Der Jude Jesus und die Zukunft des Christentums

Zum Riss zwischen Dogma und Bibel. Ein Lösungsvorschlag


Home GoBack Print Kontakt

Dat zweet Buch, dat ech Iech hei virstellen, ass schonn an enger éischter Oplag 2019 erschéngen. Säi Wäert ass awer och elo nach ganz grouss an et lount sech dësen Essay ze studéieren. Iergendwéi schléisst et gutt an d’Buch vum Thomas Hieke an Konrad Huber un.
Wann do vu falschen Interpretatiounen vun eiser Bibel referéiert gëtt, sou ass an dem Buch vum Norbert Reck eng änlech Richtung ze erkennen. Déi grondleeënd Fro ass, wisou de chrëschtleche Glawen sech a Westeuropa ëmmer méi schwéier erziele léist a wisou och ëmmer méi Mënschen dem Chrëschtentum de Réck kéieren. (S. 7) A 7 Kapitelen versicht den Auteur dëser Fro op d’Spuer ze kommen. An eiser Relioun, sou gesäit et den Norbert Reck, gouf et vill „Autoritäres, Judenfeindliches, Fetischistisches“ (S. 12). Dat gëllt et haut opzebriechen. Wuel och ee falsche Wonnerglawen dréit haut säint derzou bäi, dass vill Leit eis Relioun net méi kënnen eescht huelen. Den Norbert Reck schreift: „So entsteht durch das Festhalten an den ’übernatürlichen Glaubenstatsachen’ eine fetischhafte Art des Glaubens an die äußere Oberfläche der Geschichte, an ihre Form - unter weitgehender Verdunstung ihres Inhalts.“ (S. 95)
Mä och um Niveau vun der Theologie läit munches kromm. Wéi ass d’Dogmatik an deene leschte Joerhonnerten mat der Bibel ëmgaangen? Ganz dacks gouf d’Bibel quasi als Steebroch benotzt, wou een eenzel Sätz erausgebrach huet fir eng dogmatesch Léier ze stëtzen bzw. ze verwerfen. Grad am 19. Joerhonnert gouf et an der kathoulescher Kierch an deem Punkt eng extreem Engféierung, déi bis haut nach Nowierkungen an der Theologie huet. Ganz besonnesch tragesch ass de Bléck op de Jesus. Hie gouf net méi als ee Mënsch gesinn, deen an der jüddescher Relioun opgewuess ass an deen och ganz am Denken vun senger Relioun bliwwen ass.
Wann ech schonn nëmmen de Verweis op deen ominéisen Jesuitepater an Theolog Joseph Kleutgen huelen, gëtt et mir ënnerlech extreem weech. Haut schwätze mir iwwer sexuellen Mëssbrauch, iwwer spirituelle Mëssbrauch, iwwer Muechtmëssbrauch. All dat huet deen Typ um „Kerbholz“. (Vgl. heizou: Hubert Wolf, Die Nonnen von Sant’ Ambrogio: Eine wahre Geschichte, C.H.Beck Verlag) An deen ass iwwer ganz laang Zäit als dee groussen Erneierer vun der kathoulescher Theologie behandelt ginn. Säi Muechtmëssbrauch, säi spirituelle Mëssbrauch iwwer ganz Generatiounen vun Kiercheleit a Peepst ass onheemlech a pervers. En Anengen vum theologeschen Denken an esou engem exorbitante Mooss gouf et virdrun net. Dat ass zudéifst erschreckend. A grad och wat de Jesus a senger jüddescher Identitéit betrëfft, sinn esou Leit zum Deel wéinstens mat Schold un de Verbriechen un de Judden am Zweete Weltkrich. „Die Erwähnung der jüdischen Identität Jesu hätte eine Theologie nach Kleutgens Art intellektuell unmöglich gemacht. Deshalb wurde diese Identität nicht nur ignoriert, sondern musste beschwiegen werden.“ (S. 81) Genee do läit ganz sécher ee wichtege Punkt vun eiser Kris, déi den Auteur wëll opzeechnen.
Mir hunn an der Theologie Villes ganz einfach an eng extreem Enkt gefouert. Mir hunn et a kuerze Froen am Katchëssem agefruer. Dobäi ass grad d’Bibel extreem villschichteg. Vill ganz ënnerschiddlech Stëmmen sinn do eraus ze héieren. Am 6. Kapitel vum Buch weist den Norbert Reck dat u konkrete Beispiller no. „Man kann mit einigem Recht behaupten, dass es gerade diese Vielstimmigkeit ist, in der die Heiligkeit der Bibel zum Tragen kommt; denn nur sie engt Gott nicht auf wenige Begriffe ein.“ (S. 123) Een neie Bléck op de Jesus als Judd, een neien Ëmgang mat de Schrëften vun eiser Bibel, een neien Ëmgang och tëschent Judden a Chrëschten a Villes méi wier dem Auteur no héich noutwenneg.
Ech sinn alt erëm zimmlech opgewullt nodeems ech dëst Buch gelies hunn. Net dass et mech gestéiert huet, an och net, dass et a mengen Aen falsch Saache seet. Neen, dëst Buch schwätzt mir aus déifster Séil. Munches ass wuel kontrovers ze diskutéieren. Munch Positiounen si vläicht och eesäiteg a méiglecherweis falsch. Ech kann net alles beurteelen. Dofir sinn ech net Expert genuch. Villes allerdéngs mécht et mech nodenklech.

Carlo Morbach


Norbert Reck Der Jude Jesus und die Zukunft des Christentums
Zum Riss zwischen Dogma und Bibel. Ein Lösungsvorschlag
Matthias Grünewald Verlag 2020, 189 Seiten, 22,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement