En intensivt Aarbechtsjoer geet op en Enn...


Home GoBack Print Kontakt Lëscht


Ech hunn d’Gefill, schrecklech midd ze sinn: D’Aarbechtsjoer geet op en Enn, an ech hunn - wéi all Joer - op déi roueg Phase gewaart: no der Kommiounen, no Päischten, no ... Mee iergendwéi ass déi roueg Phase net bei eis ukomm: Mir rennen all Dag vu Rendez-vous zu Rendez-vous, begéine ville Mënschen, a ganz dacks hunn ech d’Gefill, jidderee rennt a rennt - keen huet Rou a keen hëllt sech Zäit fir eng Paus.

Mir hunn en Aarbechtsjoer hannert eis, dat vu ville Verännerungen, Ukënnegungen an Iwwerraschunge geprägt wor: D’Trennung vu Kierch a Staat gëtt ëmmer méi serieux, an der Schoul gëtt den Reliounsunterrecht elo mol am Secondaire ofgeschaaf, fir d’Primärschoul bleift nach e Joer. Mir erwaarden d’Ëmstellung an der Kateches, déi nei Strukturen an de Paren a villes méi ... domatt gi mir onrouegen Zäiten entgéint, déi vun eis verlaangen, datt mir mat verännerte Strukturen eens ginn, eis opmaachen vun enger Kierch, déi virun allem duerch Paschtéier veräntwert gouf, zu enger Kierch, wou jiddereen seng Verantwortung iwwerhëllt a sech abrénge kann.

Op dësem Punkt geet et an d’Vakanz - déi sougenannt Summerpaus - wou mir Geleenheet hunn ze raschten, e bësse méi lues ze maachen an de Summer ze genéissen - wann d’Summerwieder mol kennt - an evtl. eis Reesen ze starten. Dat ass d’Situatioun, wéi si ass.

An dësem Ablack maachen sech ronn 250 Jonker an hir Begleeder a Begleederinne mam Här Äerzbëschof op de Wee a Polen, wou honnertdausende Jonker mam Poopst op de Weltjugenddeeg hire Glawe feieren, an zesummen als Chrëschten op der Sich sinn no Orientéierung, Sënn an Bestäerkung am Glawe. A Polen wäerten dës Jonk an déi Erwuessen eng Kierch erliewen déi anescht ass, wéi eis Lëtzebuerger Kierch. A Polen hu si eng déif Frëmmegkeet an nach ganz kloer Virstellunge vun dem, wat richteg a korrekt ass - do wäerte mir vill bäiléieren an eise Glawen a Fro stelle mussen. Mee op dësem Wee sinn déi Jonk, an de ganze Grupp, begleet vum Gebiet an de gudde Wënsch vun der Gemeinschaft vun de Chrëschten heiheem, déi hei hire Glawe liewen. Do wou si hire Wee an hir Beruffung fonnt hunn: an der Famill, am Beruff, an de Veräiner, an den Ekippen, a reliéise Gemeinschaften, natierlech och an eise Paren.

Ee vun de leschte Sonndeger hu mir d’Evangelium héieren, wou de Jesus seng Jünger zu zwee an zwee fortschéckt: Ouni Portemonnie, ouni Schong, ouni Proviant, ... do wou si opgeholl ginn, sollen si vum Jesus an dem Härgott zielen. Si solle mat deem zefridde sinn, wat si offréiert kréien an dat iessen, wat hinnen ugebuede gëtt.

Fir mech stellt sech do d’Fro: Mat wat sinn ech zefridden, wat brauch ech, fir vu mengem Glawen ze zielen, a wat ass d’Glawensiwwerzeegung déi mech dréit? Ech mengen op der enger Säit ass dat déi Erfahrung vu Gemeinschaft, déi mech dréit, well ech e gutt Wuert vun deene kréien, déi an eise Poren mat mir ënnerwee sinn. D’Erfahrung, datt ech net eleng sinn: ech sinn Deel vun enger Gemeinschaft an ech loosse mech op dat an, wat den Härgott fir mech virgesinn huet.

D’Madeleine Delbrêl, eng franséisch Assistente sociale, Dichterin a Mystikerin huet dat emol sou gesot: „Geht in euren Tag hinaus ohne vorgefasste Ideen, ohne die Erwartung von Müdigkeit, ohne Plan von Gott, ohne Bescheidwissen über ihn, ohne Enthusiasmus, ohne Bibliothek – geht so auf die Begegnung mit ihm zu. Brecht auf ohne Landkarte – und wisst, dass Gott unterwegs zu finden ist und nicht erst am Ziel. Versucht nicht, ihn nach Originalrezepten zu finden, sondern lasst euch von ihm finden in der Armut eines banalen Lebens„. (Madeleine Delbrêl, Gebet in einem weltlichen Leben). E banalt Liewen war fir si en „einfacht Liewen“ ouni Chichi, ouni Geschwätz, konzentréiert op de Mënsch. Si huet an engem antichrëschtleche Milieu zu Paräis gelieft a war dovunner iwwerzeegt, datt eis a jiddfer Mënsch Gott begéint.

An der Iwwerzeegung, datt jiddereen vun eis op senger Plaz hëllefe kann, de Glawen ze liewen an weiderzeginn, wënschen ech eis alleguer vill Courage, nei Erfahrungen vu Gemeinschaft a Glawen, beräichernd Begéinungen a nei Erkenntnisser, fir datt mir am September mat neier Energie, Kraaft a flotten Iddien an e neit Aarbechtsjoer era kënne goen.

Elke Grün Pastoralreferentin

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement