Wat fir eng Zukunft fir eis Duerfkierchen…?

Méindes, den 2. Oktober 2017 ëm 19:30 Auer an der Mompecher Kierch


Home Go Back Print Kontakt Parbüro

Op Grond vun de Mossnahme vun der Regierung iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat, op
Grond vun deene Konventiounen tëscht dem Innnenminister an dem Äerzbeschof iwwert
d’Kierchen a Kierchefabriken vum Januar 2015, vu datt elo deemnächst den entspriechende
Projet de Loi an der Chamber gestëmmt gi soll, no villen Diskussiounen , Hin an Hier mam
Innenministär a Bistum, no faire Verhandlungen an eisen Dierfer sinn d’Kierchen- a
Gemengeréit aus de Gemenge Mompech a Rouspert sech eens ginn, datt all eis Kultgebaier
op déi sougenaant “Lëscht 2“ vun deem Gesetzprojet stoe kommen.
Dat heescht d’Gemeng kritt d’Besëtzrechter, engagéiert sech awer och an d’Zukunft des
Kierchen a Kapellen der kathoulescher Gemeinschaft zur Verfügung stellen. Allerdings kéint
spéider d’Gemeng eventuell mat enger am Gesetz verankerter Prozedur déi Kierchen dem
Kult entwidmen. Fir datt awer an d’Zukunft trotzdem „in Reichweite“ Kierche fir de
Gottesdingscht opbleiwen, ass virgesinn eng „Lescht 3“ vu Kierchen am Gemengebesëtz
opzestellen. Do kritt och d’Gemeng d’Besëtzrechter, kann awer just nom Accord vum
Bistum des Kierch désacraliséieren, respektiv de „Fong“ kéint déi Kierche ggf. ofkafen, wann
d’Gemeng si net méi wéillt a si fir de Gottesdingscht erhale bleiwe sollen.
Bei eis ass et kloer, datt d’Wallfahrtskapell vun der Giischterklaus op des „Lëscht 3“ kennt.
Allerdings sollen och nach eng Kierch aus der Gemeng Rouspert an eng aus der Mompecher
Gemeng dëse méi gesëcherte Status kréien. Déi Décisioun well ech mat alle Bedeelegten
zesummen huelen.
Dofir invitéieren ech Kiercheréit, Gesangveräiner, Koschteren, Blummefraen an all
interesséiert Porleit op eng Versammelung
Méindes, den 2. Oktober 2017 ëm 19:30 Auer an der Mompecher Kierch.
Virdru feiere mir ëm 18:30 Auer do d’Hl. Mass fir de Kiermesméindeg.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement