Äddi Elke

Januar 2020


Home Back Print Kontakt

„Und plötzlich weißt du: Es ist Zeit, etwas Neues zu beginnen, und dem Zauber des Anfangs zu vertrauen.“ Meister Eckhart.
No sechs Joer an der Par Lënster a fënnef Joer zu Iechternach, zesumme mat der Grënnung vun der neier Par, heescht et fir mech Äddi soen. Ech hunn an dëser Zäit vill Leit kenne geléiert, Projeten lancéiert, Gruppe begleet a mat Iech alleguer Liewen a Glawe gedeelt.
Am Summer krut ech d’Ufro, fir als Animatrice spirituelle d’ACFL ze begleeden an am Conseil mat ze schaffen. A well Fraeprojeten a Feminismus mir en Uleies sinn, hunn ech dës Charge gären ugeholl. Schonns vum September un schaffen ech do an enger motivéierter an engagéierter Ekipp mat.
Am Juli ass d‘Plaz vun der Generalsekretärin bei Missio ausgeschriwwe ginn. Ech hu mech dunn decidéiert, mir mat dëser Demande e Wonsch z’erfëllen, dee mir et erlaabt, en Häerzensuleies ze verwierklechen, eppes wat mech a mengem perséinleche Benevolat laang schonns begleet: Mënschen a Nout z’ënnerstëtzen a mäi missionareschen Elan auszeliewen.
Ech freeë mech op d’Charge vun der Generalsekretärin, wou elo méi Organisatoresches a Verwaltungsaufgaben op mech duer kommen. Och do ass de Kontakt mat de Mënsche wichteg. Eng Erausfuerderung, där ech mech gäre stellen.
Elo bleift mir MERCI ze soen fir déi Erfarungen, Begéinungen a Relatiounen, déi ech hunn däerfen opbauen, an all Ënnerstëtzung, déi ech a schéinen an a schwéiere Momenter hunn däerfen erliewe – genee wéi äert Encouragement.
Mir bleift elo MERCI ze soen fir alles, wat ech hunn däerfen erliewen, léieren, an erfueren. Ech hoffen, datt mir eis op där enger oder anerer Plaz am Kader vu menger neier Missioun begéinen, a net aus den Aen verléieren.
„Je schöner und voller die Erinnerung, desto schwerer ist die Trennung. Aber die Dankbarkeit verwandelt die Erinnerung in eine stille Freude.“ Sou sot et eng Kéier den Dietrich Bonnhoeffer, e protestanteschen Theolog. An dësem Sënn freeën ech mech op déi „stille Freude“, wann ech mech un eis gemeinsam Zäit wäert erënneren.
Ech well w.e.gl. keng perséinlech Kaddoen. Wien e Geste wëll maachen, däerf gären de Projet „Spark“ Hilfe für alleinerziehende Mütter in Südafrika vu Kolping International ënnerstëtzen, mat der Mention „Abschied Elke Grün.“ maachen.

Elke Grün

Kolping International Cooperation e.V.
DKM Darlehenskasse Münster
IBAN: DE74 4006 0265 0001 3135 00 BIC: GENODEM1DKM
Projekt: Spark SH 0703 Abschied Elke Grün
Detailer zum Projet: https://www.kolping.de/presse-medien/news/news-archiv/news-details/news/suedafrika-hilfe-fuer-alleinerziehende-muetter/
oder beim Elke Grün nofroen


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement