Ouschteren – Héichfest vun der Operstehung vu Christus vum Doud


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Mir feieren Ouschteren. Wat kann dat haut a besonnesch dëst Joer fir eis bedeiten?

Ouschteren ass dat Fest, dat eis un eis Wuerzelen erënnert. Dës Wuerzelen leien ganz déif an der Geschicht. An der Ouschternuechtfeier gëtt souzesoen de Basistext vun dëser Geschicht als Liesung gelies, d’Geschicht vum Auszuch vum Vollek Israel aus Ägypten. (Ex 14, 15 - 15, 1) D’Vollek Israel war an der Sklaverei a gëtt op de Wee geschéckt an d’Fräiheet. Dës Fräiheet gëtt et allerdéngs net ëmsoss. Virun hinnen steet eng laang an entbierungsräich Wanderung duerch d’Wüst mat all hiren Suergen, Problemer, Geforen an och Streidereien. An awer ass et wichteg, dass dëst Vollek sech op de Wee mécht. Well ouni déi laang Wanderung, ouni déi laang Sich kann et keen neien Ufank ginn.

D’Erléisung déi duerch Jesus Christus kënnt, geet duerch den Doud, duerch eng ganz schwéier Situatioun. Jesus Christus stierft, gëtt säi Liewen hin, fir dass mir kënnen a Fräiheet sinn, a Fräiheet vun all deem, wat eis gefaangen hält. Gefaangen si mir sou dacks an eise Strukturen vun Gewalt an Onfridden. Gefaangen si mir och an eisem egoisteschen Striewen no Afloss a Muecht, no Unerkennung a perséinlechem Wuelstand a Gléck.

Deemools an Egypten ass et dem Vollek Israel zum Deel gutt gaangen, well si liewe konnten an alles haten ausser Fräiheet an eegen Verantwortung. D’Fräiheet kascht si eppes: hir Gewunnechten an hir Sécherheeten.

Den Doud vum Jesus um Kräiz weist, dass all Sécherheeten a Gewunnechten ni kënnen an d’Fräiheet féieren. De Mënsch muss heiansdo ee radikalen Schnëtt am Liewe maachen. De Mënsch muss heiansdo duerch den Doud goen, fir erëm ze liewen.

Am Moment liewe mir als kierchlech Gemeinschaft esou ee Wee duerch d’Wüst, ee Wee un d’Kräiz, wou mir ugeklot ginn an aus eise Gewunnechten a Sécherheeten erausgeworf ginn. Wa mir awer als Kierch wëllen een neit Liewen kréien, da geet et och do net aneschters wéi duerch dës penibel Zäit vun der Wüst an dem Doud um Kräiz. Muenches wäert eis an
nächster Zäit extrem schwéier falen. Muenches wäert eis béis wéi dinn. Muenches wäert och ofstierwen. Awer ech hunn dat grousst Vertrauen, dass um Enn vum Wee och fir eis als Gemeinschaft d’Operstehung steet oder een neien Anzuch an dat „gelobte Land“, wéi et an der Bibel heescht. Op Villes musse mir verzichten. Vill Zerécksetzungen musse mir op eisem Wee duerchmaachen. Awer et wäert sech lounen.

Ech selwer schwätzen net gären vun Affer. Awer hei muss ech et emol sou soen: Mir mussen an nächster Zäit e puer Affer bréngen, fir eis Gemeinschaft erëm opzebauen. Mir musse lassloossen vun Sécherheeten a Gewinntem, fir eis fräi ze maachen fir eng nei Zäit vun eiser Gemeinschaft. Ouschteren ass fir mech dofir grad dëst Joer dat Fest, dat eis un eis wesentlechst Aufgab erënnert. Mir als Chrëschten, déi gleewen, mussen eis op de Wee maachen, an dat mam Jesus. A wéi hien musse mir och elo wärend enger Zäit eist Kräiz op d’Schëlleren huelen. Dat deet wéi. Mä et wäert sech sécherlech lounen. Ech gleewen drun. Ech si iwwerzeegt an och voller Hoffnung: Mir packen dat schonn mat der Hëllef vun eisem operstanen Här.

Carlo Morbach,
Paschtouer
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement