Es geht nicht an, dass Gott Mensch wird und ...

Dezember 2015


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Es geht nicht an, dass Gott Mensch wird
und alles bleibt wie es ist. Es geht nicht an, dass Gott Mensch wird
und Kinder weinen noch immer.
Es geht nicht an, dass Gott Mensch wird
und kein Mensch lässt ihn ein. Es geht nicht an, dass Gott Mensch wird
und Menschen abseits stehen müssen.
Es geht nicht an, dass Gott Mensch wird
und kein Mensch wird anders. Es geht nicht an, dass Gott Mensch wird
und keinem Menschen geht ein Licht auf.
Es geht nicht an, dass Gott Mensch wird
und die Welt geht ihren Gang.
Werner Schaube


Dësen Text vum Werner Schaube ginn ech Iech, léif Leit, matt op de Wee fir d’Chrëschtzäit vun dësem Joer. Mir feieren d’Gebuertsfest vu Jesus Christus, den als Erléiser an eis Welt kënnt. Gott ass matt eis op eisem Wee als Chrëschten, Gott gëtt Mënsch, dat feiere mir Chrëschtdag, an duerch déi ganz Chrëschtzäit erduerch. Loosse mir dës Botschaft an eis Häerzer eran? Wéi eng Bedeitung huet si fir eis? Mir ginn an déi erfëllte Chrëschtzäit matt all hieren Offeren a Chancen, mee och matt all hiren Ooflenkungsméiglechkeeten an Erausfuerderungen. D’Hektik an d’Iwwerflächlechkeet kënne souguer och bäi eis gewannen. Ass Chrëschtdag an d’Chrëschtzäit d’Zäit vum Geld oder d’Zäit vum Häerz?

Mir kréien duerch de Jesus e Wee gewisen, e Wee den et sech lount ze goen, e Wee den e bëssi anescht ass, e Wee wech vun der Hektik an dem Stress, e Wee vun der Rou an der Kraaft zum Gudden. Verschidde vu menge Schüler hu mir gesot dëser Deeg, dass si déi eigentlech Botschaft vu Chrëschtdag, d’Gebuertsfest vu Jesus Christus, ë bëssi aus den Aan verluer hunn, dass fir si Chrëschtdag e Fest ass, wou si sech awer vill drop freeën, well dann hier ganz Famill zesummen ass an si an der Famill zesumme feieren. Ech woe mech ze froen, ob net genee dann, wa mir bescheiden a gebuergen an der Famill zesumme sinn, Gott bäi eis Mënsch ginn ass?

Vläicht lount et sech, driwwer nozedenken, wéini a wéi Gott ka Mënsch ginn an eiser Welt vun haut. Ech gesinn an deene villen
Angeboter vun dëser Zäit net nëmmen den Zwang vum Kommerz, ech gesinn och vill gudde Wëllen, fir als Mënschen een dem aneren eng Freed ze maachen, een dem aneren eppes Guddes ze doen.

Sécher si mir all gefuerdert fir ofzeweihen, wat mir als Freed an als dat Gutt ugesinn, wat mir verschenken a geschenkt kréien. Ech wënschen eis all, dass mir d’Bewosstsinn net verléieren, dass mir vill Guddes an eisem Liewen hunn, mee dass mir och oppen Aen behalen fir d’Nout an de Misère vun eis selwer a vun anere Mënschen op ville Platzen an der Welt.

Gott gëtt Mënsch, wa mir Freed a Leed erkennen an handelen. Gott gëtt Mënsch, wa mir an anere Mënsche Spuere vu Gott erkennen an hinnen eng Plaatz an eisem Liewe ginn. Gott gëtt Mënsch, wa mir un eis schaffen an déi Frou Noriicht an eisem Liewen lieweg gi loossen.

Ech wënschen eis all eng geseente Chrëschtzäit, dass mir de Segen vu Gott dankbar unhuëlen an en un aner Mënsche viruschenken.

Josiane Mirkes
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement