De Wee


Home GoBack Print Kontakt

Als Chrëschten si mir ëmmer um Wee mat Jesus Christus a senger gudder Noriicht. De Jesus ass eise Weeweiser um Wee vum Liewen. Wënsche mir eis net oft op engem gudde Wee ënnerwee ze sinn, e Wee, dee Freed schaaft, schéin ass a glécklech mêcht…. ?

Am Johannesevangelium steet geschriwwen, datt de Jesus seet: „Ich bin der Weg und die Wahrheit und das Leben, niemand kommt zum Vater außer durch mich“(Joh 14,6).

De Jesus weist eis de Wee zu Gott, de Wee mat Gott, de Wee vum Vertrauen a vum Glawen u Gott. E Wee deen Hoffnung schenkt, e Wee deen eis seet: Du bass ni eleng, ech sinn do; ëmmer un denger Säit. Ass dat net eng Zouso… E Jo-Wuert dat stäerkt, dat Kraaft schenkt, dat mech dréit. E Jo-Wuert, dat mech beweegt a mir seet net opzeginn. De Glawen u Jesus Christus ka mech um Wee vum Liewen stäerken, sou wéi Christus d’Apostelen mam Hl. Geescht gestäerkt huet, fir d’Botschaft vun der Léift vu Gott eraus an d´Welt ze droen a net fir sech ze behalen.

Hei ass och de Willibrord e gutt Beispill: In Dei Nomine feliciter – A Gottes Numm freedeg virun… Mat dësem Gedanken an dem Glawen u Christus huet de Willibrord sech net ënnerkréie gelooss bei Réckschléi a Mësserfolleg. Hien huet net opginn an ëmmer weider missionéiert an huet versicht déi frou Botschaft vu Christus alle Mënschen ze verkënnegen. Hien ass dem Wee vu Christus trei bliwwen.

Firwat soll also de Wee vum Liewen mat Jesus Christus net och e Wee duerch d´Liewen fir mech sinn….? Seng Léift a seng Froubotschaft ka mir Kraaft an Halt a ville Momenter vum Liewen schenken. Wann ech traureg sinn, wann ech Angscht hunn oder et mir einfach net gutt geet, dann ass et dach schéin zu wëssen, ech stinn net eleng do, do ass een dee mech versteet, een dee weess wat ech am Häerz oder an de Gedanken droen, een dee mir a mäin Häerz e Laachen oder e gutt Wuert schenkt. Et ass dach schéin ze wëssen, do ass een dee mech bedéngungslos gären huet an dee mir Kraaft wëll schenken a menger Angscht, fir dee schwéieren Moment auszehalen oder mir Kraaft wëll gi fir Léisungen ze fannen a mengen Suergen… Ëmmer ze wëssen do ass een do, dee mir nolauschtert, dem ech alles kann uvertrauen, dee ni vu mir fort ass, dat schenkt Kraaft, dat mécht Mutt fir net opzeginn a stäerkt mech fir auszehalen oder de Wee vum Liewen weider ze goen a Situatiounen ze meeschteren.

De Glawen u Jesus Christus a seng Botschaft vun der Léift schenken eis Wäerter, déi déif an eis Mënschen verwuerzelt sinn: am géigesäitegen Respekt ze liewen, d´Léift weider ze schenken a mat alle Matmënschen ze deelen, friddlech, also ouni Gewalt, Näid an Haass zesumme ze liewen, d’Ëmwelt, d´Natur ze respektéieren…. Wann ech mir déi Wäerter an d´Häerz aschreiwen a weess datt se a Gottes Léift verankert sinn an datt Gott jidderee gären huet , dann ass et dach derwäert se am Liewen ëmzesetzen. Dann ass dat dach e gudde Wee, fir sech dofir anzesetzen an dës Wäerter an eiser Welt ze verkënnegen an ze verwierklechen.

De Wee vu Jesus Christus, schenkt och Kraaft an Hoffnung op munchen aussiichtslose Weeër, wou zum Beispill Krankheet eist Liewen bestëmmt oder dem Liewen wëllt en Enn setzen. Well de Johannes weist mat sengem Saz vum Jesus och op en éiwegt Liewen am Räich vu Gott hin, wou fir jiddereen eng Plaz ass. Do wou all Schmäerzen an Ängschten en Enn hunn a wou d´Freed an d´Léift ni en Enn fannen.

Léif Chrëschten, bei der Daf si mir an d´Famill vu Jesus Christus op geholl ginn an op säit Wee geschéckt ginn. Sou hu mir och dunn dem Jesus säin Optrag mat op eise Liewenswee kritt, fir seng Botschaft vun der Léift bei d´Mënschen ze droen an an der grousser Welt ze verkënnegen. Wann de Glawen u Jesus Christus eis also de Wee zu Gott weist a Gott all Mënschen gären huet, da loosst eis dach eng Botschaft verkënnegen déi e Wee vum Liewen fir jiddereen ass a wou jiddereen eng Plaz huet, ouni Ausnam. Jiddereen, egal vu wéi enger Hautfaarf, egal aus wéi engem Land, egal vu wéi enge mënschlechen Bezéiungen, egal vu wéi engem Geschlecht….. Jiddereen kann um Dësch vu Jesus Christus deel huelen a säi Brout empfänken a sou gestäerkt duerch d’Liewen goen.

Léif Elteren, de Wee vu Jesus a mam Jesus ass e Wee duerch d’Liewen, deen och Äre Kanner ka Kraaft an Halt am Liewen schenken. Dofir gitt hinnen déi Chance fir Jesus Christus a seng Botschaft kennen ze léieren. Sou kënnen si spéider selwer entscheeden fir dee Wee wieder ze goen. Dofir gitt mat Äre Kanner an d´Kanner- a Familljegottesdéngschter a loosst si deelhuelen un de Momenter vun der Kateches. Loosst Är Kanner dëst Geschenk erliewen.

Ich bin der Weg…. Loosst eis all an de Summerméint de Wee vu Jesus Christus sichen am Gebiet, an der Stëllt, an der Rou vun enger Kierch oder vun der Natur: am Bësch, op enger Wiss, an de Bierger, op engem Séi, beim Mier, an engem Klouschter, um Strand, an engem Musée, …. Et gi vill Méiglechkeeten zur Rou ze fannen an de Wee vu Christus ze entdecken.

Du Gott des Lebens, sende uns deinen heiligen Geist, der uns Kraft gibt und anspornt, der uns beisteht und ermutigt, voranzugehen auf dem Weg deiner Kirche und deines Sohnes Jesus Christus.

Luc Zimmer

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement