Katholische Wegbereiter des Nationalsozialismus


Home GoBack Print Kontakt

Mat grousser Spannung hat ech op dëst Buch gewaart. De Kurt Flasch, ee Frënd vum Iechternacher Kierchenhistoriker Victor Conzemius (Anm. 29, S. 89), huet hei een héich interessanten Essay iwwer eng dach ganz däischter Zäit vun der Verstréckung vu munche kathouleschen Protagonisten an den Nationalsozialismus geschriwwen. Drop gewaart hat ech, well am Titel den Numm Joseph Lortz fält. De Lortz ass ee Lëtzebuerger Geeschtlechen, deen zu Gréiwemaacher gebuer an och do begruewen ass. Bekannt ass hien fir seng duerchaus fundamental Studien an der Kierchegeschicht. Allerdéngs ass och seng Verstréckung an d’NAZI-Ideologie duerchaus eng bekannte Saach. Mä hei am Kurt Flasch sengem Buch gëtt si an ee ganzen Kontext vu kathoulesche Leit eragesat, déi sech kengesfalls onschëlleg dësem fatalen Regime ugepasst a mat hire Schrëften ënnermauert hunn.

An enger laanger Aleedung vun 53 Säiten stellt de Kurt Flasch detailléiert de Kontext vir an deem déi dräi Protagonisten vun sengem Essay navigéiert hunn. Zu Münster gouf et ab 1933 eng Schrëfte-Rei déi den Titel gedroen huet „Reich und Kirche“. Hei sinn eng ganz Rëtsch äusserst dubios Pamphleten erschéngen, déi alleguer versicht hunn den Nationalsozialismus an d’kathoulesch Kierch mat enaner ze verbannen. Eng ganz Rei vun deelweis héich geléierten Leit zielt den Flasch op, déi als Virriedner vun sengen Haaptprotagonisten ugetruede sinn. Et kann een sech nëmmen schudderen, wat deemools des Leit geschriwwen an a Rieden oder Virliesungen gesot hunn. Ee vun dëse Virriedner ass de Jurist Carl Schmitt, ee gudde Bekannten vum Joseph Lortz, wéi aus den Ausféierungen vum Kurt Flasch ervir geet. (S. 91) Awer och de Franz von Papen gehéiert an des Rei vu Virriedner. Si waren a sinn net onschëlleg.

No dëser laanger Aleedung, déi ee ganz gudde Bléck an d’Geschicht vun dëser tragescher Zäit mécht, geet de Flasch dann iwwer zu deenen dräi bedeitenden Universitéitsprofesseren, déi jiddereen opschlossräich Texter hannerlooss hunn, déi hier Verstréckung an den Nationalsozialismus opweisen. Deen éischten deen hei opgezielt gëtt ass dee bekannten Müncherner Dogmatiker Michael Schmaus. Et ass zudéifst erschreckend, wéi sou ee Mann, deen dach awer munches misst wëssen, sech kann erof loossen a behaapten, dass d’Kierch an den Nationalsozialismus déi selwecht Intentiounen hätten. Dat gemeinsaamt Feindbild vereenegt si, sou kéint een et op een Nenner bréngen. (S. 77)

Wat mech awer elo am meeschten ugereegt huet dëst Buch ze liesen, dat ass eben de Lëtzebuerger Joseph Lortz (1887-1975) a seng Roll an dëser Geschicht. De Lortz war vum 1. Mee 1933 un Member an der NSDAP. Hien huet seng Cotisatioun bis de Juli 1944 bezuelt, och wann hien 1945 behaapt huet, hie wier schonn Ufank 1937 ausgetrueden. Et ass ee ganz trauregt Kapitel, wann ee bedenkt, dass et ee Lëtzebuerger Geeschtlechen war, deen dee Wee gaangen ass. Gott huet laut dem Lortz den Hitler geschéckt als Retter. (S. 92) Et ass onheemlech erschreckend, wat dëse Mann deemools vun sech ginn huet, wéi verblennt an onmoosseg domm hie war. Hien setzt den Hitler an d’Peepst op eng Stuf am Kampf géint déi sougenannten gemeinsam Feinden. „Hitler und die Päpste hassen gemeinsam‚ alle Auswüchse, die der individualistische Liberalismus mit dem Wesen der Freiheit verwechselt’.“ (S. 97) Dat si scho ganz schéi krass Aussoen. Ech ka mech nëmmen wonneren, wéi verblennt dëse Mann war an och nach nom Krich nëmme ganz schwaach zouginn huet, dass hien hei total enger falscher Ideologie nogaangen ass an si mat senge Schrëften ënnerstëtzt huet. Een drëtten Ënnerstëtzer vum Hitler benennt den Kurt Flasch an deem grouss bekannten Josef Pieper. Wéi een dëse Mann bezeechne soll, ass schwiereg. Wann ech dem Flasch gleewe kann, dann ass hien als Philosophe zimmlech schwammeg a schwaach. Seng Analysen an der Philosophie sinn net besonnesch déif a vu kengem extra grousse Wäert. Dat wëll a kann ech perséinlech net beurteelen. De Pieper huet allefalls bäi Katholiken, déi net sou richteg woussten, wéi si sollten denken, fir den Hitler Propaganda gemaach. (S. 127) De Flasch urteelt iwwer dem Pieper säin Asaz fir den Hitler an d’NAZIën: „Es sah nach Rückkehr zur feudalen und klerikalen Welt aus. ... Es war der klerikal-faschistische Ersatz für die Revolution.“ (S. 129)

Ech kann nëmme roden dëst Buch ze liesen. Et mécht och d’Aen op fir esou munch falsch Meenungen haut. Mir sinn haut net fräi fir eis manipuléieren an uschmieren ze loossen vun esou dichtegen Intellektuellen. De Flasch schwätzt an sengen Reflexiounen um Schluss vun „intellektuellen Verbrechen“. (S. 160) „Der Vorgang behält etwas Rätselhaftes. Vielleicht war der Teufel am Werk.“ (S. 167) Den Essay vum Kurt Flasch léist mech zeréck mat engem déiwen Erschrecken, jo mat engem groussen Degoût vis-à-vis vun dëse Leit, déi bis haut duerchaus héich geéiert sinn an déi ni agesinn hunn, dass si Feeler gemaach hunn.

Carlo Morbach


Kurt Flasch: Katholische Wegbereiter des Nationalsozialismus. Michael Schmaus, Joseph Lortz, Josef Pieper
Vittorio Klostermann Verlag, Frankfurt 2021, 192 Seiten, 24,80 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement