Um Wee fir eng méi lieweg Kierch?

Eng Iwwerleeung fir d’Adventszäit!


Home GoBack Print Kontakt

Synode 2021-2023: Um Wee fir eng méi lieweg Kierch? Zesumme mat Iech?

Léif Leit alleguer,

De Poopst Franziskus huet eis opgeruff, als kierchlech Gemeinschaft eng synodal Demarche ze maachen. Et ass eng Demarche déi d’Weltkierch ugeet. Mir si mat eiser Par e klengen Deel vun der Demarche, mee all Deel ass wichteg. Fir d’éischt si mer an eiser Diözes opgeruff, op de Wee ze goen. All Par, all kierchleche Grupp, jiddereen eenzel, och déi, déi méi wäit vun der Kierch wech sinn, ass invitéiert fir matzemaachen. Duerno ginn eis Feedbacke an Europa zesumme geluecht, éier mir eis Ideen um Niveau vun der Weltkierch deelen. Am Oktober 2023 fänkt dann zu Roum déi grouss Bëschofssynod un, wou d’Bëscheef aus der ganzer Welt sech austauschen iwwer déi Ideen déi mir zesumme gedroen hunn. Mat eisen Idee sollen d’Weiche gestallt ginn fir d’Zukunft vun eiser kierchlecher Gemeinschaft. Wa mir kee Feedback ginn, kënnen eis Ideen net berécksiichtegt ginn.

Kloer, et ass eng Erausfuerderung, well et weess een net, wat dobäi rauskënnt. Mee wa mir näischt maachen, kënnt sécher näischt raus. Mir sollten et als Chance gesinn, an eis éierlech an déif Gedanke maachen, wéi mir denken a fillen, dass eis kierchlech Gemeinschaft kéint ausgesinn an der Zukunft.

De Poopst Franziskus huet et als spirituell Demarche lancéiert. Hien huet déi Demarche domat am Wuert vu Gott an am Gebiet verankert. D’Kraaft vu Gott, den Hellege Geescht soll eis leeden an inspiréieren.

Den 9. Oktober huet eisen Äerzbëschof Jean-Claude Folgendes gesot:
"Une Église synodale est une Église relationnelle, une Église de la rencontre. C’est un puzzle gigantesque, où tous et chacun peuvent participer, en particulier les plus pauvres, les sans-voix, ceux qui sont aux périphéries. C’est le Saint- Esprit qui inspire nos interventions et qui nous mène à un accomplissement.

Eine synodale Kirche ist eine Beziehungskirche, eine Kirche der Begegnung. Es ist ein gigantisches Puzzle, an dem sich jeder beteiligen kann, vor allem die Ärmsten, die Menschen, die keine Stimme haben, die Menschen, die am Rande stehen. Es ist der Heilige Geist, der unsere Interventionen inspiriert und uns zur Verwirklichung führt."

Wat gehéiert zu enger „Beziehungskirche“? Wéi kann eis Kierch eng Kierch vun der Begéinung sinn oder ginn? Gott, Jesus Christus, d’Mënschen, déi zu dëser Gemeinschaft gehéieren, mir all, si Puzzledeeler vun der Kierch. Zesummen, andeem mir een op den anere lauschteren, solle mir eis op de Wee maachen zu enger méi lieweger Kierch. Wéi kann eng méi lieweg Kierch ausgesinn? Ass dat eng Kierch, déi méi no beim Liewe vun de Mënschen ass? Bäi der synodaler Demarche geet et net drëm, fir Dokumenter ze produzéieren, et geet drëm, een op den aneren ze lauschteren, an duerno an e respektvollt Gespréich ze kommen. Et geet drëm, Weeër ze sichen, fir eis Gemeinschafte lieweg ginn ze loossen, zesummen, ee mat dem aneren.

Am Laf vum Liewen huet jidderee villes erlieft, Saachen, déi d‘ Liewe beräichert hunn an och Saachen, déi d‘Liewe schwéier gemaach hunn. Alles däerf zur Sprooch kommen. Mee wichteg ass, dass mir een op den anere lauschteren. Well déi bescht Kommunikatioun fänkt mat Lauschteren un.

Ech soen éierlech, dass ech fir d‘éischt geduecht hunn, wéi ech héieren hunn, dass déi Demarche soll e spirituelle Charakter hunn: Aah, nees e Manöver, fir d’Leit roueg ze stellen, dass se näischt méi soen. Ech hunn awer an deene leschte Woche gemierkt, dass et wichteg ass, fir an d’Déift ze komme bäi enger Diskussioun, dass een se a Gott verankert, dass ee Rou sicht éier een ufänkt ze schwätzen. An der Rou léisst een eng Plaz fir den aneren a fir Gott. Dat brauche mir, wa mir nach un d’Zukunft vun der Gemeinschaft gleewen.

Mir all hunn d’Chance fir ze hëllefen, d’Weiche fir d’Zukunft vun der kierchlecher Gemeinschaft ze stellen. Gi mir op de Wee?

Am Advent, eng Zäit vun der Besënnung als Virbereedung op Chrëschtdag, soll eis Gemeinschaft eis besonnesch um Häerz leien. Wéi bereeden ech mech op d‘Gebuertsfest vum Jesus fir? Wat ass fir mech wichteg an dëser Zäit? Ass et just e Rennen em Äusserlechkeeten, oder kann de Wee zu Ënnerlechkeet an Déift eis grad an der Adventszäit beräicheren?

Herr, erwecke deine Kirche, und fange bei mir an.

Herr, baue deine Gemeinde, und fange bei mir an!

Um Wee fir eng méi lieweg Kierch? Zesumme mat Iech, och am Advent. Den Advent kéint dëst Joer den Ufank zu enger Kierch sinn, déi d’Liewe vun de Mënschen eescht hëlt, déi méi no bäi de Mënschen ass. Et läit un eis all!

Josiane Mirkes

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement