« Gëllent Buch » vum Lënster Gesank


Home Back Print Kontakt

D’lescht Jar huet d‘Chorale Ste-Cécile vu Lënster hiren 100. Gebuertsdag gefeiert. Bei deer Geleeënheet huet sech en Aarbechtsgrupp zesumme gesat, dee sech dru ginn huet fir e „Gëllent Buch“ fir den Anniversaire erauszeginn. Dëst Wierk sollt de 27. Mäerz vum Generalvikar Patrick Muller virgestallt ginn, mee de Coronavirus huet den Organisateuren e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Mee dës Feier ka jo méi spéit nogeholl ginn, och wann et hir da vläicht u Spontanéitéit feelt.

D’Buch ass jiddenfalls fäerdeg, a vill Leit si scho glécklech Besëtzer vun deem Konschtwierk, dat bei allen, déi dra gebliedert oder geliest hunn, gutt ukomm ass.

Am Buch bléckt den Änder Sosson zréck op déi 100-järeg Geschicht vum Veräin, den Alex Langini beschreift d’Grafsteng aus der Lënster Kierch an de Francis Erasmy bréngt dem Lieser déi 114 Engelen aus der Kierch méi no. De René Link erzielt eis d’Liewe vum hl. Martin an den Denis Dimmer erzielt iwwer d’Handwierk vu Lënster am Laf vun de Jaren. De Luc Nilles stellt sech d’Fro: „Quo vadis Kierchechéier?“ D’Buch gëtt opgelockert duerch Serigrafie vum Jacques Schneider an de Patrick Colombo stellt seng Cantate vir. Dee leschten Deel vum Buch weist eis de Centenaire a Biller (Fotoe vum Pierre Haas).

D’Buch kann ee bestellen duerch eng Iwwerweisung vu 65 Euro op de Kont LU22 0099 7801 0029 1491 vun der Chorale Junglinster mam Vermierk „Livre d’Or“. Och kann een d’Gëllent Buch ganz einfach fir 65 € am Self-Service Delhaize zu Lënster an der Laangwiss kafen.

Denis Dimmer

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement