Date mat Gott

Eng kuerz Erklärung


Home GoBack Print Kontakt

Säit 5 Joer gëtt et an eiser Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord e Gebietsmoment fir déi Jugendlech. Date mat Gott, Dënschdes owes um 19.00 an der Basilika. Et ass net nëmmen en Date mat Gott, mee et ass och e Rendezvous wou Jonker sech treffen fir iwwer hire Glawen nozedenken, iwwer d’Liewen ze diskutéieren, aktuell Froen ze stellen an no Äntwerten ze sichen. Wat ass wichteg fir dass mäi Liewen geléngt? Fannen ech eng Stäip am Jesus sengen Iddien, am Härgott sengem Wuert? Wat bedeit de Grupp vu Frënn, déi mat mir um Wee sinn, fir mech ?

Eng Invitatioun fir all déi jonk Mënschen déi am Lycéesalter weider um Glawenswee bleiwe wëllen oder nom Glaawenswee sichen. Bass Du interesséiert?

De Grupp gëtt begleet vum Carlo Morbach, vum Luc Schreiner a vum Josiane Mirkes.
Komm einfach an der Schoulzäit dënschdes um 19.00 mol kucken. Du kanns och Kolleege vun Dir matbréngen.

Fir all weider Informatioune, mellt Dech bei engem vun der Pastoralekipp!

Josiane Mirkes
Dezember 2020

Links:

Jugendsäit
Main Date mat Gott

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement