
|
|
14. Sonndeg am Joereskrees A - 4./5.7.2026
14. Sonndeg am Joereskrees A - 4./5.7.2026
"Kommt alle zu mir, die ihr euch plagt und schwere Lasten zu tragen habt." Sou rifft de Jesus haut am Evangelium. Effektiv, wa mir ëm eis kucken, da gesi mir vill Mënschen, déi midd sinn, midd duerch all hier Aarbecht mä eben och midd duerch all déi Nout, déi hinne begéint. Et gëtt esou Villes, dat eis am Liewen nidder dréckt. Mënschen iwwerall allerdéngs wënschen sech Fridden a Gléck. Wéi kann dat geschéien an enger Welt, déi op esou ville Platze Krich weist? Froe mir eisen Här, dass hien eis seng Léift, säi Fridden a säin Erbaarme schenkt.
Här Jesus Christus, du bass de Kinnek vum Fridden. Här Jesus Christus, du bass de Brudder vun alle Mënschen. Här Jesus Christus, du hëllefs eis an all Nout.
Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, duerch d'Erniddregung vun dengem Jong um Kräiz hues du eis erëm opgeriicht a vun all Schold fräi gemaach. Erfëll eis mat Freed iwwer d'Erléisung a féier eis all an deng éiweg Séilegkeet. Dorëms biede Christus, eisen Här. Amen.
Dieu qui as relevé le monde par les abaissements de ton Fils, donne à tes fidèles une joie sainte; tu les as tirés de l'esclavage du péché; fais-leur connaître le bonheur impérissable. Par Jésus Christ.
Gott, du hast Himmel und Erde erschaffen. Wir preisen dich und danken dir, dass du uns nahegekommen bist in Jesus, deinem Sohn. Befreie uns von allem, was uns niederdrückt, und lass uns deine Barmherzigkeit und Güte erfahren. Darum bitten wir dich durch ihn, unsern Herrn.
Liesungen: Lesung: Sach 9, 9-10 / Röm 8,9.11-13 / Mt 11, 25-30
Lesung aus dem Buch Sachárja. So spricht der Herr: Juble laut, Tochter Zion! Jauchze, Tochter Jerusalem! Siehe, dein König kommt zu dir. Gerecht ist er und Rettung wurde ihm zuteil, demütig ist er und reitet auf einem Esel, ja, auf einem Esel, dem Jungen einer Eselin. Ausmerzen werde ich die Streitwagen aus Éfraim und die Rosse aus Jerusalem, ausgemerzt wird der Kriegsbogen. Er wird den Nationen Frieden verkünden; und seine Herrschaft reicht von Meer zu Meer und vom Strom bis an die Enden der Erde.
Kv: Ich will dich erheben, meinen Gott und König.
Ich will dich erheben, meinen
Gott und König, *
Der Herr ist gnädig
und barmherzig, *
Danken
sollen dir, Herr, all deine Werke, * von deiner Macht sollen sie sprechen. – (Kv)
Treu ist der Herr in
seinen Reden, *
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Schwestern und Brüder! Ihr seid nicht vom Fleisch, sondern vom Geist bestimmt, da ja der Geist Gottes in euch wohnt. Wer aber den Geist Christi nicht hat, der gehört nicht zu ihm. Wenn aber der Geist dessen in euch wohnt, der Jesus von den Toten auferweckt hat, dann wird er, der Christus von den Toten auferweckt hat, auch eure sterblichen Leiber lebendig machen, durch seinen Geist, der in euch wohnt. Wir sind also nicht dem Fleisch verpflichtet, Brüder und Schwestern, sodass wir nach dem Fleisch leben müssten. Denn wenn ihr nach dem Fleisch lebt, müsst ihr sterben; wenn ihr aber durch den Geist die sündigen Taten des Leibes tötet, werdet ihr leben.
Halleluja. Halleluja. Sei gepriesen, Vater, Herr des Himmels und der Erde; du hast die Geheimnisse des Reiches den Unmündigen offenbart. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit sprach Jesus: Ich preise dich, Vater, Herr des Himmels und der Erde, weil du das vor den Weisen und Klugen verborgen und es den Unmündigen offenbart hast. Ja, Vater, so hat es dir gefallen. Alles ist mir von meinem Vater übergeben worden; niemand kennt den Sohn, nur der Vater, und niemand kennt den Vater, nur der Sohn und der, dem es der Sohn offenbaren will. Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid! Ich will euch erquicken. Nehmt mein Joch auf euch und lernt von mir; denn ich bin gütig und von Herzen demütig; und ihr werdet Ruhe finden für eure Seele. Denn mein Joch ist sanft und meine Last ist leicht.
Lecture du livre du prophète Zacharie. Ainsi parle le Seigneur: «Exulte de toutes tes forces, fille de Sion! Pousse des cris de joie, fille de Jérusalem! Voici ton roi qui vient à toi: il est juste et victorieux, pauvre et monté sur un âne, un ânon, le petit d’une ânesse. Ce roi fera disparaître d’Éphraïm les chars de guerre, et de Jérusalem les chevaux de combat; il brisera l’arc de guerre, et il proclamera la paix aux nations. Sa domination s’étendra d’une mer à l’autre, et de l’Euphrate à l’autre bout du pays.»
R/ Mon Dieu, mon Roi, je bénirai ton nom toujours et à jamais!
Je
t’exalterai, mon Dieu, mon Roi;
Le
Seigneur est tendresse et pitié,
Que tes
œuvres, Seigneur, te rendent grâce
Le
Seigneur est vrai en tout ce qu’il dit,
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Frères, vous, vous n’êtes pas sous l’emprise de la chair, mais sous celle de l’Esprit, puisque l’Esprit de Dieu habite en vous. Celui qui n’a pas l’Esprit du Christ ne lui appartient pas. Mais si l’Esprit de celui qui a ressuscité Jésus d’entre les morts habite en vous, celui qui a ressuscité Jésus, le Christ, d’entre les morts donnera aussi la vie à vos corps mortels par son Esprit qui habite en vous. Ainsi donc, frères, nous avons une dette, mais elle n’est pas envers la chair pour devoir vivre selon la chair. Car si vous vivez selon la chair, vous allez mourir; mais si, par l’Esprit, vous tuez les agissements de l’homme pécheur, vous vivrez.
Alléluia. Alléluia. Tu es béni, Père, Seigneur du ciel et de la terre, tu as révélé aux tout-petits les mystères du Royaume! Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. En ce temps-là, Jésus prit la parole et dit: «Père, Seigneur du ciel et de la terre, je proclame ta louange: ce que tu as caché aux sages et aux savants, tu l’as révélé aux tout-petits. Oui, Père, tu l’as voulu ainsi dans ta bienveillance. Tout m’a été remis par mon Père; personne ne connaît le Fils, sinon le Père, et personne ne connaît le Père, sinon le Fils, et celui à qui le Fils veut le révéler. Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau, et moi, je vous procurerai le repos. Prenez sur vous mon joug, devenez mes disciples, car je suis doux et humble de cœur, et vous trouverez le repos pour votre âme. Oui, mon joug est facile à porter, et mon fardeau, léger.»
Priedegt
Eng héich interessant Liesung hu mir haut héieren. De Kinnek kënnt a reit op engem jonken Iesel an all Krichsween gi verschrott. Ee Bild vu Fridden, dee komme soll, gëtt eis hei gezeechent. An dann denken ech elo zeréck un eisen nationale Feierdag. An der neier Avenue war déi traditionell Militärparade. Mat Houfert ginn hei all méiglech Gefierer gewisen. Mir sinn eng kleng Natioun mat méi bescheidene Mëttel. An awer presentéiere mir eis op der Parade kämpferesch. An änlech ass dat jo a praktesch alle Länner uechter d'Welt. Natioune wëllen hier Gréisst weisen. Grad ebe mat Militär a Bereetschaft fir ze kämpfe wëllen si uginn.
Krich a Virbereedung op Kämpf sinn ëmmer nach een Haaptbestanddeel vun engem Staat. Dass een sech géint eventuell Ugrëff vu bausse muss verteidege kënnen, ass sécher richteg. Mä d'Fro stellt sech, op dat alles noutwendeg muss sinn. Wann all Länner op hiert Militär an op hier Waffe géife verzichten, da bréicht ee keng Angscht ze hunn, dass een en anere géif ugräifen. All Uschafung a Presentatioun vu Waffe wier domat hifälleg. Ass et nëmmen eng Utopie, fir dovun ze dreemen?
De Sacharja zeechent ee Bild vun engem Herrscher, deen absolutt gerecht a friddlech ass. Et ass een Herrscher, deen net an de Krich zéit. Deen neien Herrscher ass ee Mënsch, deen de Fridde gär huet. Dat Wuert gerecht (zadik) an der hebräescher Sprooch bezeechent deejéinegen, deen a sengem Handele gerued ass. Den Herrscher ass onparteiesch an trëtt a fir d'Saach vun deenen, déi benodeelegt ginn. De Kinnek oder Herrscher ass dann och éierlech an anstänneg.[1] (Dat gebrauchte Wuert "gerecht" kann allerdéngs och heeschen, dass de Kinnek dee rechtméissegen Herrscher ass.[2])
Des Charakteriséierunge vun engem gudden Herrscher loossen oplauschteren. D'Fro kënnt engem an de Sënn, wien dann haut an eiser Zäit esou ee gerechten Herrscher ass a wien eben net. D'Liesung ass mat senger Visioun deemools wéi haut ee Kontrast zu enger Géigewaart, déi vu Krich bestëmmt ass. Wa mir Noriichten héieren, gesinn oder liesen, da sinn des dominéiert vu Krich an Nout. Mënschen iwwerall wënschen sech eng Zäit vu Fridden a Gerechtegkeet. Awer deen echte Fridden, dat gëtt hei kloer gestalt, kann net vu weltlechen Herrscher kommen. Ze vill ass dee weltleche Fridde just op Muecht a Gewalt, eben op militäresch Stäerkt an op performant Waffen opgebaut. An alle politesche Riede gëtt genee déi Dimensioun ëmmer nees ervir bruecht. Mir musse Waffen hunn, fir eis ze schützen a fir eventuell Géigner ofzeschrécken. Dat Spill funktionéiert zënter, dass Mënschen sech a Gruppen zesummen dinn.
Dem Sacharja säi Bild vun engem Kinnek oder Herrscher steet all deem entgéint. De Kinnek weess ëm d'Nout vun de Leit. Mä hie wëll déi awer mat Solidaritéit a mat Ënnerstëtzung léisen. Dëse Kinnek ass net een, deen a senger selbstherrlecher Muecht ugëtt, mä een, dee ganz damiddeg ass. Dofir och dat schéint Bild, dass hien net op eng héije Päerd dohi reit mä op engem klenge Iesel.
Jidderee kann sech dann haut froen, wéi sech d'Herrscher vun eiser Zäit ginn. D'Urteel fält warscheinlech a ville Fäll zimmlech negativ aus. Mä et geet wuel hei och net nëmmen ëm d'Herrscher un sech. Et geet och ëm eis all. Wéi gi mir eis? Wéi triede mir op? Et geet eben net duer mam Fanger op déi, déi herrschen, ze weisen. Et muss een sech selwer wuel méi wéi eng Kéier mat der eegener Nues huelen.
De Vers 10 aus eiser Liesung schwätzt vun der Vernichtung vun all Krichsmaterial. Sécher ass dat fir eis haut een Hiweis, fir eventuell och op militärescht Krichsmaterial ze verzichten. Mä et ass och eng Opfuerderung fir am perséinleche Beräich d'Waffen nidder ze leeën an op all Iwwerhieflechkeet an Arroganz anere vis-à-vis ze verzichten. Och déi perséinlech Kricher tëschent Mënsche solle bäi geluecht ginn.
Friede ist möglich[3]
Auf ein Wort, ihr Christen:
Herr, gib uns den Mut zur Antwort.
Friede konkret:
Den ersten Platz nicht begehren.
Herr, gib uns den Mut zur Antwort.
[1] Vgl. Paul L. Redditt, Sacharja 9-14, IEKAT, Kohlhammer Verlag Stuttgart 2014, S. 47. [2] Vgl. ebd. [3] Text vum Kurtmartin Magiera, in: Barbara Palm-Scheidgen, Dass Friede werde unter uns. Friedensgebete und -gottesdienste, Verlag Friedrich Pustet, Regensburg 2019, S. 102f.
Fürbitten
Loosse mir zu Jesus Christus bieden, deen en Häerz fir d'Nout an d'Suerge vun de Mënschen huet:
- Fir all, déi ënnert der Laascht vun hirem Liewe leiden an dorun ze zerbriechen dreeën: ëm Zouversiicht a Liewensmutt. Christus, héier eis.
- Fir all Volleksgruppen a Vëlker, déi zerstridde sinn: ëm Fridden a Versönung. Christus, héier eis.
- Fir all, déi sech fir Fridden, Versönung a Gerechtegkeet asetzen: ëm Kraaft an Aus-dauer. Christus, héier eis.
- Fir all, déi traueren: ëm Hëllef an Trouscht an hirem Leed. Christus, héier eis.
- Fir all eis Verstuerwen: ëm Gebuergenheet a Liewen an denger Léift. Christus, héier eis.
Well du, Här, bass gutt. Du schenks eis Rou a Gebuergenheet bäi dir. Dofir soe mir Merci elo an an all Éiwegkeet. Amen.
II
«Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau», nous invite Jésus. Et prenons dans notre prière tous nos frères et sœurs qui cherchent aussi un lieu de réconfort. Fais-nous voir ta bonté, Seigneur. – Prions pour les personnes qui s’engagent au service de leurs concitoyens et concitoyennes; qu’elles respectent leur dignité et leur liberté, à la manière de Jésus. – Prions pour les disciples de Jésus qui forment l’Église partout dans le monde; qu’ils portent le message de la bonté de Dieu, à la manière de Jésus. – Prions pour les personnes qui souffrent dans leur corps ou dans leur cœur; qu’elles soient soutenues par leurs proches et mettent leur confiance en Dieu, à la manière de Jésus. – Prions pour notre communauté, habitée par l’Esprit; qu’elle témoigne de l’amour de Dieu pour les humbles et les pauvres, à la manière de Jésus. Oui, Seigneur, nous le croyons, il n’y a de véritable repos qu’en toi. C’est pourquoi notre espérance est ferme et nous proclamons ta louange. Garde-nous dans la confiance et la paix. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils bien-aimé. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Härgott, zu denger Éier feiere mir dës Eucharistie. Si soll eis fräi maache vun allem Béisen an eis hëllefen, Dag fir Dag dat neit Liewen, dat mir vun dir geschenkt kritt hunn, siichtbar ze maachen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Unser Gott, wir haben den Tisch bereitet für die Feier des heiligen Mahles. Du selbst machst uns fähig, diese Feier würdig zu begehen durch Christus, unsern Herrn.
Puissions-nous être purifiés, Seigneur, par l'offrande qui t'est consacrée: qu'elle nous conduise, jour après jour, au Royaume où nous vivrons avec toi. Par Jésus.
Hochgebet – „Jesus, der Befreier“
Präfation
aus seiner Heimat fortzuziehen in das Land deiner Verheißung.
Du hast immer wieder Zeichen der Befreiung
gesetzt
Als Erlöste und Befreite wollen wir mit allen Menschen guten
Willens
Sanctus
So bitten wir dich jetzt, guter Gott:
Denn am Abend vor seinem Leiden
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum,
NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens
Um diesen Geist bitten wir für unsere
Kirche,
Um diesen Geist bitten wir für unsere Welt,
Wir legen dir auch die Geschichte all derer in die Hand,
Guter Gott, rufe uns immer neu auf den Weg,
Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott,
allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
An der Nofolleg vum Jesus lieft kee fir sech eleng. An der Gemeinschaft vun de Frënn vum Jesus soll et normal sinn, een Ae fir d'Schwëster oder de Brudder ze hunn an si oder hien erëm mat allem Respekt op de gudde Wee ze begleeden. Biede mir zesummen zu eisem Papp, dass wierklech säi Wëlle soll geschéien an eiser Welt. Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
Fridde kann nëmmen do entstoen, wou mir eis Verantwortung géigeniwwer vun eise Matmënschen iwwerhuelen. Datt dat eis awer esou munches ofverlaangt, ass jidderengem kloer. Dofir biede mir: Här Jesus Christus looss eis ëmmer nees wéi gutt Bridder a Schwëstere sinn a schenk eis dofir däi grousse Fridden.
Schlussgebiet
Härgott, du hues eis mat räiche Gowe beschenkt. Looss eis ëmmer erëm Merci soe fir all dat Gutt an eisem Liewen, wat mir geschenkt kréien, a looss eis all eng Kéier béi dir doheem sinn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Gott der Barmherzigkeit und Liebe, wir haben das Gedächtnis des Leidens und der Auferstehung Christi gefeiert und das heilige Sakrament empfangen. Was uns dein Sohn in unergründlicher Liebe geschenkt hat, das werde uns nicht zum Gericht, sondern helfe uns zum ewigen Heil, durch ihn, Christus, unsern Herrn.
Comblés d'un si grand bien, nous te supplions, Seigneur: fais que nous en retirions des fruits pour notre salut, et que jamais nous ne cessions de chanter ta louange. Par Jésus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



