
|
5. Ouschtersonndeg A - 9./10.5.2020 - Héichfest vun der TréischterinSonndesgottesdéngscht
Aféierung an d’Mass
Léif Matchrëschten! "Ave Spes nostra" - "Sei gegrüßt du unsere Hoffnung." Dat ass den Ufanksgesang vun eiser Oktavmass, vun der Mass, déi mir als Lëtzebuerger Kierch zur Éier vun eiser Patréinesch, der Tréischterin am Leed feieren. Effektiv ass eis Wallfaart zur Tréischterin a ganz schwéieren Zäiten entstanen. An zanterhier hunn sech Mënschen ebe just an hirer Nout un d’Tréischterin gewannt fir gehollef ze kréien. Am Moment erliewe mir an dëser Zäit vu Krankheet och ee Stéck Nout. Dës Nout, och wann si eis bedreelech virkënnt, ass dann awer net ze vergläichen mat deem, wat a fréieren Zäite war. Mir sinn haut villfach ofgeséchert duerch eise Gesondheetssystem, duerch sozial a finanziell Hëllefen. An awer hunn och mir Angscht a Suergen virun der Zukunft. Wéi geet et weider? Vill Froen sinn do, déi net beäntwert sinn. Do ass et sécherlech och haut richteg, fir sech un eis Landespatréinesch ze wenden an hier alles, wat eis beweegt, virzeleeën. Op Hier Firsprooch dierfen mir vertrauen a mat hirer Hëllef ruffe mir zu eisem Här Jesus Christus a froen hien ëm säin Erbaarmen. Kyrie
* Här, Jesus Christus, deng Mamm huet dech als Kand ugeholl an däi Liewen begleet. Här, erbaarm dech eiser. Här, Jesus Christus, op d’Firsprooch vun denger Mamm Maria, der Tréischterin am Leed, schenks du och eis däin Erbaarmen. Looss eis och an dësen Zäiten net eleng a begleet eis mat denger Gnod. Dagesgebiet
Härgott, eise Papp, du bas baarmhäerzeg, du gës äis all Trouscht:
1. Lesung: Jes 49, 13-15
Lesung aus dem Buch Jesaja. Antwortpsalm: (Ps 84 (83) 2-3.5.6.8.11.12)
Ant.: Selig, die in deinem Hause wohnen, o Herr. 5 Selig, die wohnen in deinem Haus, die dich allezeit loben. 11 Ja, besser ist ein einziger Tag in deinen Höfen als tausend andere. 12 Denn Gott der HERR ist Sonne und Schild. Der HERR schenkt Gnade und Herrlichkeit. 2. Lesung: 2 Kor 1, 3-7
Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Ruf vor dem Evangelium
Halleluja. Halleluja. Sei gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit, Evangelium: Joh 19, 25-27
Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Priedegt (2020)
Léif Matchrëschten! "Zesumme Kierch sinn", dat ass d’Thema vun eiser Muttergottesoktav vun dësem Joer. Et ass un sech ee ganz interessant Thema grad elo an der Zäit, wou mir nach ëmmer quasi agespaart sinn an net erauskommen ënnert eis Matmënschen. Zesumme sinn ass eis am Moment zum Deel verwiert, oder dach vläicht net? Sinn net grad an deene leschte Wochen vill Initiativen entstanen, déi drop hiweisen, dass mir als Gemeinschaft dach och zesummenhalen an zesummestinn trotz der raimlecher Distanz, déi mir sollten anhalen? Ech perséinlech hunn an dësen Deeg a Wochen, grad well ech doheem war, dach awer villes nei entdeckt. Eis modern Medien erlaben eis et, dass mir eis vernetzen, dass mir vill Angeboter endlech och emol kucken an notzen. Wéi vill Gottesdéngschter hunn ech an dëse Woche gesinn a gelauschtert? Munches huet mech ugesprach, munches och gestéiert. An awer war et eng ganz nei Erfarung, fir emol ze erliewen, wéi op anere Plazen gefeiert gëtt, wéi eisen gemeinsame Glawen gelieft a gepriedegt gëtt. Zu normalen Zäiten hätt ech dofir ebe keng Zäit gehat. Ech sinn dankbar a frou fir dës Erfarung, fir dëst Erliewen vu Kierch weltwäit. Ass dat net just och een "Zesumme Kierch sinn", wann een esou mat ville Mënschen ka verbonne sinn. Do gëtt een sech eigentlech eréischt richteg bewosst, dass Kierch méi ass, wéi mäi Kierchtuerm a mengem Duerf. Eis Kierch ass grouss a villfälteg. Si ass eng Gemeinschaft mat villen Facetten, mat groussem Räichtum a sécher och alt emol mat ganz biederem, jo och falschem Behuelen. Awer si ass als Ganzt eng Kierch, eng grouss Gemeinschaft, zu der mir all gehéieren. "Zesumme Kierch sinn", dat heescht awer och fir mech, dass mir net ufänken ee géint deen aneren auszespillen. Mir dierfen op kee Fall Mënschen op der Stréck loossen. Hei zu Lëtzebuerg stellen sech do natierlech eng ganz Rei vu Schwieregkeeten. Mir sinn eng Multikulti-Gesellschaft mat ville Sproochen, ville Kulturen a ville Wënsch. Mir fält allerdéngs op, dass mir ganz dacks, a verstitt mech elo net falsch oder als Nationalist, grad déi al Mënschen, déi, déi net all déi Sproochen a Kulturen verstinn, vergiessen. Och wann déi Jonk haut vill Sproochen an der Schoul léieren, sou sinn awer vill eeler Mënschen net fäeg, dat esou kënnen ze verstoen. Si hunn net alleguer kënnen oder dierfen esou vill Sprooche léieren. Awer grad dës Generatioun, déi an eisem Land de Wuelstand an de Räichtum nom Krich gehollef huet opbauen, gëtt dacks eben och an eiser haiteger kierchlecher Landschaft vergiess. Dat ass Schued. "Zesumme Kierch sinn", misst grad dat och berécksiichtegen. Grad dës Mënschen, déi nach ganz fest un der Traditioun vun eiser Muttergottesoktav hänken, ginn aus deem "Zesummen" erausgeheit. Wa mir haut vun "Zesumme Kierch sinn" schwätzen, da musse mir dat och eescht huelen. Wie vun dëse Leit denkt do net och alt emol, wéi et an der Liesung vum Jesaja geheescht huet: "Der HERR hat mich verlassen, Gott hat mich vergessen." Eis kierchlech Gemeinschaft, bäi allen Efforten fir all Mënsch an dësem Land ze integréieren, dierf dat net iwwersinn. Ech sinn allerdéngs ganz dervun iwwerzeegt, dass dem Jesaja säi weidert Wuert och wouer ass: "Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht." Mir dierfe kee vergiessen, mir als Kierch net, mir als Gesellschaft net! Wa mir wëllen zesummen eng Kierch sinn, da musse mir och léieren, fir jiddereen do ze sinn an och jidderengem eng Plaz ze ginn. Um Kräiz mécht de Jesus eigentlech eppes ganz Schéines an och Wichteges. Hien hëlt sech dem Problem, dass seng Mamm elo eleng do steet, un an iwwergëtt si dem Johannes. Et ass een Testament an een Optrag ëm d’Suerg vun dëser elo aler Mamm, dass si net eleng gelooss soll sinn. Ass et net och un eis als Gemeinschaft, fir eis ebe just ëm déi ze suergen an ze këmmeren, déi elo eleng an al a krank sinn? "Zesumme Kierch sinn" ass net eng spirituell Geschicht. Et ass eng zudéifst mënschlech Geschicht. Et ass een Optrag un eis Gesellschaft, fir dass mir ee fir deen aneren dosinn. Fromm dierfe mir sécherlech sinn. Eis Kierchtierm dierfen eis sécherlech wichteg sinn. Awer un éischter Plaz mussen d’Mënschen, eis Matmënsche stoen. "Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich." Ass dat net och fir eis de Wee? Huele mir een deen aneren un. Dat ass wesentlech. Dat ass reellt Chrëscht-Sinn. Op mir kënnen an eng Kierch goen oder net, op eis Kierchegebaier weider kënne genotzt ginn oder net, dat ass alles zimmlech onwichteg vis-à-vis vun der mënschlecher Säit vun eisem Zesummeliewen, vun eisem "Zesumme Kierch sinn". Amen. Fürbitten
D’Maria, d’Mamm vum Jesus war seng éischt Jüngerin, déi seng grouss Léift gelieft huet. Matt Vertrauen dierfe mir eist Gebiet un de Jesus hire Jong riichten: * Här Jesus, Erléiser vun der Welt, schenk op d’Firsprooch hin vun denger Mamm Maria eis an der ganzer Schëpfung Undeel un denger Herrlechkeet. Christus, héier eis. * Här Jesus, Erléiser vun der Welt, d’Maria huet mat groussem Courage hiert Liewen an dengem Déngscht ugeholl. Erwäch och an den Häerzer vun de Chrëschten vun haut dëse Courage fir en festen Asaz an dengem Déngscht. Christus, héier eis. * Här Jesus, Erléiser vun der Welt, deng Mamm huet fir Fridden an dem Ëmkrees gesuergt. Schenk och eiser Welt vun haut Fridden. Christus, héier eis. * Här Jesus, Erléiser vun der Welt, du hues deng Mamm an deng Herrlechkeet opgeholl. Huel all eis Verstuerwen bäi dech a maach si glécklech. Christus, héier eis. Här, eise Gott, du hues Grousses un der Maria gemaach an si eis zum Virbild geschenkt. Erhéier eis Gebieder, déi mir op hir Firsprooch hin un dech riichten. Mir luewen an éieren dech duerch Christus eise Brudder an Här. Amen. Gowegebiet
Här, looss d’Kraaft vum Hellege Geescht op eis Gowe kommen, Héichgebiet
Sanctus ... Ja, du bist heilig, großer Gott, du bist der Quell aller Heiligkeit. Sende deinen Geist auf diese Gaben herab und heilige sie, Denn am Abend, an dem er ausgeliefert wurde Nehmet und esset alle davon: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, Nehmet und trinket alle daraus: Geheimnis des Glaubens. Darum, gütiger Vater, feiern wir das Gedächtnis des Todes Wir danken dir, dass du uns berufen hast, vor dir zu stehen und dir zu dienen. Gedenke deiner Kirche auf der ganzen Erde und vollende dein Volk in der Liebe, Gedenke (aller) unserer Brüder und Schwestern, Vater, erbarme dich über uns alle, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Lobpreisgebet - Maria unter dem Kreuz
aus: Xaver Käser, Lobpreisgebete, Verlag Friedrich Pustet Regensburg, 2019, S. 114. Gotteslob. Katholisches Gebet- und Gesangbuch, 2013: Nr 431: ![]() Großer Gott, wir preisen dich. Herr, du bist ... Großer Gott, wir preisen dich. Herr, du bist ... Großer Gott, wir preisen dich. Gotteslob. Katholisches Gebet- und Gesangbuch, 2013: Nr 323: ![]() Schlußgebiet
Härgott, du hues all Muecht: Am Sakrament, dat mer emfaang hun,
|