Ja, der Herr ist auferstanden, ist wahrhaft erstanden.


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Dës Botschaft steet fir Ouschteren. No enger laanger Faaschtenzäit, wou eise Bléck op d’Leide vu Jesus geriicht war, freeë mir eis elo op Ouschteren.
D’Maria vu Magdala huet mat hirer Ausso, Onrou ënnert d’Jünger bruecht, „ D’Graf ass eidel! „ . De Péitruss an de Johannes lafe séier dohin, fir sech ze iwwerzeegen. Wat soll dat Geschwätz vum eidele Graf? Wa Jesus dout ass, da soll hien och am Graf leien, an zwar un Hänn a Féiss gebonnen, a mat engem Duch bedeckt. D’Graf ass mat engem Steen verschloss, deen keen esou einfach réckele kann. Wéi si ukomme gesi si d’Fakten. D’Graf ass eidel an déi léngent Sträifen leie schéin opgefaalt um Buedem. Dat ass net ze verstoen. Dat kann nëmme Gott gewierkt an domat en Zeeche gesat hunn: „ Mam Doud ass net alles eriwwer“.

An deem Zesummenhang ass mir eng kleng Parabel an d’Fanger gefall, déi ech iech wëll mat op de Wee ginn:
E Mann verléiert sech an der Wüst. D’Sonn brennt de ganzen Dag op hien erof an den Duuscht ass net méi ze erdroen. Do gesäit hien eng Oas. Fir d’éischt denkt hien et wär eng Fata Morgana. No an no héiert hien awer d’Waasser spruddelen a gesäit däitlech Dattelen un de Palmen. Hien denkt sech, dat kann net sinn, matzen an der Wüst. An esou ass hien entsat, iwwer esou en grausam Spill, wat d’Natur mat him dreift.
E puer Deeg méi spéit fannen zwee Beduinen de Mann dout do leien. „Ass dat ze begräifen?“ freet deen een deen aneren. „ Him wuessen d’Dattele bal bis an den Mond, an e läit niewent der Quell. Hien ass trotzdeem erdiischtert an erhéngert“. An deen anere Beduin huet geäntwert:“ Dat wonnert mech net. Et ass eben e moderne Mënsch. E moderne Mënsch gleeft net, wat senger Meenung no net ka sinn!“

Sinn mir eis deem bewosst? Vill vun eis si modern Mënschen. Mir sinn och stolz dorop. Mir liewen aus de konkrete Fakten eraus. Ni war d’Mënschheet esou opgekläert. Déi sozial Medien droe sécher hiren Deel dozou bäi.

Wat bréngt dat dann elo mat sech? Geet et ons och esou wéi deem Mann deen niewent der Quell erdiischtert? Dat kann duerchaus sinn.
Grad op esou engem Fest wéi Ouschteren wär et un der Zäit fir sech e puer Gedanken ze maachen.
De Philosoph Ken Wilber nennt deen Zoustand : „etwas wahrnehmen, ohne es wahr zu nehmen“.
Mir sinn haut gewinnt villes ze trennen: Liewen an Doud, Verstand a Gefill,... an esou ass dat einfacht Liewen mat senge Gefiller net méiglech. Nëmmen esou ass et ze erklären datt och mir niewent der Quell erdiischteren.

Grad op Ouschteren wëlle mir eise Bléck opmaachen. D’Liewen ass net nëmmen e Stierwen, dat mat dem Dag vun der Gebuert ufänkt. Et ass sécher net e Wee deen an Sënnlosegkeet era féiert an am Doud säin Enn fënnt.

Ouschtere seet eis, datt Gott d’Liewen wëll. Den Doud huet net dat lescht Wuert; wat fir vill vun eis schwéier ze begräifen. Et ass awer derwäert sech op de Glawen an ze loossen. Déi Erfarung huet viru méi ewéi 2000 Joer ugefaangen. Si ass vu Generatioun zu Generatioun
weider gereecht ginn, an ass lieweg bis haut.

An dem Sënn wënschen ech Iech am Numm vum ganze Pastoralteam frou a geseenten Ouschteren.

Kinnen Sylvie
Parassistentin
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement