Ouschteren 2021, Opersteeung?
E Gedanken, dee mir nach eppes seet?

Editorial aus dem Parbréif 3/2021


Home GoBack Print Kontakt

Matten an der Faaschtenzäit schreiwen ech dëse Message fir Iech an déi kommend Ouschterzäit. Ech muss soen, et fält mir dëst Joer méi schwéier wéi soss. Mir si schonns säit engem Joer an enger Aart Faaschtenzäit, wou e klengen, awer geféierleche Virus eis eis Grenze gewisen huet. Eis sozial Kontakter sinn ageschränkt, mir si fir d’Sécherheet vun deenen aneren a vun eis u Reegelen an un Moossnamen vun Hygiène gebonnen, a mir denke „wehmüteg“ un eis Fräiheet zeréck a verlaangeren dono.

An dës Zäit, wou mir, wéi an der Faaschtenzäit vun eiser chrëschtlecher Gemeinschaft, all Dag un e bewosst Liewen erënnert ginn, an dës Zäit eran annoncéiert sech d’Botschaft vun der Opersteeung. Opersteeung vu wat a vu wiem? Et kéint an eisen Oueren wéi eng Aart Trotz vis-à-vis vum Doud kléngen, oder wéi e verzweiwelten Hëllefsruff, dass den Doud dach net dat lescht Wuert soll hunn. Oder ass d’Opersteeung tatsächlech eng richteg a freedeg Hoffnung an dëser däischterer Zäit, an der mir gäre vergiessen, dass mir et iergendwéi dach gutt hunn, dass et lo un eis ass, fir mol Gedold ze hunn. Da kënnt Liicht um Enn vum Tunnel. Ech weess net firwat, mee ech muss grad dëst Joer un d’Lidd aus dem Magnificat denken, wou et heescht:

Preis dem Todesüberwinder, der da starb auf Golgota,

Dem Erlöser aller Sünder, Preis ihm und Halleluja!

Lasst des Bundes Harfe klingen, lasst von Herzen froh uns singen:

Halleluja! Jesus lebt, Jesus lebt, Jesus lebt! Halleluja! Jesus lebt.

Fir dass mir kënne vun Opersteeung schwätzen, musse mir fir d’éischt den Doud eescht huelen. Mir musse wouer huelen, dass e Mënsch gestuerwen ass. Iwweregens kënnen och Iddie stierwen oder musse begruewe ginn. Jo, Stierwen a Begruewe ginn ass mat Schmäerz verbonnen, heiansdo souguer mat richteger Verzweiwlung. Et ass net einfach auszehalen. Mee vum Gefill hier, musse mir fir d’éischt do derduerch, éier mir kënnen no Opersteeung ruffen an op si hoffen. De Jesus ass säi ganze Kräizwee gaangen. Hien huet Leiden a Stierwen op sech geholl. Déi Mënsche ronderëm hien hunn déi ganz Tragik aushale missen, si sinn iergendwéi matgaangen, ob si wollten oder net. Nom Doud um Kräiz gouf de Jesus an d’Graf geluecht. Um Ouschtermoien war d’Graf eidel. Ech kann net erklären, wéi dat gaangen ass. Ech versichen awer dat Bild, déi Iddie ze deiten an eiser Zäit. De Jesus huet sech net aspäre gelooss an e Graf. Et war net eriwwer domat. Hien huet iwwer d’Graf eraus weidergelieft, an dat méi wéi 2000 Joer schonn. Nach ëmmer erënneren sech d’Leit un d’Persoun vu Jesus Christus an si orientéieren sech u senger Botschaft. Opersteeung ass fir mech eng Form vu Weiderliewen, eng aner Form vu Liewen, am Häerz, an de Gedanken, an de Mënschen a mat de Mënschen. D’Opersteeung gëtt mir d’Méiglechkeet, fir iwwert mech eraus ze kucken, mäin Horizont ze erweideren, mir méi Offenheet ze ginn fir mäi Liewen, mäi Schaffen, fir mir Raum ze ginn an ze schafen.

Dëst si Gedanken, déi mech trotz alle Limitten hoffe loossen, déi mir Kraaft ginn, net nëmmen u mech ze denken, mech net aspären ze loossen a menge Gedanken a Gefiller. Et gëtt mir d’Fräiheet fir anere Mënsche Raum ze loossen an si souguer an de Mëttelpunkt ze stellen. Grat och an eiser kierchlecher Gemeinschaft kéinten dës Gedanken an Iddien eis weiderbréngen. De Jesus lieft iwwer d’Graf eraus, hie konnt net agespaart ginn, deemools net an haut net. Och an eiser Zäit lieft hien net nëmmen an den Tabernakele vun de Kierchen, mee an all Wuert vu Gott, an all Wuert, wat mir a Guttheet een dem aneren zoukomme loossen. Hie lieft do, wou mir een den anere respektéieren, a Léift zesumme sinn, Gedanken a Gefiller eescht huelen an eis hinne stellen. De Jesus huet sech net am Graf festhale gelooss. Och mir sollen net an de Griewer vum Liewe leie bleiwen, mee mat him zesummen opstoen, jo, operstoen, an eist Liewen an eis Gemeinschaft nei gestalten.

Uns vom Tode zu befreien, sank er in des Grabes Nacht;

Unser Leben zu erneuen, steht er auf durch Gottes Macht.

Tod, du bist im Sieg verschlungen, und das Leben ist errungen.

Halleluja! ...

Ouschteren schenkt Gott eis a senger Kreativitéit nei Méiglechkeeten. Entdecke mer si, schaffen a schafe mer domat! Dëst wënsche mir Iech alleguer!
Am Numm vun der Pastoralekipp

Josiane Mirkes

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement