
|
|
18. Sonndeg am Joereskrees A - 1./2.8.2026
18. Sonndeg am Joereskrees A - 1./2.8.2026
Am Evangelium lauschtere mir haut d'Erzielung vun der wonnerbarer Multiplikatioun vum Brout. Honger no Brout, also no Liewensmëttel haten an hu Mënschen ëmmer. Awer genee esou hunn si Honger no Léift a Gebuergenheet, no Ënnerstëtzung an Hëllef. Echt Wonner, kann nëmme Gott wierken, oder? Mä och mir kënne kleng Wonner wierken, wa mir dat, wat mir geschenkt kritt hunn, net einfach nëmme fir eis halen, mä et deelen. An do läit dann och dem Jesus säin Optrag un eis all. Loosse mir eis an eisem Häerz ureegen, fir ëmmer nees selwer duerch d'Deele kleng Wonner an eiser Welt ze wierken. Froe mir zesummen d’Erbaarme vu Christus un.
- Här Jesus Christus, du waars net nëmmen ee Mënsch vum gudde Wuert, Mä och vun der Dot aus der Léift eraus. - Här Jesus Christus, mir stellen dir déi vilfälteg Nout vun eiser Zäit virun Aen. - Här Jesus Christus, mir froen dech ëm d'Verzeien, do wou mir net bereet waren ze deelen.
Dagesgebiet
Härgott, du hues eis erschafen an du leets eist Liewen. Du bass eis ëmmer no. Dag fir Dag léis du eis deng Léift spieren. Erneier eis Gemeinschaft mat dir, erhal si duerch Jesus Christus, eisen Här, déi Jong, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert elo an an all Éiwegkeet. Amen.
Assiste tes enfants, Seigneur, et montre à ceux qui t'implorent ton inépuisable bonté; c'est leur fierté de t'avoir pour Créateur et Providence: restaure pour eux ta création, et l'ayant renouvelé, protège-la. Par Jésus Christ.
Herr, unser Gott, Jesus Christus, dein Sohn ist das Brot für das Leben der Welt, unsere Hoffnung auf ein Leben in Frieden und Sicherheit. Wir bitten dich: wecke in uns die Liebe, mit unserer kleinen Kraft für einander da zu sein und Gemeinde aufzubauen. Darum bitten wir durch Christus unseren Herrn.
Gott, du lädst alle Durstigen ein: kommt zum Wasser! Die ihr kein Geld habt, kommt, kauft Getreide und esst, kommt und kauft ohne Geld und ohne Bezahlung Wein und Milch! - Lass uns aus dieser Verheißung miteinander und füreinander leben und so deine Welt gemäß deiner Schöpfung gestalten. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unsern Bruder und Herrn, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und wirkt in alle Ewigkeit. Amen.
Texter: Lesung: Jes 55, 1-3 / Röm 8,35.37-39 Evangelium: Mt 14, 13-21
Lesung aus dem Buch Jesája. So spricht der Herr: Auf, alle Durstigen, kommt zum Wasser! Die ihr kein Geld habt, kommt, kauft Getreide und esst, kommt und kauft ohne Geld und ohne Bezahlung Wein und Milch! Warum bezahlt ihr mit Geld, was euch nicht nährt, und mit dem Lohn eurer Mühen, was euch nicht satt macht? Hört auf mich, dann bekommt ihr das Beste zu essen und könnt euch laben an fetten Speisen! Neigt euer Ohr und kommt zu mir, hört und ihr werdet aufleben! Ich schließe mit euch einen ewigen Bund: Die Erweise der Huld für David sind beständig.
Kv.: Herr, du tust deine Hand auf und sättigst alles, was lebt, mit Wohlgefallen.
Der Herr ist
gnädig und barmherzig, *
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Schwestern und Brüder! Was kann uns scheiden von der Liebe Christi? Bedrängnis oder Not oder Verfolgung, Hunger oder Kälte, Gefahr oder Schwert? Doch in alldem tragen wir einen glänzenden Sieg davon durch den, der uns geliebt hat. Denn ich bin gewiss: Weder Tod noch Leben, weder Engel noch Mächte, weder Gegenwärtiges noch Zukünftiges noch Gewalten, weder Höhe oder Tiefe noch irgendeine andere Kreatur können uns scheiden von der Liebe Gottes, die in Christus Jesus ist, unserem Herrn.
Halleluja. Halleluja. Nicht nur vom Brot lebt der Mensch, sondern von jedem Wort aus Gottes Mund. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Als Jesus das hörte, zog er sich allein von dort mit dem Boot in eine einsame Gegend zurück. Aber die Volksscharen hörten davon und folgten ihm zu Fuß aus den Städten nach. Als er ausstieg, sah er die vielen Menschen und hatte Mitleid mit ihnen und heilte ihre Kranken. Als es Abend wurde, kamen die Jünger zu ihm und sagten: Der Ort ist abgelegen und es ist schon spät geworden. Schick die Leute weg, damit sie in die Dörfer gehen und sich etwas zu essen kaufen! Jesus aber antwortete: Sie brauchen nicht wegzugehen. Gebt ihr ihnen zu essen! Sie sagten zu ihm: Wir haben nur fünf Brote und zwei Fische hier. Er antwortete: Bringt sie mir her! Dann ordnete er an, die Leute sollten sich ins Gras setzen. Und er nahm die fünf Brote und die zwei Fische, blickte zum Himmel auf, sprach den Lobpreis, brach die Brote und gab sie den Jüngern; die Jünger aber gaben sie den Leuten und alle aßen und wurden satt. Und sie sammelten die übrig gebliebenen Brotstücke ein, zwölf Körbe voll. Es waren etwa fünftausend Männer, die gegessen hatten, dazu noch Frauen und Kinder.
Lecture du livre du prophète Isaïe. Vous tous qui avez soif, venez, voici de l’eau! Même si vous n’avez pas d’argent, venez acheter et consommer, venez acheter du vin et du lait sans argent, sans rien payer. Pourquoi dépenser votre argent pour ce qui ne nourrit pas, vous fatiguer pour ce qui ne rassasie pas ? Écoutez-moi bien, et vous mangerez de bonnes choses, vous vous régalerez de viandes savoureuses ! Prêtez l’oreille ! Venez à moi ! Écoutez, et vous vivrez. Je m’engagerai envers vous par une alliance éternelle : ce sont les bienfaits garantis à David.
R.: Tu ouvres ta main, Seigneur: nous voici rassasiés.
Le
Seigneur est tendresse et pitié,
Les
yeux sur toi, tous, ils espèrent :
Le
Seigneur est juste en toutes ses voies,
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains Frères, qui pourra nous séparer de l’amour du Christ? la détresse? l’angoisse? la persécution? la faim? le dénuement? le danger? le glaive? Mais, en tout cela nous sommes les grands vainqueurs grâce à celui qui nous a aimés. J’en ai la certitude: ni la mort ni la vie, ni les anges ni les Principautés célestes, ni le présent ni l’avenir, ni les Puissances, ni les hauteurs, ni les abîmes, ni aucune autre créature, rien ne pourra nous séparer de l’amour de Dieu qui est dans le Christ Jésus notre Seigneur.
Alléluia. Alléluia. L’homme ne vit pas seulement de pain, mais de toute parole qui sort de la bouche de Dieu. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Quand Jésus apprit cela, il se retira et partit en barque pour un endroit désert, à l’écart. Les foules l’apprirent et, quittant leurs villes, elles suivirent à pied. En débarquant, il vit une grande foule de gens ; il fut saisi de compassion envers eux et guérit leurs malades. Le soir venu, les disciples s’approchèrent et lui dirent: «L’endroit est désert et l’heure est déjà avancée. Renvoie donc la foule : qu’ils aillent dans les villages s’acheter de la nourriture!» Mais Jésus leur dit: «Ils n’ont pas besoin de s’en aller. Donnez-leur vous-mêmes à manger.» Alors ils lui disent: «Nous n’avons là que cinq pains et deux poissons.» Jésus dit: «Apportez-les moi.» Puis, ordonnant à la foule de s’asseoir sur l’herbe, il prit les cinq pains et les deux poissons, et, levant les yeux au ciel, il prononça la bénédiction ; il rompit les pains, il les donna aux disciples, et les disciples les donnèrent à la foule. Ils mangèrent tous et ils furent rassasiés. On ramassa les morceaux qui restaient: cela faisait douze paniers pleins. Ceux qui avaient mangé étaient environ cinq mille, sans compter les femmes et les enfants.
Priedegt
Den Antoine de Saint Exupery erzielt, dass hien an der Wüst spadséiere gaangen ass. Do ass hien engem Meedche begéint, dat voller Tréine war. Hien huet versicht a sengen Aen ze liesen, schreift hien. De Misär, deen hien do gesinn huet, huet hie geblent. Hie sot sech: Wann ech et ofleenen, Här, de Misär kennen ze léieren, da leenen ech een Deel vun der Welt of an hu mäi Wierk net ofgeschloss. Et geet net drëm, dass ech mech vun deene groussen Ziler of wenden, awer et gëllt, elo dëst klengt Meedchen ze tréischten. Well nëmmen da gëtt et gutt an der Welt. Och dat klengt Meedchen ass ee Bild vun der Welt.
Des Geschicht vum Saint-Exupery weist, dass hei eppes Wesentleches fir d'Liewen erkannt ass an nach ee Gespier dofir besteet. Wann den Dichter et hei ofgeleent hätt, de Misär vun deem klenge Mënsch do ze gesinn an e wouer ze huelen, hätt hien sech och engem Deel vun der Welt verweigert an domat net dat gemaach, wat hien eigentlech misst. Suergen an Nout, déi een als onwichteg kéint ugesinn, gëtt et net. Si dierfen ni iwwersi ginn.
Grad vun dëse Situatioune schwätzen d'Erzielungen an den Evangelien ëmmer erëm. De Jesus ass ville Mënschen an Nout an am Misär begéint an all Kéiers heescht et, dass hie Matleed mat hinnen hat. Sou hu mir et och haut héieren: "Als er ausstieg, sah er die vielen Menschen und hatte Mitleid mit ihnen."
Vill Leit, déi de Jesus héieren hunn, ware wuel ganz frou iwwer dat, wat hie gesot huet. Awer ganz vill hunn net onbedéngt säin eigentlecht Uleies verstanen, och d'Apostelen net. Si hunn hei an der Nout eng Léisung: "Schick die Leute weg ..." Si sollen sech selwer drëm këmmeren, dass si eppes fir z'iessen hunn. D'Apostelen deelen d'Liewen an zwee Beräicher op: hei op der enger Säit d'Räich vu Gott an do dann dat alldeeglecht Liewen, hei dee reliéise Beräich an do dee weltlechen. Et muss fir si schéin ausenaner gehale ginn.
An elo meng Fro un eis: Wéi denke mir? Maache mir dat net och ëmmer nees esou? D'Räich vu Gott, dee reliéise Beräich ass dat eent. Dee soll sech ganz propper aus dem Alldag eraus halen. Relioun a Frëmmegkeet sinn absolutt privat an hunn näischt mat dem ëffentleche Liewe vun der Gesellschaft ze dinn. Mä huet de Jesus dat esou gesinn an esou gewollt? Ganz däitlech ass dat net de Fall.
"Gebt ihr ihnen zu essen!", seet hien haut. D'Uweisung ass kloer. Do gëtt et näischt drun ze deiten a falsch ze verstoen. Gitt all dëse Mënschen eppes fir z'iessen. Maacht iech op an hëlleft hinnen. Setzt iech an. Dat ass d'Basis. Et ass de Kär vun der Priedegt an dem Optrag vum Jesus. Deelen ass säin Optrag.
Mir kucken natierlech dacks nëmme just op dat materiellt Wonner, dass do op emol esou vill Brout soll gewiescht sinn. Dorëms geet et net. Et geet ëm d'Wouer-Huele vun der Nout an dann ëm d'Deele vun deem, wat grad do ass. Am Laf vun der Geschicht hunn ëmmer nees Mënschen no deem Wee gehandelt. Dat ass och fir eis haut de Wee. Chrëschtentum, Nofolleg vum Jesus, Räich vu Gott ass ni einfach nëmme Frëmmegkeet oder spirituellt Erliewen. Et ass dat konkret Deele vum Liewe mat allem, wat dozou gehéiert. Dozou si mir vum Jesus opgeruff. Dohin ziilt seng Priedegt.
"Gebt ihr ihnen zu essen!" Ass deemno ganz eescht gemengt. Si, d'Apostelen, d'Gemeinschaft, eis Kierch mir sollen also och haut ufänken dat Räich vum Härgott entstoen ze loossen duerch eisen Asaz. Dat geschitt d'Wonner, wa mir eis dru setzen esou eis Welt ze verwandelen a besser ze maachen.
Fürbitten
De Skandal an eiser Welt ass extrem grouss: Honger vu ville Mënschen, Verfollgung wéinst dem Glawen, Egoismus, Krich an Ënnerdréckung, keng Gerechtegkeet, kee Fridden, keng Léift. Ruffe mir an der Nout vun eiser Zäit zu Gott:
* Mir biede fir all eis chrëschtlech Bridder a Schwësteren an der Welt, déi net fräi dierfen hire Glawe liewen, ëm Gerechtegkeet. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all déi Mënschen an der Welt, déi net genuch hu fir hiert Liewen, dass si an hirer Nout gehollef kréien an endlech eng gerecht Verdeelung vun de Gidder fir d'Liewe geschitt. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all déi, déi an der Politik an an der Wirtschaft täteg sinn, dass si d'Nout vun deene Villen gesinn a mat Éierlechkeet dru schaffen, fir dës Nout ofzebauen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all eis krank an eeler Matmënschen, dass si an hirer Suerg ëm hiert Liewe Léift an Hëllef erfueren. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all eis verstuerwe Bridder a Schwësteren, dass si bäi dir gebuerge sinn. Härgott, héier eis.
Gott, eise gudde Papp, däi Jong huet eis Léift a Fridden, Gerechtegkeet an Hëllef virgelieft. Looss elo och eis esou handele wéi hien. Dech luewe mir an all Éiwegkeet. Amen.
II.
«Donnez-leur vous-mêmes à manger», demande Jésus à tous ceux et celles qui se réclament de l’Évangile. En réponse à son appel, présentons au Seigneur les besoins des gens qui, partout sur la planète, veulent vivre plus humainement, plus dignement. Écoute-nous, Dieu très bon. – Au nom de l’Église qui souffre au Moyen-Orient et ailleurs dans le monde, prions le Seigneur. – Au nom des personnes qui ont perdu des proches en raison de la pandémie, prions le Seigneur. – Au nom des personnes qui n’ont pas de quoi vivre dignement et aider leurs enfants à grandir, prions le Seigneur. – Au nom des malades, des prisonniers, des chômeurs qui se sentent abandonnés par leur entourage, prions le Seigneur. – Au nom des communautés chrétiennes qui craignent de voir leur église fermer et de perdre leurs racines, prions le Seigneur. Dieu notre Père, toi qui nous nourri de ton pain et de ta parole, soutiens nos efforts pour que se déploie partout dans le monde la Bonne Nouvelle de ton salut. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, lui qui règne pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Baarmhäerzege Gott, helleg dës Gowen. Huel dëst Affer un, dat dir am Hellege Geescht duerbruecht gëtt, a maach eis selwer zu enger Gof, déi dir fir ëmmer gehéiert. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Dans ta bonté, Seigneur, sanctifie ces dons; accepte le sacrifice spirituel de cette eucharistie, et fais de nous-mêmes une éternelle offrande à ta gloire. Par Jésus.
Guter
Gott, Jesus hat seinen Jüngern damals gesagt: Gebt ihr ihnen zu
essen! Sende deinen Segen über sie, damit sie für alle zur Nahrung werden. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn und Bruder. Amen.
Präfation – „Das Reich als Geschenk Gottes“
In Wahrheit
ist es würdig und recht,
Sanctus
Hochgebet - „Wir stehen mit geöffneten Händen vor dir“
Nach
dem Sanctus fährt der Priester fort:
Wir bitten
dich darum:
Denn am Abend vor seinem Leiden
nahm er das Brot, brach es,
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er nach dem Mahle den
Kelch,
NEHMET UND
TRINKET ALLE DARAUS,
Geheimnis
des Glaubens:
So feiern
wir, Gott, das Gedächtnis deines Sohnes.
V/A: Der
Herr hat, ...
Vater, schau auf alle
Menschen,
V/A: Der
Herr hat, ...
Wir bitten
dich besonders für unseren Papst Franziskus,
V/A: Der
Herr hat, ...
Schenke unseren Verstorbenen
deine Nähe,
Mit all
deinen Heiligen – der Mutter Jesu, dem treuen Josef,
Durch ihn und mit ihm und in ihm
ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
Quelle unbekannt
Vaterunser
Biede mir an deem Gebiet, wat Christus eis geléiert huet, ëm dat deeglecht Brout fir all Mënsch an dëser Welt: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
Eisen Här Jesus schenkt eis am Brout vun der Eucharistie dat, wat mir am Liewe brauchen: seng grouss Léift. Dës Léift sollen och mir weider ginn un all Schwësteren a Bridder. Dofir biede mir: Här Jesus Christus kuck op eis a schenk eis an alle Mënsche Fridden a Gerechtegkeet.
Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, an deenen hellege Gowen empfänke mir nei Kraaft. Bleif béi eis an aller Gefor an entzéi eis ni deng Hëllef, fir datt mir de Wee zu dir fannen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen.
Nous avons communié, Seigneur, au sacrement divin, mémorial à jamais de la passion de ton fils; nous t'en prions: fais servir à notre salut le don que lui-même nous a légué dans son amour inexprimable. Lui qui vit et règne pour les siècles des siècles.
Guter und wunderbarer Gott, wir haben gehört, dass alle aßen und satt wurden. Wir haben dieses ermutigende Wort gehört und Jesu Mal miteinander gefeiert. Lass uns so gestärkt in unseren Alltag zurückkehren und zu Zeugen deiner Liebe und Nähe werden. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn und Bruder. Amen.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



