut biede mir zu Gott, dass hien dat un hinnen wouer mécht, wat mir hoffen, ee Liewen nom Doud am Fridden an an der Léift. Loosse mir säin Erbaarmen fir si an eis uruffen.

Här Jesus Christus, du bass d’Quell vum Liewen.
Här Jesus Christus, du bass deen éischten, dee vun den Doudegen operstanen ass.
Här Jesus Christus, du bass d’Zil vun eisem ierdesche Liewen.

Dagesgebiet

Här eise Gott, du bass d’Liicht vun deene Gleewegen an d’Liewe vun dengen Hellegen. Du hues eis duerch den Doud an d’Opersteeung vun dengem Jong erléist. Kuck a Gnod op all eis Verstuerwen, déi d’Geheimnis vun eiser Opersteeung gleeweg bekannt hunn, a looss fir éiweg deng Herrlechkeet gesinn. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här. Amen.

Écoute nos prières avec bonté, Seigneur : fais grandir notre foi en ton Fils ressuscité des morts, pour que soit plus vive aussi notre espérance en la résurrection de tous nos frères défunts.

Liesungen: Ijob 19,1.23-27a / Röm 14,7-9.10c-12 / Joh 6, 37-40

Lesung aus dem Buch Ijob.
Ijob sprach: Würden meine Worte doch geschrieben, würden sie doch in ein Buch eingeritzt, mit eisernem Griffel und mit Blei, für immer gehauen in den Fels. Doch ich, ich weiß: Mein Erlöser lebt, als Letzter erhebt er sich über dem Staub. Ohne meine Haut, die so zerfetzte, und ohne mein Fleisch werde ich Gott schauen. Ihn selber werde ich dann für mich schauen; meine Augen werden ihn sehen, nicht mehr fremd.

Kv. Der HERR ist mein Licht und mein Heil.
Der HERR ist mein Licht und mein Heil: *
Vor wem sollte ich mich fürchten?
Der HERR ist die Zuflucht meines Lebens: *
Vor wem sollte mir bangen? Kv
Eines habe ich vom HERRN erfragt, *
dieses erbitte ich:
im Haus des HERRN zu wohnen *
alle Tage meines Lebens. Kv
Höre, HERR, meine Stimme, wenn ich rufe; *
sei mir gnädig und gib mir Antwort!
Mein Herz denkt an dich: Suchet mein Angesicht! *
Dein Angesicht, HERR, will ich suchen. Kv
Ich bin gewiss, zu schauen *
die Güte des HERRN im Land der Lebenden.
Hoffe auf den HERRN, / sei stark und fest sei dein Herz! *
Und hoffe auf den HERRN! Kv

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.
Schwestern und Brüder! Keiner von uns lebt sich selber und keiner stirbt sich selber: Leben wir, so leben wir dem Herrn, sterben wir, so sterben wir dem Herrn. Ob wir leben oder ob wir sterben, wir gehören dem Herrn. Denn Christus ist gestorben und lebendig geworden, um Herr zu sein über Tote und Lebende. Wir werden doch alle vor dem Richterstuhl Gottes stehen. Denn es steht geschrieben: So wahr ich lebe, spricht der Herr, vor mir wird jedes Knie sich beugen und jede Zunge wird Gott preisen. Also wird jeder von uns vor Gott Rechenschaft über sich selbst ablegen.

Halleluja. Halleluja. Gott hat die Welt so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, damit jeder, der an ihn glaubt, das ewige Leben hat. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
In jener Zeit sprach Jesus: Alles, was der Vater mir gibt, wird zu mir kommen, und wer zu mir kommt, den werde ich nicht abweisen; denn ich bin nicht vom Himmel herabgekommen, um meinen Willen zu tun, sondern den Willen dessen, der mich gesandt hat. Das aber ist der Wille dessen, der mich gesandt hat, dass ich keinen von denen, die er mir gegeben hat, zugrunde gehen lasse, sondern dass ich sie auferwecke am Jüngsten Tag. Denn das ist der Wille meines Vaters, dass jeder, der den Sohn sieht und an ihn glaubt, das ewige Leben hat und dass ich ihn auferwecke am Jüngsten Tag.

Lecture du livre de Job.
Job prit la parole et dit: Ah, si seulement on écrivait mes paroles, si on les gravait sur une stèle avec un ciseau de fer et du plomb, si on les sculptait dans le roc pour toujours! Mais je sais, moi, que mon rédempteur est vivant, que, le dernier, il se lèvera sur la poussière; et quand bien même on m’arracherait la peau, de ma chair je verrai Dieu. Je le verrai, moi en personne, et si mes yeux le regardent, il ne sera plus un étranger.

R/ Ma lumière et mon salut, c’est le Seigneur, alléluia !
Le Seigneur est ma lumière et mon salut; de qui aurais-je crainte?
Le Seigneur est le rempart de ma vie; devant qui tremblerais-je? R
J’ai demandé une chose au Seigneur, la seule que je cherche :
habiter la maison du Seigneur tous les jours de ma vie. R
Écoute, Seigneur, je t’appelle! Pitié! Réponds-moi!
C’est ta face, Seigneur, que je cherche : ne me cache pas ta face. R
Mais j’en suis sûr, je verrai les bontés du Seigneur sur la terre des vivants.
«Espère le Seigneur, sois fort et prends courage; espère le Seigneur.» R

Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Romains.
Frères et soeurs! En effet, aucun d’entre nous ne vit pour soi-même, et aucun ne meurt pour soi-même: si nous vivons, nous vivons pour le Seigneur; si nous mourons, nous mourons pour le Seigneur. Ainsi, dans notre vie comme dans notre mort, nous appartenons au Seigneur. Car, si le Christ a connu la mort, puis la vie, c’est pour devenir le Seigneur et des morts et des vivants. Tous, en effet, nous comparaîtrons devant le tribunal de Dieu. Car il est écrit : Aussi vrai que je suis vivant, dit le Seigneur, tout genou fléchira devant moi, et toute langue proclamera la louange de Dieu. Ainsi chacun de nous rendra compte à Dieu pour soi-même.

Alléluia. Alléluia. Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique, afin que ceux qui croient en lui aient la vie éternelle. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Jean.
En ce temps-là Jésus disait aux foules: Tous ceux que me donne le Père viendront jusqu’à moi; et celui qui vient à moi, je ne vais pas le jeter dehors. Car je suis descendu du ciel pour faire non pas ma volonté, mais la volonté de Celui qui m’a envoyé. Or, telle est la volonté de Celui qui m’a envoyé: que je ne perde aucun de ceux qu’il m’a donnés, mais que je les ressuscite au dernier jour. Telle est la volonté de mon Père : que celui qui voit le Fils et croit en lui ait la vie éternelle; et moi, je le ressusciterai au dernier jour. »

Priedegt

Léif Matchrëschten! Ech hat fir Allerhellegen schonn ee Kommentar zu engem Bild gemaach, dat an de soziale Medien ënnerwee ass a wou de Péitruss un der Himmelsdier kontrolléiert op een da wierklech der 3-G-Reegel entsprécht fir an den Himmel ze kommen. Haut muss ech zu engem weidere Bild eppes soen. Dat hunn ech och esou fonnt. Do steet op engem Schëld: «Friedhof. Einlass nur mit gültigen Impfpass.» Dat Bild ass einfach derwäert, dass ee muss driwwer nodenken.

Kuerz nodeems ech et gesinn hat, koumen nämlech vun der Leedung vun eisem Bistum d’Consignen fir d’Kierfecht-Seenungen fir dëst Joer. Jiddereen sollt mat Mask an op Distanz do stoen an esou weider. Ech hunn dach awer ë bëssi missten iwwer dat ganzt nodenken. Dat Schëld huet mech net zur Rou komme gelooss. Et ass wuel kloer, wat do am Eescht gemengt ass. Och um Kierfecht gëllen déi aktuell Corona-Reegelen an et ass, wéi mir bäi deenen Zuel vun Infektiounen, déi rëm kräfteg um klamme sinn, net fir dat op d’liicht Schëller ze huelen.

Lo kann een dat Schëld awer och nach anescht deiten a gesinn. Wien gëtt op ee Kierfecht eragelooss? Dat sinn dach wuel eis verstuerwe Matmënschen. Mussen si dann och nach ee gültegen Impfpass virweisen? Wat berechtegt si fir do op de Kierfecht eragelooss ze ginn?

Mir wëssen all, dass ee Kierfecht eng Plaz ass, déi eis net ëmmer esou roueg stëmmt. Mir hunn ee beonrouegend Gefill am Häerz, wa mir dohi ginn. Do sinn esou vill Mënschen, déi mir gär haten, déi d’Liewen mat eis gedeelt hunn, déi eis d’Liewe geschenkt hunn, jo och heiansdo Kanner, deene mir d’Liewe geschenkt hunn. De Kierfecht ass eng Plaz, wou mir ganz däitlech un eisen eegene Wee erënnert ginn als Mënschen. Dat fält eis net onbedéngt liicht.

Ech hu mech dofir gefrot, wat elo am iwwerdroene Sënn ee gültegen Impfpass kéint fir eis sinn, wa mir op ee Kierfecht ginn.

Ech huelen dat däitscht Wuert «Friedhof». Dëst Wuert kënnt etymologesch einfach emol dohier, dass et ee Grondstéck ass, dat mat enger Mauer oder eppes änlechem ëmginn ass, zu däitsch «ein eingefriedetes Grundstück». Da stécht awer eben do och dat Wuert «Frieden» dran. Et ass also eng Plaz, déi roueg an harmonesch soll sinn, dës Plaz soll net ugetaascht ginn. Hei op engem Kierfecht soll Fridden a Rou sinn. Iergendwéi mécht genee dat och Sënn. Eis Verstuerwen sollen a Rou gelooss ginn. Si sollen am Fridde sinn. Si sollen net gestéiert ginn. Et soll deemno eng Plaz vun dankbarer Erënnerung, eng Plaz vun respektvollem Undenken un all eis Leit sinn.

Aus deem Gedanken koum mir dofir och d’Iddi vum gültegen Impfpass fir op de Kierfecht ze goen. Wouran besteet deen? Ma ech mengen et kann een et esou soen: Mir als déi, déi elo nach liewen an déi op de Kierfecht wëlle goen, sollen an eisem Häerz Fridden a Rou droen vis-à-vis vun eise Verstuerwenen. Eng Impfung am medezinesche Beräich, wéi grad elo bäi Corona, soll sécher eis selwer schützen, mä awer och eis Matmënschen. D’Impfung, déi gebraucht gëtt fir ee Kierfecht ze betrieden besteet dann doran, dass ech Fridden am Häerz, a mengem Kierper, a mengem Liewen droen. Dat schützt mech virun all ze grousser Nout an Trauer. Dat schützt awer och eis Leit, déi gestuerwe sinn, well ech maachen hinnen da keng Virwërf méi, well si vläicht dëst oder dat net gutt gemaach hunn. Ech, wann ech esou mat Fridden a Rou geimpft sinn, kann och si am Fridden roue loossen.

D’Impfung géint Corona bréngt mir am Moment eng gewësse Rou a Geloossenheet, fir erëm ze liewen. D’Impfung mat Fridden gëtt mir eng gewësse Geloossenheet mam Doud vu léiwe Mënschen eens ze ginn an si och am Fridden bäi Gott ze wëssen. Eng läscht Sécherheet gëtt et wuel ni. D’Corona-Impfung wäert net all Eventualitéit vun der Krankheet aus der Welt oder mengem Liewen schafen. Awer si léist mech schonn zur Rou kommen. D’Impfung mat Fridden léist mech eis Welt dankbar kucken. A grad déi, déi sech am mannsten géint Uschëllegungen an aneres wiere kënnen, sinn eis Verstuerwen. Si sollten also och besonnesch geschützt ginn an deem Sënn. Dofir sinn ech derfir, dass mir nëmmen mat Fridden am Häerz op ee Kierfecht solle goen, dass mir also den Impfpass vum Fridden an eisem Häerz droen an esou eise Verstuerwenen och dëse Fridden bréngen.

Fürbitten

Zu Gott, dee fir eis d’Opersteeung an d’Liewen ass, komme mir mat allem, wat eis Häerzer nidder dréckt:

  • Tréischt all, déi haut um Graf vun engem léiwe Mënsch traueren, a schenk hinnen dat Vertrauen, dass du eis iwwert den Doud eraus an denger Léift gebuergen häls. Härgott, héier eis.
  • Stäerk all, déi duerch eng onheelbar Krankheet dem Himmel entgéint ginn, a looss si deng Hand spieren, déi si an een neit Liewen féiert. Härgott, héier eis.
  • Sief mat denger Léift bäi allen, déi hirem Liewen een Enn setze wëllen, a looss si Mënschen fannen, déi hinnen hëllefen, d’Freed um Liewen erëm zeréckzegewannen. Härgott, héier eis.
  • Huel all eis léif Verstuerwen op an däin himmlescht Räich a schenk hinnen do däi Fridden. Besonnesch denke mir haut och un ... . Härgott, héier eis.

Gott, eise Papp, mir soen dir Merci fir déi Dir zum Liewen, déi’s du eis an der Opersteeung vun dengem Jong opgemaach hues. Erbaarm dech eisen Verstuerwenen. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, eise Brudder an Här. Amen.

II

Jésus nous a ouvert le passage de la mort à la vie. En son nom, nous prions Dieu pour tous nos frères et sœurs. Donne ta paix, Seigneur .

– À ceux et celles qui ont accompagné cette année un être cher dans son passage vers la vie nouvelle, donne ta paix, Seigneur.

– Aux chrétiens et aux chrétiennes angoissés ou révoltés par la réalité de la mort, donne ta paix, Seigneur.

– Aux personnes qui souffrent et voient venir la fin dans la solitude, donne ta paix, Seigneur.

– Aux enfants qui vont perdre un parent, aux parents qui ont perdu un enfant, donne ta paix, Seigneur.

– À nous ici rassemblés qui croyons en la promesse de vie éternelle, donne ta paix, Seigneur.

Dieu notre Père, tu ne veux pas notre mort. Tu trouves ton bonheur et ta gloire dans la vie de tous tes enfants. Réalise ce que tu as promis et conduis-nous tous ensemble vers le Royaume éternel. Nous te le demandons par ton Fils, Jésus ressuscité et vivant, pour les siècles des siècles. Amen.
(http://www.vieliturgique.ca)

Gowegebiet

Här, eise Gott, kuck an denger Guttheet op des Gowen. Huel all deng Frënn, eis Bridder a Schwësteren, op an d’Herrlechkeet vun dengem Jong, mat deem och mir duerch dat grousst Sakrament vun der Léift verbonne sinn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Sois favorable à nos offrandes, Seigneur: que tous les fidèles défunts soient admis dans le Royaume avec ton Fils qui nous unit les uns aux autres par le mystère de son amour. Lui qui règne.

Schlussgebiet

Baarmhäerzege Gott, mir hunn d’Gediechtnes vum Doud an der Opersteeung vu Christus gefeiert fir eis Bridder a Schwësteren. Féier si vum Doud an d’Liewen, aus der Däischtert an d’Liicht, aus der Bedrängnis an déi Fridden. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Ouvre, Seigneur, à nos frères défunts ta maison de lumière et de paix, car c’est pour eux que nous avons célébré le sacrement de Pâque. Par Jésus.


Mass vum 1. November
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Mass vum 7. November

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement