|
4. Adventssonndeg C - 18./19.12.2021
Léif Matchrëschten! D’Deeg vum Advent weisen eis ëmmer méi däitlech, dass Gott ee Plang huet fir eis Welt. An der Däischter vun der Gott-Vergiessenheet vun de Mënschen liicht um Horizont de Messias op. Hie versprécht dem Vollek Israel an och eis eng nei a frou Zukunft. Awer Gott brauch Mënschen, déi dëse Wee preparéieren, sou dass hie kann antrieden an eis Welt. Ee vun dëse Mënschen ass d’Maria. Eréischt hiert Jo-Wuert zu dem Plang vu Gott an hiert Vertrauen a seng Botschaft loossen Gott am Jesus an eis Welt kommen. Der Maria hiert Jo-Wuert huet esou gesinn alles verännert. Kyrie
Här, Jesus Christus, du bass d’Erfëllung vum Plang vu Gott. Du bass den Hiert vu sengem Vollek. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Allmächtege Gott, lee deng Gnod an eis Häerzer eran. Que ta grâce, Seigneur notre Dieu, se répande en nos cœurs : par le message de l’ange, tu nous as fait connaître l’incarnation de ton Fils bien-aimé, conduis-nous par sa passion et par sa croix jusqu’à la gloire de la résurrection. Lui qui règne. Gott, du Geheimnis des Lebens, aus dem Dunkel der Geschichte leuchtet uns dein Licht auf. Jahrhundertealte Träume finden Erfüllung bei dir. Halte in uns wach die Sehnsucht nach dir und deinem Kommen. Mach uns bereit, wie Maria, unser Herz für deine Ankunft zu öffnen. Darum bitten wir durch Jesus Christus, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und wirkt in Ewigkeit. Amen. Liesungen: Mi 5, 1-4a / Hebr 10, 5-10 / Lk 1, 39-45 Lesung aus dem Buch Micha. Kv Stelle uns wieder her, o Gott! Lass dein Angesicht leuchten und wir sind gerettet. – Kv Lesung aus dem Hebräerbrief. Halleluja. Halleluja. Maria sagte: Siehe, ich bin die Magd des Herrn; mir geschehe nach deinem Wort. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre de Michée. R/ Dieu, fais-nous revenir ; que ton visage s’éclaire, et nous serons sauvés ! Lecture de la lettre aux Hébreux. Alléluia. Alléluia. Voici la servante du Seigneur: que tout m’advienne selon ta parole. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. Priedegt
Léif Matchrëschten! Sonndeg fir Sonndeg ginn eis vun der Liturgie 3 Texter aus der Bibel presentéiert, déi mir da sollte meditéieren. Munch Texter sinn allerdéngs äusserst schwiereg an dacks ass duerch eis laang kierchlech Traditioun och eis ee klore Bléck op dat, wat des Texter ursprénglech wollte soen, verstallt. Haut hu mir de Prophet Micha héieren. Seng Ausso gëtt traditionell als eng Ukënnegung vun der Gebuert vum Jesus interpretéiert. Allerdéngs huet deemools, wéi deen Text geschriwwe gouf wuel kaum een un de Jesus geduecht. Wourëm geet et deemno? D’Vollek Israel ass a ganz grousser Nout. D’Mënschen si ënnerdréckt an och hier Herrscher gi blaméiert. Am Saz virun eiser Liesung gëtt dat däitlech: „Jetzt ritze dich wund, Tochter der Trauer! Einen Belagerungswall hat man gegen uns errichtet; sie schlagen mit dem Stock ins Gesicht dem Richter Israels.“ (Micha 4,14) Vun der Ënnerdréckung vun Israel gëtt dacks am AT geschwat. D’Nout, déi do erfuere gëtt, ass grouss. Mä et ass awer och vun der eegener Schold riets. Israel huet selwer villes ‚verbockt’, wann een dat esou dierf soen. Dat eigentlecht Thema vun eiser Liesung vun haut ass dofir och d’Erneierung vun Israel duerch d’Herrschaft vu sengem Kinnek um Enn vun der Zäit. Domat kucken ech elo op eis als Gemeinschaft. D’Kierch gëtt als dat neit Vollek vu Gott bezeechent. Mir als kierchlech Gemeinschaft hu gewëssermoossen d’Nofolleg vun Israel ugetrueden. Ech wëll dëst net als iergend eng Iddie verstane hunn, dass domat d’Juddentum ofgeléist oder iwwerflësseg wier. Neen, ech wëll nëmme just dat Bild, wat hei gebraucht gëtt, kucken. Als neit Vollek vu Gott hu mir warscheinlech eng änlech Geschicht duerchzemaachen, wéi dat alt Vollek vu Gott. Munchmol kënnt een sech als Chrëscht haut och vir wéi an engem Exil. Aus der Gesellschaft gëtt dëst neit Vollek vu Gott ëmmer méi eraus gedrängt. Aner Leit iwwerhuelen d’Soen. Esouguer a Beräicher, déi vun engagéierte Chrëschten opgebaut goufen, wou Schwësteren beispillsweis iwwer laang Joerzéngten Haiser opgebaut hunn, wou si al a krank Mënschen versuergt hunn, gi si quasi erausgëeekelt an hunn an hirem eegenen Haus näischt méi ze soen. Esou ass et deemools Israel gaangen. Esou geet et Chrëschten dann haut op ville Plazen an eiser Gesellschaft. Natierlech muss een elo éierlech Analysen ustellen, wisou dat esou komm ass. An natierlech hu mir selwer och mat Schold un der Situatioun. A ville Punkten ware mir eis net bewosst, wéi séier mir eisen Afloss duerch Bequeemlechkeet, duerch Onwëssenheet, jo da wuel och duerch falscht Aschätzen vun der Situatioun, verluer hunn. Israel zur Zäit, wou de Micha schreift hofft op een neien Herrscher, dee kënnt, wann d’Nout eriwwer ass. Si sinn am Moment nach verdriwwen. Si hu keng Wunnecht. Awer eben do ass déi grouss Hoffnung, jo och de Wonsch, no enger neier Wunnecht, no enger sécherer Heemecht. „Sie werden in Sicherheit wohnen.“ (Micha 5, 3c) Wann d’Nout eriwwer ass, da kann erëm „gewunnt“ ginn. Meng Fro ass, wéi mir et fäerdeg kréien haut, fir eis Nout zu Enn ze bréngen an erëm ze „wunnen“? Fir eis als kierchlech Gemeinschaft fänkt wuel elo eréischt d’Zäit vum Exil un. Mir mussen eis also op eng länger Periode vun „net-wunnen“ astellen. Mä wat maachen, fir déi Zäit vun deem „net-wunnen“ iergendwéi ze iwwerwannen? Vläicht musse mir eis eben elo och erëm endlech op dat Wesentlecht konzentréieren. Mir hu vill Zäit domat verbruecht fir eis ëm Muechtpositiounen an der Gesellschaft ze beméien. Mir hu vill Zäit verbraucht, fir ëm eis selwer als „Veräin“ ze kreesen. Mir hunn dacks nëmmen u Materielles geduecht. Mir hunn nëmmen deen eegenen Kierchtuerm kannt. Schonn zënter Joerzéngten wësse mir, dass déi al Form vu kierchlechem Liewen, wou all Duerf alles hat an autonom war, iwwerlieft a verluer ass. Awer neen, mir géifen eis ni op de Wee maachen, fir an engem aneren Duerf ee Gottesdéngscht mat ze feieren, deelweis nach net emol an der eegener Gemeng. Wéi soll do ee séchert „Wunnen“ als neit Vollek vu Gott haut entstoen, wa mir weider just no eis selwer kucken? Dat freedegt „sech-op-de Wee-maachen“, vun deem mir haut am Evangelium héieren hunn, ass eis all ze dacks ganz friem. D’Maria dréit de Jesus bäi d’Elisabeth, also vun sech aus an eng nei Welt. Wéini maache mir dat haut? Et geet an eiser Kierch net ëm Gebaier, ëm Uergelen, ëm d’Zuel vu Gottesdéngschter oder Massen. Et geet ëm d’Botschaft vu Jesus Christus. Wa mir déi net méi an eis droen, sou wéi d’Maria, an si bäi déi aner Mënsche bréngen, dann hu mir eis selwer an d’Exil gestalt. Dann hu mir eis Wunnecht definitiv verluer. Da kann och keen neien Kinnek vum Fridden eis Fridde bréngen. Iergendwéi sinn ech ëmmer nees an dësem Sënn beandrockt vun deem folgenden Lidd. Mir mussen als Kierch mat der Maria duerch een Därebësch goen. Dat ass net einfach. Awer um Enn kann sech dann eppes Neies entwéckelen. Et läit un eis selwer, op mir haut de Jesus ënnert eisem Häerz duerch dësen Därebësch matdroen: Maria durch ein Dornwald ging, Kyrie eleison. Maria durch ein Dornwald ging, der hat in sieben Jahr´n kein Laub getragen. Jesus und Maria. Was trug Maria unter ihrem Herzen? Da haben die Dornen Rosen getragen, Fürbitten
Mënsche leiden a waarden op en Erléiser. Fir si wëlle mir elo zu Gott, eisem Papp, bieden: 1) Mir biede fir déi Mënschen, déi an dësen Deeg der Gewalt ausgesat sinn op ville Platzen an der Welt. Härgott, héier eis. 2) Mir bieden fir déijéineg, déi grouss Verantwortung droen fir aner Mënschen an déi ouni Muecht sinn an sech iwwerfuerdert fillen. Härgott, héier eis. 3) Mir bieden fir all déi, déi erausgerappt sinn aus der Sécherheet vun hirem gewinnte Liewen; fir déi, déi mat enger schwéierer Krankheet konfrontéiert sinn a fir hir Familljen. Härgott, héier eis. 4) Mir bieden fir déi Mënschen, déi déif enttäuscht sinn an déi, déi vun vun hirem Liewenspartner verloosse goufen; fir all déi, deenen hiert Vertraue mëssbraucht gouf. Härgott, héier eis. 5) Mir bieden all déi Mënschen, deenen hiert Liewen op der Äerd an dësen Deeg a Wochen zu Enn gaangen ass a fir all eis Verstuerwen. Härgott, héier eis. Gudde Gott, du léis déi net eleng, déi op dech waarden. Dir soe mir Merci a mir luewen dech, elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Marie est déclarée «heureuse», car elle «a cru à l’accomplissement des paroles qui lui furent dites de la part du Seigneur». Avec une confiance à l’image de la sienne, tournons-nous vers le Père et laissons monter vers lui nos intentions pour un monde meilleur. Dieu d’amour, écoute-nous. – Seigneur, toi qui tiens parole, vois ton peuple qui s’apprête à célébrer la Nativité; qu’il resplendisse de la joie évangélique. – Seigneur, toi qui nous remplis de l’Esprit, vois nos concitoyens et concitoyennes se préparant à célébrer Noël; que chacun et chacune voie, parmi ses multiples activités, les signes du Royaume qui vient. – Seigneur, toi qui viens jusqu’à nous, vois les hommes et les femmes qui te cherchent sans te trouver; que tous et toutes connaissent le bonheur de rencontrer des témoins crédibles de ta présence. – Seigneur, toi qui nous guides comme un bon berger, vois les personnes éprouvées par la vie, malades, emprisonnées ou endeuillées; que chacune trouve un peu d’espérance en ce temps d’attente et de joie. Dieu de l’univers, veille sur nous comme tu le fais depuis les temps anciens. Garde nos cœurs éveillés à la venue de ton Fils parmi nous, lui qui règne avec toi et l’Esprit, aujourd’hui et pour les siècles des siècles. Amen. Gowegebiet
Här, eise Gott, mir leen eis Gowen op den Altor. Que ton Esprit, Seigneur notre Dieu, dont la puissance a fécondé le sein de la Vierge Marie, consacre les offrandes posées sur cet autel. Par Jésus. Gott, mit Brot und Wein bringen wir unser Leben, unsere Hoffnung und unsere Sehnsucht. Lass uns in ihnen deine Gegenwart und deine Hilfe erfahren. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn. Hochgebet – „Gott der Menschen II“
Denn darum hast du uns erschaffen und ins Leben gerufen, Wir danken dir, Vater, Sanctus Wir danken dir, heiliger Vater, um deines Sohnes willen, Wir danken dir für deinen Sohn. Wir bitten dich, Vater, sende deinen Geist über unsere Gaben, Denn am Abend, an dem er ausgeliefert wurde NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Herr, unser Gott, darum feiern wir hier Erhoben zu deiner Rechten setzt er sich für uns ein, bis er kommen wird, Vater, wir flehen zu dir. Schenke uns Frieden überall, den Frieden, Vater, wir empfehlen dir jene, die Christus nachfolgen, Wir bitten dich für alle, die heimgesucht werden Vollende auch an uns, was du begonnen hast, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Do wou eisen Här Jesus present ass, do gëtt d’Räich vu Gott Wierklechkeet. Dat huet d’Elisabeth beim Besuch vun der Maria gespuert. Loosse mir dofir och eisen Här an eiser Zäit duerch eis present ginn an eisem Bieden an Handelen. Loosse mir ëm d’Räich vu Gott bieden mat de Wierder vun eisem Här selwer: Vater unser … Friddensgebiet
Mat dem Besuch vun der Maria spiert d’Elisabeth, dass Fridden an hiert Haus komm ass. Et ass ee Fridden deen sech de Mënsch nëmme vu Gott selwer wënsche kann. Mä et läit un eis, op mir de Fridden zouloossen an eisem Häerz. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all. Meditation
Da hüpfte das Kind vor Freude in meinem Leib Schlussgebiet
Allmächtege Gott, du hues eis an dëser Moolzecht däin Heel zougesot Nous avons reçu dans ton sacrement, Seigneur, le gage de la rédemption; accorde-nous une ferveur qui grandisse à l’approche de Noël, pour bien fêter la naissance de ton Fils. Lui qui règne. Allmächtiger Gott, in dieser Feier hast du uns ein Zeichen des neuen Lebens geschenkt. Lass in uns Glaube und Liebe wachsen und mach uns um so eifriger in deinem Dienst, je mehr das Geburtsfest des Retters herannaht. Darum bitten wir durch ihn, Jesus Christus, unseren Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement