Chrëschtdag e Liicht an der Däischtert

Editorial aus dem Parbréif 1/23


Home GoBack Print Kontakt

„Das Volk, das in der Finsternis ging sah ein helles Licht.Über denen, die im Land des Todesschatten wohnten strahlte ein Licht auf.“ Jes 9,1

Dësen Text aus dem Jesaja, deen an der Chrëschtnuecht gelies gëtt, ass och haut nach aktuell.

Däischtert ass ganz present an eiser Zäit: Krich, Attentater, Klimakriis a Naturkatastrophen, Honger an Ongerechtegkeet. Vill Mënschen hunn Angscht ëm hier Existenz, hier Gesondheet, hier Zukunft

Wat bedeit déi gutt Noriicht vu Chrëschtdag an dëser däischterer Zäit? Wou ass déi traditionell Freed vu Chrëschtdag? Wou ass dee vu Gott versprachene Fridden? Vläicht fanne mer am Text aus dem Johannesevangelium deen op Chrëschtdag gelies gëtt eng Äntwert op ons Froen?

„Im Anfang war das Wort und das Wort war bei Gott und das Wort war Gott. Dieses war im Anfang bei Gott.

Alles ist durch das Wort geworden und ohne es wurde nichts, was geworden ist.In ihm war Leben und das Leben war das Licht der Menschen.

Und das Licht leuchtet in der Finsternis und die Finsternis hat es nicht erfasst.

Das wahre Licht, das jeden Menschen erleuchtet, kam in die Welt.“ Joh 1,1-5.9

Das Licht leuchtet in der Finsternis und die Finsternis hat es nicht erfasst... Chrëschtdag seet eis: Grad an der Däischtert vun der Nuecht ass e Kand gebuer, e Liicht ass an ons Welt komm. Gott ass bei ons komm.

Zënter der Nuecht vu Betlehem virun méi wéi 2000 Joer kréie mir dëst speziellt Liicht geschenkt, e Liicht dat och an der Däischtert do ass: Das Licht leuchtet in der Finsternis und die Finsternis hat es nicht erfasst.

Genau dat ass déi frou a gutt Noriicht fir ons Zäit: Dat Liicht scheit Däischtert net, et verblent ons net mee et begleet ons op onsem Wee. Och an de schwéiersten Stonnen vun onsem Liewen ass dat Liicht do a geet net aus. Mir musse just bereet sinn fir et ze erkennen an ons vun him féieren ze loossen.

Chrëschtdag ass e Fest vun der Hoffnung, wou net d’Däischtert dat läscht Wuert hunn, mä d’Liicht, dat Liicht, dat vun dem Kand aus der Krëpp kënnt. M ir all sinn invitéiert ons op de Wee ze maachen, bei dat Kand an der Krëpp, dat Liicht ze gesinn an ons opzehuelen, fir esou mat onsem Liewen d‘Welt e bëssen méi hell ze maachen.

Anise Metz

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement