|
2. Ouschtersonndeg – 11.4.2021 B
Léif Matchrëschten! Ouschteren huet alles op de Kapp gestalt. Den Doud ass net einfach d’Enn. Gott féiert aus dem Doud an een neit Liewen. Dat ass ee Saz vum Glawen, deen ee gewéinlech als gleewege Chrëscht nawell liicht esou dohi seet. Awer wat bedeit dee Saz? Eescht, jo ganz eescht gëtt et, wa mir perséinlech am Liewen mam Doud konfrontéiert ginn, wa Mënschen, déi mir gär hunn stierwen, wa kleng Kanner stierwen, wa Mënsche leiden an erbäermlech zu Gronn ginn. Kënne mir do nach un eng Opersteeung gleewen? Zweiwel sinn dann scho berechtegt. Zweiwel si mënschlech, wéi och d’Evangelium vun haut weist. Allerdéngs ass et grad da wichteg, dass mir eis vun der Botschaft vun der Baarmhäerzegkeet vu Gott uréiere loossen a vertrauen, dass Gott dach trotz all deem Misär eppes Guddes ka bewierken. Froe mir ëm d’Gnod vun dësem Vertrauen. Kyrie
Här Jesus Christus, du hues d’Wonnen vun der Gewalt an dem Mëssbrauch um eegene Läif erfuer. Kyrie eleison. Här Jesus Christus, erbaarm dech eiser. Hëllef eis selwer ëmmer baarmhäerzeg ze sinn mat deenen, déi Nout hunn. Erneier an eis deng Léift. Dir sief all Éier fir ëmmer an éiweg. Amen. Dagesgebiet
Barmherziger Gott, durch die jährliche Osterfeier erneuerst du den Glauben deines Volkes. Lass uns immer tiefer erkennen, wie heilig das Bad der Taufe ist, das uns gereinigt hat, wie mächtig dein Geist, aus dem wir wiedergeboren sind, und wie kostbar das Blut, durch das wir erkauft sind. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Dieu de miséricorde infinie, tu ranimes la foi de ton peuple par les célébrations pascales ; augmente en nous ta grâce pour que nous comprenions toujours mieux quel baptême nous a purifiés, quel Esprit nous a fait renaître, et quel sang nous a rachetés. Par Jésus Christ. Barmherziger Gott, dein Sohn Jesus ist ein Opfer der Gewalt geworden. So wird sichtbar, dass du allen Gewaltopfern nahe bist. Du solidarisierst dich mit ihnen. Du lässt sie nicht im Stich. Hilf uns, deinem Sohn Jesus nachzufolgen auf dem Weg der Solidarität. Bewahre uns davor, den Opfern der Gewalt gegenüber gleichgültig zu sein. Mach uns zu Menschen, die barmherzig und hilfsbereit sind. Darum bitten wir dich im Heiligen Geist durch Christus, unseren Bruder und Herrn. Amen. Liesungen: Apg 4, 32-35 / 1 Joh 5, 1-6 / Joh 20, 19-31 Lesung aus der Apostelgeschichte. Kv Danket dem Herrn, denn er ist gut, denn seine Huld währt ewig. Lesung aus dem ersten Johannesbrief. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Weil du mich gesehen hast, Thomas, glaubst du. Selig sind, die nicht sehen und doch glauben. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture des Actes des Apôtres. R/ Rendez grâce au Seigneur : Il est bon ! Éternel est son amour ! Lecture de la première lettre de saint Jean. Alléluia. Alléluia. Thomas, parce que tu m’as vu, tu crois, dit le Seigneur. Heureux ceux qui croient sans avoir vu ! Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt
Léif Matchrëschten! "Wenn ich nicht das Mal der Nägel an seinen Händen sehe und wenn ich meinen Finger nicht in das Mal der Nägel und meine Hand nicht in seine Seite lege, glaube ich nicht." Wann ech net gesinn, gleewen ech net! Mir mussen ëmmer erëm Beweiser virgeluecht kréien. Mir mussen ëmmer erëm selwer kënnen nopréiwen, op et da wierklech stëmmt, wat do behaapt gëtt. Den Apostel Thomas passt do ganz gutt zu eis. Hie freet no. Hien zweiwelt. Och mir stellen eis d’Fro, wat dat dann ass ’Opersteeung vun den Doudegen’, ’Opersteeung vum Jesus’. Wat bedeit et? De Glawen un d’Opersteeung vum Jesus bedeit vun Ufank un net, dass een un eng ’Wiederbelebung’ vun der Läich vum Jesus gegleeft huet. De Glawen un d’Operweckung huet sech ëmmer verbonnen mat dem Glawen un eng Erhéijung hin zu Gott. An dat heescht eben, zënter Ouschteren gëtt net un ee vergaangent Ereegnis gegleeft. Gegleeft gëtt un d’Presenz vum Jesus an der Kierch an an der Welt. Et ass dëse Glawen un déi bleiwend Presenz, déi d’Chrëschte fäeg mécht eraus an d’Welt ze goen a vun der Botschaft vun der Léift ze schwätzen an si ze liewen. Deen Operstanenen ass an eis operstanen. Hie lieft an eis. Mir musse grad haut erëm lasskommen vun deem iwwer Joerhonnerten ale Bild vun der materieller Realitéit vun der Opersteeung. Deemools hunn d’Frënn vum Jesus kee materielle Beweis gebraucht. An den Bekenntnisser vum Paulus, dee sech jo op mëndlech Berichter bezitt, kennt keen eidelt Graf vir. Dat war onwichteg. Wichteg war dëst Liewen vum Jesus an senger Gemeinschaft, an deenen, déi un hie gegleeft hunn, déi op seng Botschaft vertraut hunn. Si hunn d’Botschaft vum Jesus net einfach nëmmen weider gedroen a Form vu Wierder, neen, si hunn dës Botschaft real gelieft, wéi eis d’Liesung aus der Apostelgeschicht vun dësem Sonndeg jo sou däitlech virun Aen féiert. Eréischt vill méi spéit, wéi d’Evangelien niddergeschriwwe goufen, koum ëmmer méi, an dat bis an eis Zäit, d’Fro no deene materielle Beweiser op. D’Johannesevangelium ass ganz spéit geschriwwe ginn. Do waren d’Apostelen, also déi direkt Aenzeien vum Jesus, net méi do. D’Mënsche konnten deemno nëmmen op Gronn vun der Verkënnegung gleewen. Eist Evangelium vun haut meditéiert eigentlech genee deen Ëmstand, dass Chrëschten elo eben net méi konkret a real dee Jesus erfuere kënnen. Allerdéngs ass eng Erzielung vun enger Erscheinung fir eis haiteg Chrëschten och net onbedéngt dat, wat eis zu engem déiwe Glawe féiert. Den Thomas wëll sech awer eben net op Erzielungen beruffen fir ze gleewen. An dat ass da genee dat, wat wuel d’Lieser vum Johannesevangelium och beweegt huet, nämlech d’Fro no der Aart a Weis, wéi deen Operstanenen fir si géigewäerteg ass. Dat ass och eis Fro haut. Wéi ass dëse Jesus, dee gelidden a gestuerwen ass, vun deem mir soen, dass hien operstanen ass, elo bäi eis? Mir mussen eis ganz däitlech lassléisen vun eise Virstellungen, déi scheinbar nëmmen u materiell Realitéite gebonne sinn. De Jesus trëtt net op iwwernatierlech Manéier an eist Liewen. Hie ka nëmmen an eis an duerch eis liewen an handelen an der Welt vun haut. De Glawen un dëse Jesus, dee lieft, ass ee Geschenk. A wann ech als klengen an einfache Mënsch da lo mol dëst Geschenk verstanen hunn, wann ech a mengem Ënneren dovunner iwwerzeegt sinn, wann ech erfëllt si vun dëser grousser Botschaft, da liewen ech si selwer a bréngen si och duerch mäin Handelen a Schwätzen bäi déi aner Mënschen. Duerch déi, déi vum Jesus iwwerzeegt sinn, schwätzt hien och nach haut. Glawen ass net dat, wat ech fir wouer halen. Glawen ass och net erof soen vu Glawenssätz oder Formelen. Glawen ass héchst dynamesch. Glawen ass dat, wat mech zudéifst ugeet a betrëfft. Mä dëse Glawen ass ëmmer och vun Zweiwel begleet. Wann ech net méi zweiwelen, da ginn ech als Gleewegen fanatesch. Den Thomas ass dofir och wichteg fir eis haut. Dëst Moment vum Zweiwel, vun a Fro stellen vu Bekenntnisser ass äusserst wichteg. Den Zweiwel dierf an eise chrëschtleche Reien ni ënnerdréckt ginn. Schonn 1957 schreift de Paul Tillich a senger Schrëft ’Dynamics of Faith"’: "Bei jenen, die in ihrem unerschütterlichen Glauben ruhen, sind Pharisäismus und Fanatismus unverkennbare Symptome unterdrückten Zweifels. Zweifel wird nicht durch Unterdrückung überwunden, sondern durch Mut. Der Mut verleugnet nicht, dass es Zweifel gibt, aber er nimmt den Zweifel als einen Ausdruck der eigenen Endlichkeit in sich auf und bejaht den Inhalt eines ’ultimate concern’." Dat heescht, meng Zweiwel bezéien sech op dat, wat mech onbedéngt ugeet a trëfft, an ech muss och de Mutt hunn, meng Zweiwel ze thematiséieren an hinnen op de Fong ze goen. Ech denken et ass äusserst wichteg, dass mir héchst perséinlech iwwerzeegt sinn, an eis selwer, vun der Botschaft vu Jesus Christus. Et muss och fir mech esou een "Einbruch Gottes in das Innere einer Existenz und das ganzmenschliche Ergriffensein des Betroffenen" , ginn. Ech muss de Mutt hunn, fir mech menge Froen an Zweiwel ze stellen. Den Thomas am Evangelium hat op déi Manéier de Mutt dozou. Hien huet Froe gestalt. Hien huet net blann eppes, wat gesot gouf, ugeholl. Doranner kann hien eis ee Beispill ginn. Awer et sinn dann net materiell real Erscheinungen, déi dat bewierken. Am Evangelium vun haut gëtt net gesot, dass den Thomas seng Fanger an seng Hänn wierklech echt a real an d’Wonne vum Jesus geluecht hätt. Deen empiresche Beweis gëtt also hei net ausgefouert. Den Thomas brauch deen net méi. Hien ass am Ënneren ergraff. Hien huet verstanen, dass de Jesus do ass, an him, an senge Frënn, an der Gemeinschaft. Dëst "Ergraff-Sinn" léist hien lo mat deenen aneren eraus zéien a vun der Botschaft vum Jesus schwätzen an handelen. Dat féiert mech an de Gedanken nach eng Kéier zeréck bäi d’Liesung aus der Apostelgeschicht. Do huet et geheescht: "Keiner nannte etwas von dem, was er hatte, sein Eigentum, sondern sie hatten alles gemeinsam." Wann ech dee Saz an senger ganz déiwer Bedeitung meditéieren, da muss ech soen, da si mir als Chrëschten ganz wäit fort vun deem, wat de Jesus un sech wollt. Mir liewen haut an enger Welt vun Egoisten, an enger Welt wou vläicht net jiddereen mä awer ee groussen Deel versicht als éischt emol zu sengem ze kommen. Dat déift Ergraff-Sinn vun der Botschaft vum Jesus misst eis eigentlech derzou beweegen fir all Ongläichheeten an eiser Welt ewech ze raumen. Et misst eis all Dag ee schlecht Gewësse maachen, wa mir gesinn, wéi Mënschen leiden, ausgebeut, ënnerdréckt a mësshandelt ginn. Mir schwätzen vu Mënscherechter an dobäi trëppele mir duerch eisen ausbeutereschen Konsum grad des Mënscherechter an deenen aarme Géigenden vun der Welt mat Féiss. Mir wëllen d’Klima retten a loossen dofir Kanner an erbäermlechsten Konditiounen déi Rohstoffer ausgruewen, déi mir hei fir eis Batterien brauchen. Ech kéint hei vill Saachen opzielen, déi ganz einfach deem widderspriechen, wat mir als Chrëschten sollte liewen a bekennen. Des Welt ass eis gemeinsam Welt. Si gehéiert net nëmmen deene Räichen a Mächtegen. Wa mir also esou ergraff sinn vun der Botschaft vu Jesus Christus, wéi mir et ëmmer nees bekennen, firwat ännert sech dann näischt an eiser Welt? Mir brauchen dofir Mutt. Mir brauchen de Mutt fir eis selwer beréieren ze loossen vun deem, wat an dëser Welt geschitt, a mir brauchen dann de Mutt fir eis an ze setzen. Dat wënschen ech eis haut. der mutige thomas liebe erfordert mut den mut fragen zu stellen den mut sehen und den mut berühren zu wollen Fürbitten
Jesus Christus ass fir eis ee baarmhäerzegen Mënsch, den Erléiser voller Gnod. Hien ass bäi deenen, déi leiden. Hier Wonne sinn him net friem, well hie selwer um eegene Läif gelidden huet. Zu him wëlle mir bieden:
Du Här Jesus Christus, hues eis gewisen, wéi baarmhäerzeg däin an eise Papp ass. Looss eis selwer dës Baarmhäerzegkeet an eisem Liewen realiséieren. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. héier eis. II.
Thomas a vu Jésus et il a cru. «Heureux ceux qui croient sans avoir vu», nous dit Jésus. Tournons-nous vers le Père pour lui demander son soutien au nom de nos frères et sœurs de partout dans le monde.
Dieu notre Père, ton Fils a invité Thomas à cesser d’être incrédule et à devenir croyant. C’est pourquoi nous mettons notre foi en toi. Nous croyons que tu répondras favorablement aux prières que nous t’adressons par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. Gabengebet
Gott, du hast deinem Volk durch das Bekenntnis des Glaubens und den Empfang der Taufe neues Leben geschenkt. Nimm die Gaben (der Neugetauften und aller) deiner Gläubigen gnädig an und lass uns in dir Seligkeit und ewiges Leben finden. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Accueille avec bonté, Seigneur, les offrandes de tes fidèles (et de tous ceux qui viennent de renaître dans le Christ); renouvelés par la foi et le baptême, qu’ils parviennent au bonheur sans fin. Par Jésus. Guter Gott, in den Gaben von Brot und Wein bringen wir dir unsere Sehnsucht nach Heilung und Versöhnung. Nimm die Gaben an und schenke uns durch deinen Heiligen Geist, dass wir zusammen mit der ganzen Schöpfung aufstehen zu neuem Leben. So bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn. Amen. Hochgebet (für besondere Anliegen V) – „Jesus, unser Weg“
Sanctus Ja, du bist heilig, großer Gott. Du liebst die Menschen und bist ihnen nahe. So bitten wir dich, gütiger Vater: Am Abend vor seinen Leiden nahm er beim Mahl das Brot NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens. Darum, gütiger Vater, feiern wir das Gedächtnis deines Sohnes, der uns erlöst hat. Wir verkünden dieses Werk deiner Liebe, bis er wiederkommt, Wir feiern das Opfer Christi, das er uns anvertraut hat. Wir bitten dich: Schau gütig auf die Gabe deiner Kirche, Vater, erbarme dich unserer Brüder und Schwestern (N. und N.), die im Frieden Christi heimgegangen sind, und aller Verstorbenen, deren Glauben du allein kennst. Wenn unser eigener Weg zu Ende geht, nimm auch uns für immer bei dir auf, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Gott ass dee gudde Papp fir all Mënschen. Hien erbaarmt sech iwwer all Mënschen a wëll all Wonnen vun der ganzer Schëpfung ewech huelen. Vertrauen mir eis senger Léift un a biede mir mat de Wierder, déi de Jesus eis geléiert huet: Vater unser im Himmel, ... Friddensgebiet
Sou laang mat Gewalt Wonne geschloe ginn, sou laang gëtt et och Has an eiser Welt. Sou laang Wonnen ignoréiert ginn, kommen ëmmer nees Gefiller op, déi sech un aneren wëllen rächen. Härgott, hëllef eis friddlech a mat Guttheet ze liewen. Maach eis zu Mënschen, déi Wonne gesinn an heelen. Schenk eis däi Fridden. De Fridden vun eisem operstanenen Här sief mat iech all. Schlußgebet
Allmächtiger Gott, im heiligen Sakrament haben wir den Leib und das Blut deines Sohnes empfangen. Lass diese österliche Gabe in uns weiterwirken und fruchtbar sein. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Nous t’en prions, Dieu tout-puissant: que le mystère pascale acceulli dans cette communion ne cesse jamais d’agir en nos coeurs. Par Jésus. Barmherziger Gott, du hast uns beschenkt mit der heiligen Speise, damit wir gesund werden an Leib und Seele. Mach uns füreinander, und besonders für alle leidenden Menschen, zu einem Werkzeug des Heiles und des Friedens. Darum bitten wir durch den, der auferstanden ist zu neuem Leben, durch Christus, unseren Bruder und Herrn. Amen.
|