Priedegt zum Fest vun der Helleger Famil


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Priedegt zum Fest vun der Helleger Famil 27./28.12.2014
Lesung: Gen 15, 1-6; 21, 1-3 Evangelium: Lk 2, 22-40

Léif Matchrëschten! Eng aal Menschheetssuerg gëtt haut an der Lesung aus dem éischten Buch vun eiser Bibel, dëm Buch Genesis thematiséiert: dën Abram a seng Fraa si mëttlerweilen aal an si hu keng Kanner. Si fillen sech vum Liewen iwergaangen. Keng Kanner ze hun, ass fir si eppes ganz Schmierzleches. Domadder stin si do wéi vill Menschen och haut. Wéivill Leed gëtt ët bäi Menschen, déi sech sehnlechst ee Kand wënschen a si kréiën keent? Hei ass an enger ganz leedvoller Situatioun eist Menschsin unsech ugeschwat. D’Liewen ass esou eppes Grousses a mir wëllen ët jo och nët fir eis behaalen. Mir wëllen ët weider gin. Mir wëllen an eise Kanner souzesoën weiderliewen. Ët ass d’Bestëmmung vun der Natur, fir sech weiderzeentwecklen a fir d’Liewen op dëser Welt weiderzeféieren. A wa mir éierlech sin, dann ass d’Léift zu engem Kand, deem mir d’Liewen geschenkt hun, wuel eppes vun deem Gréissten a Wertvollsten, wat ët gëtt.

Dën Abram an d’Sara hun dat och gespuert. Si waren extrem onglecklech an hirer Situatioun. Awer si kréiën hei op göttlech Manéier gehollef. An d’Geschicht ka fir si weider goën. Wéi ass dat awer bäi eis? Nun eis Medezin huet mëttlerweilen vill Problemer an deem Beräich geléist. Leider awer nach laang nët all. Fir vill Menschen bleiwt dë Wonsch vun engem Kand onerfëllt. Ech denke, mir all kënnen verstoën, dass dat wiirklech schwéier ass.

Op der aanerer Säit kennt eis Gesellschaft dann awer een aaneren Problem. Mir wëllen a ville Fäll och kee Kand méi hun. Mir hun esou villes erfond fir ze verhënneren, dass ee Kand op d’Welt kënnt. Ech wees, dass dat eng ganz grouss a schwiereg Diskussioun ass, déi ech elo hei nët ka féieren. Dë ’pour’ an dë ’contre’ vun dëser oder der Methode ass ëmmer eng grouss Froo. Mech ploot awer eng ganz aaner Idie. Desläscht huet eis Chamber eng Ännerung am Avortementsgesetz gestëmmt. Op dat richteg oder falsch ass, kann a wëll ech hei nët direkt beuurteelen. Awer mech mecht ët schon staark nodenklech, wa mir op der enger Säit an eiser Gesellschaft dë Wonsch no Liewen hun an op der aanerer Säit dann dë Wonsch fir Liewen ze verhënneren. Wat ass d’Liewen? Wat ass ee Liewen, dat liewenswert ass? Déi Froo gëtt jo ëmmer nees och gestalt. Grad bäim Avortement gin vill Argumenter gebraucht. Wann ët sech erausstellt, dass dat Kand, wat um wuessen ass, behënnert ass, da wëlle mir ët nët. Ët belaascht eis Gesellschaft, heescht ët. Jo och hei besteet Diskussiounsbedarf. Awer sin eis Kriterien, déi dann ugewandt gin, wiirklech richteg? Wéini ass ee Liewen nët derwert fir geliewt ze gin?

Aus menger perséinlecher Situatioun eraus mecht dat mir ëmmer grouss Gedanken, jo och Angscht. Déi, déi mech kennen, wëssen, dass ech vu Gebuurt un gréisser Problemer mam Häerz hun. Ech stelle mir ëmmer vir, zu der Zäit, wou ech gebouer gouf, hätt ët déi aktuel medezinësch Méiglechkeeten gin, an da froën ech mech, géif ët mech ënnert deenen Konditiounen iwerhaapt? Ech ka mir viirstellen, dass vill Menschen, déi an engem ähnlechen Fall sin, dat och esou denken, wann si all déi Diskussiounen an der Politik oder an dë Medien héieren. Ass ee krankt oder behënnert Liewen näischt wert? Villes ass secher beschwéierlech. Awer d’Liewen huet dach ee grousse Wert a mengen Aan. Bäi all deenen Diskussiounen, déi an dë Medien an an der Politik gefouert gin, huet schon emol een d’Meenung vun deenen gefrot, déi betraff sin an haut liewen? An dofir froën ech mech dachs, no wellechen Kriterien mir haut an eiser Gesellschaft op d’Famil, op d’Liewen, op d’Kanner kucken. Si mir nët grad an deem Punkt äusserst egoistësch gin als Gesellschaft, dass mir all déi an een Eck stellen, déi nët an déi grad aktuel politësch ideologësch Norm erapassen?

Vun enger Ideologie a puncto Siicht op d’Famil musse mir grad haut méi wéi je schwetzen. Per Gesetz kréië mir geschwënn glat alles viirgeschriwen. Kanner mussen scho virun der Gebuurt genormt sin. Duerno mussen si no Norm opwuessen a gezillt gin. Si mussen no Norm ausgebildt gin a si mussen dann no Norm hiirt Liewen maachen. Dat erschreckt mech zu déifst. Wou bleift do déi perséinlech Léift a Verantwortung vun dën Elteren selwer? Muss alles esou eenheetlech sin? Gëtt eis Welt doduurch wiirklech besser, wa mir alles gläich maachen? Wou bleift eis Fräiheet?

Mir sin eigentlech an eiser Welt zimlech schizofren gin. Do verlaange mir op der enger Säit, dass mir keng genetësch manipuléiert Iessaachen sollen op dën Dësch kréiën. Alles muss ’Bio’ sin. An op der aanerer Säit bastle mir eis eis Kanner genetësch zurecht, festgeluecht duurch ideologësch Normen, déi grad am Moment dëm Zäitgeescht entsprangen. Alles muss biologësch proper sin, just dë Mensch selwer nët. Eis Zukunft kënne mir wuel manipuléieren an designen, wéi ët eis grad afällt. Komësch: Léift, Verantwortungsgefill, Gerechtegkeet a Fridden an der Welt hu mir bis ëwel nach nët kënnen esou selwer erschaaffen. Eis Gesellschaft stellt sech a puncto Famil haut all ze gär an d’Positioun vu Gott oder der Natur selwer. Dat ass erschreckend an ët ass, mengen ech, och fatal fir d’Zukunft vum Mensch.

Wa bis elo d’Liewen ee Geschenk war, fir dat mir Merci konnten soën, wéi mir ët jo och haut am Evangelium héieren hun, da gëtt Liewen an Zukunft wuel eng Saach, déi reng an eiser eegener Hand läit. Dë Mensch ass um beschte Wee, fir sech zu Gott ze erhiewen an deem Punkt. Op dat awer gudd ausgeet woën ech ze bezweifelen. Well an enger Welt an der alles machbar schengt a wou ët keng Plaatz méi fir Zoufall an Individualitéit gëtt, gëtt ët em sou méi schwéier eng Nout, wéi beispillsweis déi vum Abram an dëm Sara auszehaalen. An all Fehler, deen da geschitt, well ee behënnert Kand ass jo da wuel ee Fehler, stiirzt dë Mensch an eng elend Katastrophe.

Loosse mir dach einfach och an eiser Gesellschaft Raum fir d’Léift unsech. Wa mir haut op déi helleg Famil aus Nazareth kucken, da kënne mir do gesin, dass si vill schwiereg Momenter ze liewen haten. Awer hir géigensäiteg Léift huet hinnen wuel och dë Wee gewissen. Bäi allen Weër an Irrweër, déi mir als Menschen esou maachen, muss ëmmer dë Wee vun der Fräiheet an der eegener Verantwortung opbleiwen. Jidfereen steet fir sech viru Gott a virun deenen aaneren Menschen. Jidfereen dréit och ëmmer Verantwortung. An dat, wat da schief geet am Liewen, kann meeschtens duurch d’Léift ausgeglach gin. Ech wënschen mir fir eis all eng Zukunft an der dëss Léift a Fräiheet fir eis Familjen, eis Kanner a fir eis selwer ka weider Bestand hun. Amen.

Carlo Morbach, Paschtouer
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement